Sowjetunioun

Vu Wikipedia


Сою́з Сове́тских Социалисти́ческих Респу́блик
Sojus Sowjetskich Sozialistitscheskich Respublik
Unioun vun de Sozialistesche Sowjetrepubliken

Sowjetesche Fändel

Sowjetesche Wopen

Detailer

Detailer
National Devise: Пролета́рии всех стран, соединя́йтесь!
Proletarii wsech stran, sojedinjajtes!
Proletarier vun alle Länner, vereenegt iech!
Offiziell Sprooch: Russesch
Haaptstad: Moskau
Staatsform: Sozialistesch Räterepublik
Fläch: 22.402.223 km² (1.)
Bevëlkerung: 290.100.023 (1991)
 • Bevëlkerungsdicht: 13 Awunner/km²
Nationalhymn: Hymn vun der Sowjetunioun
Wärung: Rubel (RUB)
Internet TLD: .su

D'Unioun vun de Sozialistesche Sowjetrepubliken (kuerz UdSSR oder Sowjetunioun, respektiv op Russesch Союз Советских Социалистических Республик, kuerz СССР) war e Staat an Osteuropa, an an Nordasien, dee vum 30. Dezember 1922 bis zum 8. Dezember 1991 bestanen huet.

D'Sowjetunioun huet aus 15 verschiddenen, theoreetesch gläichberechtegte Republike bestanen. An der Praxis war awer d'Russesch Federatioun, déi 1990 78% vun der ganzer Fläch duergestallt huet, staark predominant. Déi Federatioun war wärend der Oktoberrevolutioun vum 7. November 1917 aus dem Kär vum Zareräich ervirgaangen, a sollt no der Opléisung vun der Sowjetunioun 1991 den haitege Staat Russland bilden.

D'Sowjetunion war de geographesch gréisste Staat an der Geschicht vun der Mënschheet.

Déi 15 eenzel Republike waren:

  1. Armenien
  2. Aserbaidjan
  3. Wäissrussland
  4. Estland
  5. Georgien
  6. Kasachstan
  7. Kirgisistan
  8. Lettland
  9. Litauen
  10. Moldawien
  11. Russland
  12. Tadjikistan
  13. Turkmenistan
  14. Ukrain
  15. Usbekistan

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Mat 22,4 Millioune Quadratkilometer huet den Territoire vun der Sowjetunioun ee Sechstel vun der Äerduewerfläch, déi iwwer dem Waasser läit, bedeckt, a war domat dat gréisst Land vun der Welt.

Vum Baltesche Mier bis bei de Pazifik sinn et 10.000 Kilometer, a vum arkteschen Ozean bis un d'afghanesch Grenz sinn et 5.000 Kilometer. Westlech vum Ural läit dat osteuropäescht Déifland. Ëstlech vum Ural erstrecke sech fir d'éischt dat Westsibirescht Déifland an déi kasachesch Stepp, da kënnt dat Ostsibirescht Héichland. Am Süde sinn eng ganz Rëtsch vu Biergmassiver: de Kaukasus, de Pamir mam Pik Kommunismus (den héchste Bierg vun der Sowjetunioun), den Tian Shan, den Altai, d'Werchojansker Biergketten, d'Tscherskibierger an als lescht d'Vulkanketten op der Hallefinsel Kamtschatka. Am grousse Ganze besteet déi sowjetesch Geographie haaptsächlech aus Plainen a Plateauen.

Déi 15 sowjetesch Republiken

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Sowjetunioun – Biller, Videoen oder Audiodateien