Russland

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Flag Russia template.svg Dëse Geographiesartikel zu Russland ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.


Российская Федерация
Rossiyskaya Federatsiya

Russesche Fändel

Russescht Wopen

Detailer

Detailer
Location Russia.svg
Offiziell Sprooch: Russesch
Haaptstad: Moskau
Staatsform: Semipresidentiell Federal Republik
 • President: Wladimir Putin
 • Premierminister: Dmitri Medwedew
Fläch: 17 098 242 [1] km² (1.)
Bevëlkerung: 142 499 000 [2]
 • Bevëlkerungsdicht: 8/km²
Onofhängegkeet: 12. Juni 1990 (deklaréiert)
26. Dezember 1991 (Zesummebroch vun der Sowjetunioun)
Nationalfeierdag: 12. Juni
Nationalhymn: Hymn vun der Russescher Federatioun
(Lauschteren)
Währung: Rubel (RUB)
Zäitzon: UTC +2 bis +12
Internet TLD: .ru
Internationalen
Telefonsprefix
:
+7

Russland (russ. Россия) oder Russesch Federatioun (russ. Российская Федерация) ass eng Federatiounsrepublik an Ost-Europa an Asien.

Et ass de flächeméisseg gréisste Staat vun der Äerd. Säin Territoire ëmfaasst grouss Deeler vun Osteuropa an Nordasien. Den alen ostslaweschen Numm fir d'Gebitt vun der haiteger Ukrain, Wäissrussland an dee vu Slawe bewunnten Deel vum europäesche Russland war Rus (cf. Kiewer Rus), deen dovun ofgeleete mëttelalterleche laténgeschen Numm war Ruthenia, a latiniséierter slawescher Versioun Russia (zanter dem fréien 18. Joerhonnert Rossija).

Wiertlech iwwersat bedeit Rossijskaja Federazija‚ "Russlännesch Federatioun" (vu Rossija‚ "Russland"). D'Staatsbezeechnung ass ganz bewosst net Russkaja Federazija, fir och déi net-russesch Ethnien anzebezéien. Wa vum russesche Vollek oder der russeschsproocheger Kultur Rieds ass, dat seet een dofir am Russesche russkij (m)/russkaja (f)/russkoje (n) ("russesch"). Mä wann de Staat Russland gemengt ass, gebraucht een d'Adjektiv rossijskij (m)/rossijskaja (f)/rossijskoje (n).

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Haaptartikel: Geschicht vu Russland

Déi fréiste Geschicht vum eigentlechen, europäesche Russland (fir d'Geschicht vum asiateschen Deel, cf. Geschicht vu Sibirien) ass am Norde markéiert vu finno-ugresche Vëlker a Balten, an am Süde vun den indogermanesche Steppvëlker vum Kurganvollek, de Kimmerier, Skythen, Sarmaten an Alanen; méi spéit koumen hei nach Griichen, Goten, Hunnen an Awaren dobäi. An der Mëtt, tëscht dem Dnjepr an dem Bug, huet d'Ethnogenese vun de slawesche Vëlker stattfonnt, déi zanter dem 6. Joerhonnert ugefaangen hunn, sech och no Norden an Osten auszebreeden.

Zanter dem 8. Joerhonnert si schwedesch Wikinger iwwer déi osteuropäesch Flëss gefuer, hu Stied a Siidlunge gegrënnt a sech mat der slawescher Virbevëlkerung vermëscht. Dës Zaldote-Geschäftsleit, déi och nach Waräger oder Rus genannt goufen, ware staark op der Grënnung vum éischten ostslawesche Staat bedeelegt, der "Kiewer Rus", mat Zentren zu Kiew an Nowgorod. Am südleche Steppegebitt an op der Wolga waren dogéint Räicher vun aus Asien agestréimten Turkvëlker, de Chasaren an de Wolgabulgaren, entstanen, mat deenen d'Rus Handel gedriwwen, mä och dacks Kricher gefouert huet. Intensiv Kontakter mat dem Byzantinesche Räich hu schliisslech 988 zur orthodoxer Christianiséirung vun der Kiewer Rus gefouert.

Geschicht vum russesche Räich

Am 12. Joerhonnert huet d'Kiewer Rus ugefaangen ze zerfalen, wat et de Mongolen ënner dem Dschingis Khan, déi vun 1223 un agefall sinn, méi einfach gemaach huet, fir déi zerstridde russesch Fürstentümer z'ënnerwerfen. D'Gëllen Hord huet sou fir zwee Joerhonnerten e groussen Deel vu Russland beherrscht. Ënner der mongolescher Herrschaft huet sech déi russesch ("groussrussesch") Natioun erausgebilt. D'Groussfürstentum Moskau konnt sech schliisslech vun der mongolescher Friemherrschaft befreien, an de Groussfürst Iwan IV., dee Schrecklechen, huet sech 1547 zum éischten "Zar vun der ganzer Rus" kréine gelooss. Ënner senger Herrschaft huet och d'Eruewerung vu Sibirien ugefaangen, déi russesch Kosake fir d'éischt am 17. Joerhonnert bis un de Pazifik bruecht huet.

