Kaukasus
De Kaukasus (Russesch: Kawkas; Georgesch: კავკასიონი (Kawkasioni); Aseri: Qafqaz) ass den Numm vun dräi, ronn 1100 Kilometer laange, Kette vun héije Bierger, déi vu West-Nordwest no Ost-Südost lafen, tëscht dem Schwarzen an dem Kaspesche Mier.
Déi dräi Kette sinn de Grousse Kaukasus, de Klenge Kaukasus an d'Thalischbierger. Héchste Spëtzt ass mat 5.642 Meter den Bierg Elbrus.
De Kaukasus lät op den Territoirë vu Russland, Georgien, Armenien, Aserbaidschanan dem nordëstleche Wutz vun der Tierkei.
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Geologie
De Kaukasus ass, wéi d'Alpen, am Tertiär duerch den Drock vun der Afrikanescher Plack (via déi Arabesch) op déi Eurasesch Plack "opgefaalt" ginn. E besteet ë. a. aus Graniten a Gneisen, an et gëtt do och Pëtroll an Äerdgasreserven (geschat bis zu 200 Milliarden Barrel Pëtroll).
Wéinst der Tektonik ginn et an der Géigend ëmmer nees Äerdbiewen, wéi z.B. dat vum 7. Dezember 1988, bei deem an Armenien 25.000 Mënsche leiebliwwe sinn an iwwer eng hallef Millioun hiert Doheem verluer hunn.
[änneren] Bevëlkerung
Am Kaukasus liewe ronn 50 Vëlker, (z. B. Biergvëlker, Tscherkessen, Tschetschenen, Russen) déi kaukasesch, indogermanesch an altaesch Sprooche schwätzen.
[änneren] Länner an ofhängeg Gebidder
[änneren] Stied
Stied am Kaukasus sinn ënner anerem:
- Baku
- Grosny
- Eriwan
- Kutaissi
- Kars
- Machatschkala
- Mineralnyje Wody
- Noworossijsk
- Pjatigorsk
- Schelesnowodsk
- Sotschi
- Sochumi
- Tiflis/Tbilisi
- Wladikawkas
| Commons: Kaukasus – Biller, Videoen oder Audiodateien |