Wagner-Grupp

Vu Wikipedia
Dëse Militärsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Logo vum „PMC Wagner Center“

De Wagner-Grupp (Russesch Группа Вагнера), och als PMC Wagner, ChVK Wagner oder CHVK Vagner bekannt, ass eng russesch paramilitäresch privatrechtlech Organisatioun, déi awer enk Verbindunge mam russesche Staat huet. Russland finanzéiert d'Organisatioun mat zeg Milliarden[1] a benotzt se fir hybrid Krichsféierung a fir verdeckt Operatiounen, fir haaptsächlech an Afrika an an Asien russesch Interesse gewaltsam duerchsetzen, ouni datt dobäi de russesche Staat offiziell agräift.

De Wagner-Grupp agéiert do dernieft mat Desinformatiouns- a Propagandacampagnen am Ausland, fir do politeschen Afloss zu Gonschte vu Russland ze huelen. Zanter 2022 ass en och am Russesch-Ukrainesche Krich aktiv a kämpft deels zesumme mat der russescher Arméi.

De 24. Juni Juni 2023 huet de Grupp, ënnert der Leedung vun hirem Chef Jewgeni Wiktorowitsch Prigojin e „Marsch op Moskau“ organiséiert nodeems et Reiwereie mat de staatleche russeschen Truppen an dem Verdeedegungsministère gouf. De Marsch gouf awer den Dag selwer nees ofgeblosen. Zwéi Méint méi spéit, den 23. August 2023 ass e Geschäftsfliger vum Wagner-Grupp a Russland erofgefall, woubäi all 10 Passagéier gestuerwe sinn. Mat u Bord vun der Maschinn waren de Jewgeni Prigojin an de Grënner vum Grupp, den Dmitri Utkin.

Den Dmitri Utkin ass 2013 als Lieutenant-colonel aus dem Militärdéngscht ausgetrueden an huet vun 2014 un eng Unitéit vun der privater Söldnergrupp Slavic Corps kommandéiert. Als grousse Bewonnerer vum Drëtte Räich a vum Adolf Hitler huet hien de Kampfnumm „Wagner“ fir de Grupp agefouert, als Referenz op den däitsche Komponist Richard Wagner, e Liblingskomponist vum Hitler.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. zeit.de, abgerufen am 14. Juli 2023.