Ugaangs vum 18. Joerhonnert huet den Zar Péiter de Groussen dat deelweis a mëttelalterleche Strukture festgefuere russescht Räich fir westeuropäesch Aflëss opgemaach a Wëssenschaft a Kultur ënnerstëtzt. D'Zarin Katharina déi Grouss ass dem Péiter säi Wee weidergaangen an huet eng konsequent Expansiounspolitik bedriwwen, an där hirem Laf si d'Schwaarzmierküst vun den Tierken eruewert (cf. Tierkekricher) a sech un den Deelunge vu Pole bedeelegt huet. 1812 sinn dem Napoleon seng Truppen a Russland agefall an hu Moskau eruewert, ier se schlussendlech awer nach geschloe goufen. Geschwënn drop ass den Zar Alexander I. als "Retter vun Europa" zu Paräis amarschéiert. Russland war dunn déi gréisst Muecht an Europa an huet e gëllent Zäitalter erlieft.

Europäeschen Deel vu Russland (1888)

Zanter 1825 gouf et am onzefriddene Vollek a bäi der Intelligenzija ëmmer erëm Onrouen an Attentater (cf. Dekabristen), mä et huet bis an d'1860er Jore gedauert, bis datt et wéinstens emol zur Ophiewung vun der Leifeegeschaft koum. Trotz senger grousser Industrieproduktioun (Stol, Kuel, Ueleg, Militärgidder) ass Russland géintiwwer de westeuropäesche Groussmächten ëmmer méi hannendrageroden. D'Industrialiséirung ass nach net an déi ländlech Provënze vum Riseräich virgedronge gewiescht, gréisstendeels huet d'Infrastruktur komplett gefeelt, d'Aarbechter an d'Baueren hate mat grousser Aarmut ze kämpfen an d'Demokratiséirung war nach wäit ewech. Dat alles huet grouss Problemer bereet, wat d'Zareräich fir d'éischt am Krimkrich an dunn 1905 bäi der Nidderlag géint Japan ganz grausam virun Ae gefouert krut. Allerdéngs war den Zar Nikolaj II. anscheinend onfäeg, aus dëse Feeler ze léieren, a wichteg Reforme sinn ausbliwwen. En hat zwar noutgedrongen e Parlament geneemegt, d'Duma, mä déi hat praktesch guer keng Funktiounen, an en huet se kuerz drop souguer erëm opgeléist.

Wéi 1914 den Éischte Weltkrich ausgebrach ass, huet eng nei patriotesch Well dat ganzt Land erfaasst. Déi Erfolleger, déi ugaangs virun allem géint Éisträich-Ungarn an d'Osmanescht Räich erziilt konnte ginn, goufe geschwënn ofgeléist vun engem Stellungs- an Ofnotzungskrich. 1917 hu schliisslech d'Onzefriddenheet an der Bevëlkerung an déi desolat Versuergungslag dozou gefouert, datt d'Moral vun de russeschen Zaldoten noginn huet an d'Front zesummegebrach ass. Den Zar gouf zum Ofdanke gezwongen. Eng biergerlech Regéirung ënner dem Kerenski koum un d'Rudder, bis datt geschwënn drop déi vum Lenin an de Bolschewiken initiéiert Oktoberrevolutioun hir e séiert Enn bereet huet. Doropshi koum et zu engem Biergerkrich tëscht de rouden an de wäisse Forcen, dee Millioune Mënschen d'Liewe kascht huet, an deen déi rout Bolschewiken schlussendlech gewonnen hunn. Am Laf vum Biergerkrich huet Russland 1920 Deeler vu Wäissrussland an der Ukrain (="Ostpolen") u Pole verluer.

Aus Russland a senger Kolonie Sibirien ass déi Russesch Sozialistesch Federativ Sowjetrepublik (RSFSR) ginn, an den 30. Dezember 1922 ass duerch den Zesummeschloss vun der RSFSR an all deenen anere sowjetesche sozialistesche Republiken d'UdSSR entstanen. Eng staatlech kontrolléiert Wirtschaftspolitik ass ausgeruff ginn an d'Sowjets goufen als Proprietär vu Buedem a Produktiounsmëttel erkläert. Dem Lenin säin Doud den 21. Januar 1924 huet zu enger wëll rosener Lutte ëm seng Nofolleg gefouert, an där sech de Stalin géint de Leo Trotzki duerchsetze konnt. De Stalin huet du seng Muecht duerch geziilten Terror géint seng Géigner gefestegt. Vun 1928 u gouf déi staatlech Economie Fënnefjorespläng ënnerworf, d'Industrialiséierung an d'Infrastruktur, speziell am asiatischen Deel vum Land, virugedriwwen an d'Landwirtschaft kollektivéiert.

