Russesch

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Russesch (русский язык)
Gëtt geschwat an : Russland, Ukrain, Wäissrussland, Kasachstan, Lettland, Estland, Moldawien, Georgien, Kirgisistan, a vun Emigranten an den USA, Israel, Däitschland an anere westeuropäesche Länner
Regioun : Osteuropa an Nordasien
Gëtt geschwat vun: 180 Millioune
Mammesproochler, an
110 Milliounen
Zweetsproochler
Klassement : 7
Klassifikatioun no Famill : Indoeuropäesch
Offizielle Status
Offiziell Sprooch vun : Russland, Wäissrussland, Kasachstan, Kirgisistan, Vereent Natiounen
Reglementéiert vun : Russesch Akademie vun de Wëssenschaften
(Российская Академия Наук)
Sproochcoden
ISO 639-1 ru
ISO 639-2 rus (B) / - (T)
ISO 639-3 {{{iso3}}}
SIL RUS

Russesch (russ.: русский язык) ass déi meeschtgeschwate vun de slawesche Sproochen.

Si gehéiert zur Famill vun den indoeuropäesche Sproochen, grad wéi Sanskrit, Griichesch a Latäin an all déi modern germanesch, romanesch a keltesch Sproochen. Schrëftlech Beispiller vum Russesche sinn zanter dem 10. Joerhonnert beluecht.

Russesch ass offiziell Landessprooch net nëmmen a Russland, mä och a villen anere Staaten déi aus der fréierer Sowjetunioun ervirgaange sinn. Als Weltsprooch vu grousser politescher Bedeitung ass Russesch eng vun de sechs Sprooche vun der UNO.

D'Schrëft baséiert sech op dat kyrillescht Alphabet. D'Transkriptioun an dat laténgescht Alphabet kann op sëllechen Aart a Weise geschéien - zu Lëtzebuerg gëtt sech meeschtens un d'Transkriptiounsregele vum Duden gehalen.

Russescht Alphabet[änneren | Quelltext änneren]

Russescht Alphabet
  Russescht Alphabet
Аа Бб Вв Гг Дд Ее Ёё
Жж Зз Ии Йй Кк Лл Мм
Нн Оо Пп Рр Сс Тт Уу
Фф Хх Цц Чч Шш Щщ Ъъ
Ыы Ьь Ээ Юю Яя

Russesch gëtt mam russeschen Alphabet geschriwwen (russ.: русский алфавит oder русская азбука), wat dem kyrilleschen Alphabet (russ.: кириллический алфавит oder кириллица) entstaamt.

Russesch Grammaire[änneren | Quelltext änneren]

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Russesch Grammaire Nuvola apps xmag.png

Commons: Russian language – Biller, Videoen oder Audiodateien