Julianesche Kalenner

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Julianesche Kalenner war vum Julius Caesar agefouert ginn a war a munnechen Deeler vun der Welt bis wäit an d'20. Joerhonnert gëlteg. Am kierchleche Beräich ass hien deelweis haut nach aktuell. Hie gëtt haut an der Wëssenschaft réckwierkend och nach fir d'Jore virum Julius Cäsar gebraucht. Am 16. Joerhonnert gouf hien duerch de Gregorianesche Kalenner ofgeléist.

Julius Caesar

De Julianesche Kalenner däerf net mat dem Julianeschen Datum verwiesselt ginn. z. B.: Den 1. Januar 2000 12:00 Auer TDT entsprécht dem Julianeschen Datum 2451545,0.

Prinzipien[änneren | Quelltext änneren]

Den ale Réimesche Kalenner war e griichesche Moundkalenner, dee vun de Réimer iwwerholl gouf. Dëse gouf jee no Bedarf an onregelméissegen Ofstänn un d'Sonnejoer ugepasst. Dat huet zu grousse Schwieregkeete gefouert, sou datt de Julius Caesar en neie Kalenner vum egypteschen Astronom Sosigenes maache gelooss huet. Den Ustouss dozou huet de Sonnekalenner geliwwert, deen den Caesar 48 v. Chr. an Egypten wahrscheinlech duerch den Acoreus méi no kenne geléiert hat. Dësen neien, méi spéit zu sengen Éieren „julianesch“ genannte Kalenner ass am Joer 46 v. Chr. a Kraaft getrueden. Hie bestoung aus 12 Méint mat jee 30 oder 31 Deeg (wéi haut nach), déi d'Bezeechnungen aus dem réimesche Kalenner virleefeg behalen hunn.

Eenzeg dat onkloert Joer 46 v. Chr. gouf op 15 Méint (445 Deeg) verlängert, fir den neie Kalenner mat dem Sonnestand ze synchroniséieren. Am ale réimesche Kalenner gouf an de Schaltjoeren de Februar op 23 Deeg verkierzt an e Schaltmount agesat. Dësen Zäitpunkt vu Schaltung huet den Caesar bäigehalen, sou datt all véiert Joer (Schaltjoer) de 24. Februar (ante diem sextum kalendas martias d. h. sechsten Dag virun de Kalende vum Mäerz) verduebelt gouf, dat heescht, et gouf een neie 24. Dag (ante diem bis sextum calendas martias d. h. zweete sechsten Dag virun de Kalende vum Mäerz) agesat.

De bis elo 24. gouf zum 25. Februar (ante diem sextum kalendas martias d. h. sechsten Dag virun de Kalende vum Mäerz). Awer déi Regel gouf nom Doud vum Cäsar vum Pontifex falsch ugewennt. Et gouf schonn all dräi Joer e Schaltjoer ageluecht.

Dat éischt Schaltjoer war 45 v. Chr., duerno all dräi Joer bis d'Joer 9 v. Chr. Déi Schaltjoren déi doduerch zevill goufen, goufe vum Keeser Augustus korrigéiert, andeems eréischt am Joer 8 n. Chr erëm e Schaltjoer agesat an de Véierelsjoerzyklus agefouert gouf.

Nummännerunge vun de Méint[änneren | Quelltext änneren]

Am Joer 44 v. Chr. gouf de Quintilis (am Ufank de „fënnefte Mount“, zanter 153 v. Chr. de siwenten) dem Julius Caesar zu Éieren an Julius ëmgedeeft (Lex Antonia de mense Quintili („iwwer de Mount Quintilis“) vum Konsul Marcus Antonius)). Spéider gouf de Sextilis (am Ufank de „sechste Mount“, zanter 153 v. Chr. den aachten) zu Éiere vum Keeser Augustus no dësem genannt. Ob gläichzäiteg den August vun 30 op 31 Deeg verlängert ginn ass, fir datt kee benodeelegt (Juli an August) wier, ass ëmstridden

Eng aner Theorie, déi méi wahrscheinlech ass, seet datt d'Réimer déi Méint mat 31 Deeg als Glécksméint, an déi Méint mat 30 Deeg als Onglécksméint ugesinn hunn. Well den Augustus awer net wollt hunn datt säin, no him genannte Mount en Onglécksmount soll sinn, huet hien dem Februar säin 29. Dag geholl.