Am August 1939 huet de Stalin e geheimen Netugrëffspakt mam Hitler ënnerschriwwen a sech sou d'Aglidderung vun den ostpolnesche Gebidder, vum Baltikum a vu Bessarabien geséchert. Nom Iwwerfall vun Däitschland op Russland den 22. Juni 1941 ass Russland op der Säit vun den Alliéierten an den Zweete Weltkrich (russ.: Grousse Krich vum Heemechtsland) agetratt. Grouss Deeler vum Weste vum Land goufe verwüst, bäi der Belagerung vu Leningrad sinn iwwer eng Millioun Zivilisten erhéngert. Schlussendlech huet déi Rout Arméi den däitschen Truppe bäi Moskau, Stalingrad a Kursk schwéier Nidderlage ze schmaache ginn. Géint der Enn vum Krich hu sowjetesch Truppen och nach japanesch Gebidder wäit hannen an Asien eruewert a besat: d'Mandschurei, Karafuto, Korea an d'Kurilen. 1945 huet d'Potsdamer Ofkommes der RSFSR dat nërdlecht Ostpreussen an déi haiteg Oblast Kaliningrad zougesprach. Vu Japan huet se nach dat südlecht Sachalin an d'Kurilen dobäikritt. Nom Enn vum Krich huet sech d'Sowjetunioun awer ëmmer méi vun deenen aneren Alliéierten ofgesat a sech groussen Afloss op seng Nopeschlänner Polen, Tschechoslowakei, Ungarn, Rumänien, Bulgarien, d'DDR an zäitweis och Albanien geséchert. An dëse Länner sinn Honnertdausende vu sowjeteschen Zaldote stationéiert bliwwen. Et koum zum Kale Krich, dee bis 1989 d'Weltpolitik dominéiert huet.

Wéi et 1991 zum Zesummebroch vun UdSSR koum, huet Russland als déi gréisst fréier Sowjetrepublik d'Ierfschaft vun der UdSSR ugeholl. Ënner dem President Boris Jelzin huet sech Russland zwar ëmmer méi demokratiséiert, mä et war och eng ganz instabill Phase fir d'Land, an där d'Economie deelweis d'Baach erofgaangen ass. Nodeem datt de Wladimir Putin am Joer 2000 President gouf, huet sech déi politesch a wirtschaftlech Lag erëm stabiliséiert. E Problem bleift awer d'Situatioun an der Republik Tschetschenien, wou Separatisten am stännege Kampf mat russeschen Truppe sinn, wat och Konsequenzen op de Rescht vum Land huet: No verschiddenen Attentater, ënner déi och d'Geiselnam vu Beslan fält, wou honnerte vu Kanner an enger vun tschetscheeneschen Terroriste besater Schoul ëmkomm sinn, huet de President Putin konsequent Mesuren ergraff, fir d'Terrorofwier ze stäerken, wat awer no Meenung vu verschiddene westleche Medien a Politiker och riskéiert, déi demokratesch Strukturen a Russland auszehillegen. Et bleift deemno ofzewaarden, ob sech déi jonk russesch Demokratie weider- oder zréckentwéckele wäert.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Topographie vu Russland

Russland ass dat gréisst Land vun der Welt mat enger Fläch vun 17 098 242 km². Et ëmfaasst méi wéi en néngtel vun der Landfläch vun der Äerd. Et kann an zwee geographesch Groussraim ënnerdeelt ginn: den europäeschen an den asiateschen Deel (Sibirien). D'Grenz tëscht deenen zwee gëtt vum Ural gebilt.

Russland kann och nach a weider Beräicher agedeelt ginn: d'osteuropäescht Déifland, den Ural, d'westsibirescht Déifland, d'mëttelsibirescht Biergland, d'ostsibirescht Biergland an déi südlech Biergsystemer.

Nopeschlänner a Mierer[änneren | Quelltext änneren]

Grousslandschaften[änneren | Quelltext änneren]

Flëss[änneren | Quelltext änneren]

Bierger[änneren | Quelltext änneren]

D'Bierger sinn (alphabetesch zortéiert):

Altai, Baikalbierger, Chibinen, Kaukasus, Kolymabierger, Putoranabierger, Sajanbierger, Stanowojbierger, Stanowojhéichland, Tannu-ola-Bierger, Tscherskibierger, Ural, Werchojansker Bierger.

Stied & Inselen[änneren | Quelltext änneren]

Déi gréisst Stied vu Russland si Moskau (10,38 Mio.), Sankt Petersburg (4,18 Mio), Nowosibirsk (1,44 Mio), Nischni Nowgorod (1,31 Mio), Jekaterinburg (1,30 Mio), Samara (1,16 Mio) an Omsk (1,15 Mio).

Kuckt och:

Literatur zum Thema[änneren | Quelltext änneren]

Notizen a Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. Vereent Natiounen 2004
  2. UNO-Schätzung fir 2007. Source: World Population Prospects. The 2006 Revision
    Dee leschten offiziellen Zensus a Russland war 2002. Et goufen deemools 145 166 731 Awunner gezielt. Site vum Zensus: www.perepis2002.ru

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Russland – Biller, Videoen oder Audiodateien