Guillaume Farel

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Guillaume Farel

De Guillaume Farel, gebuer 1489 zu Gap am Dauphiné, a gestuerwen den 13. September 1565 zu Neuchâtel an der Schwäiz, war e franséische Reformator, deen an der franséischsproocheger Schwäiz gewierkt huet. Hien ass ë. a. als Virgänger vum Jean Calvin ze betruechten.

Liewen a Wierk[änneren | Quelltext änneren]

Während senger Studienzäit zu Paräis huet sech de Guillaume Farel, ënner dem Afloss vum Jacques Lefèvre d'Étaples, ganz staark fir d'Evangelien, also fir déi eigentlech Quelle vum chrëschtleche Glawen intresséiert. 1521 ass e vum Bëschof Guillaume Briçonnet, engem moderéierten Unhänger vun de Reformgedanken, op Meaux bei Paräis beruff ginn, wou e sech dann dem sougenannte "Cénacle de Meaux" ugeschloss huet. Well en awer 1523 vu Meaux verdriwwe gouf, ass de Farel d'éischt op Stroosbuerg, an dunn, der Rei no, op Zürich, Bern a schliisslech Basel gaangen.

Zu Basel konnt de Guillaume Farel sech am Ufank zwar mat sengen Iddien duerchsetzen, mä seng Géigner hunn duerchgesat kritt, datt hien d'Stad sollt verloossen. De Farel huet seng reformatoresch Aktivitéiten dunn zu Montbéliard (tëscht Besançon a Mulhouse), zu Aigle (am haitege Kanton Vaud) an am ganze Raum dotëscht, also an der Romandie ausgeübt. Sou sinn d'Uertschafte Morat/Murten, Grandson a besonnesch Neuchâtel, mat hirem jeeweilegen Ëmland, fir d'Reformatioun gewonne ginn. Zu Orbe konnt de Farel de jonke Pierre Viret bekéieren, dee säi beschte Schüler gouf.

1533 konnt de Guillaume Farel zu Genf Fouss faassen an d'Autoritéiten sou iwwerzeegen, datt de Conseil vun der Stad am August 1535 decidéiert huet, d'reforméiert Léier z'iwwerhuelen. Dat Joer duerno konnt de Farel de Jean Calvin, deen op der Duerchrees war, dozou iwwerrieden, zu Genf ze bleiwen. De Calvin huet du mam Farel zesummen deem säi Wierk fortgesat an no an no Genf zu enger Héichbuerg vum Protestantismus gemaach. 1538, awer, si béid Reformatoren, wéinst hirem Rigorismus, vun de Genfer ausgewise ginn. De Calvin konnt kuerz duerno erëmkommen, awer de Farel huet sech zu Neuchâtel niddergelooss. Säi reformatoreschen Äifer war sou grouss, datt en och do, mat Momenter, Schwieregkeete mat der Bevëlkerung hat. Hien huet nach eng Rei vu Missiounsreesen a Frankräich ënnerholl ier en dunn zu Neuchâtel gestuerwen ass.

Vum Guillaume Farel sinn nëmme Schrëfte bekannt, déi bei iergend enger Geleeënheet verfaasst goufen, deemno ouni grouss theologesch Bedeitung. De Farel war an der Haaptsaach ee Mann vum Mëndlechen, vun der Priedegt mat gliddegem Äifer.

Souwuel zu Genf wéi zu Neuchâtel erënnere Statuen un de Reformator Guillaume Farel.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Olivier Fatio, Farel, Guillaume ; in: Theologische Realenzyklopädie , 11 (1983); Ss. 30-36 (mat bibliogr. Referenzen).