Well elo awer dräi Méint hannerenee mat 31 Deeg do waren, huet hien Deeg vu September mat Oktober vertosch an och vun November mat Dezember. Awer och aner Méint goufen no réimeschen Herscher genannt. Keng vun dësen Ännerungen huet hiren Doud iwwerlieft. De Caligula hat de September [siwente Mount] Germanicus genannt. De Nero hat den Aprilis [véierte Mount] Neroneus ëmgedeeft, de Maius [fënnefte Mount] Claudius an de Iunius [Juni] Germanicus; den Domitian huet de September Germanicus an den Oktober [aachte Mount] Domitianus genannt. De September gouf och an Antoninus an Tacticus ëmgedeeft, de November [Néngte Mount] krut den Numm Faustina a Romanus.De Commodus war an dëser Hisiicht eenzegaarteg, datt hien all zwielef Méint no sengen ugehollenen Nimm genannt huet (Januar bis Dezember): Amazonius, Invictus, Felix, Pius, Lucius, Aelius, Aurelius, Commodus, Augustus, Herculeus, Romanus an Exsuperatorius. Méi bestänneg wéi déi réimesch Nimm fir d'Méint nom Augustus waren d'Nimm déi de Karl de Groussen agefouert huet..

Hien huet gréisstendeels all d'Méint no landwirtschaftleche Begrëffer (alhéichdäitsch) ëmbenannt. Dës goufe bis an dat 15. Jhdt. a mat klenge Verännerunge bis an dat 18. Jhdt. gebraucht. (Januar bis Dezember):

An der Tabell: Alhéichdäitsch, Däitsch, Lëtzebuergesch, Al Lëtzebuergesch

De julianesche Kalenner un sech war am ganze réimesche Räich unerkannt, d'Joresufäng goufen zwar vu Regioun zu Regioun anescht applizéiert. De Joresufank war an Egypten den 29. August, zu Konstantinopel a méi spéit och a Russland den 1. September, am westleche Mëttelmier meeschtens de 25. Dezember, an an anere Länner nach op aneren Deeg. Eréischt vum 13. Joerhonnert un huet sech den 1. Januar am Weste méi oder wéineger duerchgesat, den Osten huet méi spéit nogezunn.

Joreszielung[änneren | Quelltext änneren]

Och d'Joreszielung war a verschiddenen Deeler vum réimesche Räich anescht; am Weste gouf meeschtens guer net duerchgezielt, mä d'Jore goufen no den zwee jeeweils fir e Joer regéirende Konsule genannt. Donieft gouf och d'Zielung "vun der Grënnung Roum" a méi spéit d'diokletianesch Ära benotzt. Am Oste war d'Seleukidesch Epoch aktuell, déi 312 v. Chr. als Joer 1 gezielt hunn. Spéider huet sech am Westen déi bis haut modern chrëschtlech Zäitrechnung duerchgesat. Am Oste war nach laang déi Zäitrechnung "zanter der Welterschaffung" am Gebrauch; déi gouf vun de Byzantiner op d'Joer 5500 v. Chr. ugesat.

Gregorianesch Reform[änneren | Quelltext änneren]

D'julianescht Joer ass géintiwwer dem Sonnejoer ëm 11 Minutten a 14 Sekonnen ze laang. Dëst féiert zu enger zouhuelenden Ofwäichung vum Sonnelaf, déi am 14. Joerhonnert scho méi wéi siwen Deeg bedroen huet. Dofir huet de Poopst Gregor XIII. am Joer 1582 de Gregorianesche Kalenner mat verbesserte Schaltregelen agefouert. Hien huet bestëmmt, datt op de 4. Oktober 1582 (julianesch) direkt de 15. Oktober 1582 (gregorianesch) nokomm ass, womat 10 Deeg iwwersprong goufen. Well den neie Kalenner vum Poopst agefouert gouf, gouf hien am Ufank nëmme vun de réimesch-kathoulesche Staate benotzt. Déi meescht protestantesch Staaten hunn de Julianesche Kalenner bis an d'18. Joerhonnert bäigehalen (wat virun allem a konfessionell gemëschte Regiounen zu engem Kalennerchaos gefouert huet).< !-- Russland huet de Gregorianesche Kalenner eréischt no der Grënnung vun der Sowjetunioun am 20. Joerhonnert akzeptéiert. -- >

Den Ouschterdatum an déi aner beweglech Fester ginn an allen orthodoxe Kierchen (ausser der finnescher) nom julianesche Fréijoersufank an no enger aler Moundformel berechent; si falen dofir nëmme geleeëntlech mat de westleche Kierchen zesummen, meeschtens sinn si 1 Woch oder ongeféier 1 Mount méi spéit.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]