Alpen

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Mont Blanc.
Satellittefoto vun 2002.

D'Alpen (vum Latäin Alpes, deem säi Stamm alb- "wäiss" bedeit) sinn eng Biergketten an Europa, déi sech vun der franséischer Mëttelmierküst am Südweste bis un d'Pannonesch Griecht am Osten erstreckt, an dobäi duerch 8 Länner geet: Frankräich, Monaco, Italien, Schwäiz, Éisträich, Slowenien, Däitschland a Liechtenstein. Se hunn eng Fläch vun iwwer 200.000 km².

D'Alpe sinn déi héchst a gréisst Bierger a Westeuropa. Am Weste leie Bierger, déi iwwer 4.000 Meter héich sinn (bal 100 Stéck), déi am Oste sinn héchstens ronn 3.000 Meter héich. Den héchste Bierg ass de Mont Blanc (4.811 m). Aner bekannt Bierger sinn d'Matterhorn, d'Zugspitze, den Eiger an de Grossglockner. D'Alpe si relativ jonk Bierger, déi am Tertiär entstane sinn. Grouss Flëss, wéi de Rhône, de Rhäin, de Po an den Inn hunn do hir Quell.

D'Alpe sinn eng wicheg klimatologesch a geographesch Barrière an Europa. Se sinn eng Waasserscheed tëscht Nord- a Südeuropa a maachen d'Grenz tëscht dem Mëttelmierklima an dem temperéierte Klima, dat duerch den Atlanteschen Ozean beaflosst gëtt. Zanter der Virgeschicht gëtt et duerch d'Alpe wichteg Handelsweeër tëscht Nordeuropa an dem Mëttelmier.

D'Alpe ginn agedeelt an ëstlech a westlech Alpen, woubäi d'Grenz op enger Linn Bodensee-Chur-Comer Séi leeft. D'ëstlech Alpen gi weiderhin, vun Norden no Süden, an 3 Gruppen agedeelt: Nërdlech Kallekalpen, d'Zentral Alpen a Südlech Kallekalpen.

Westlech Alpen

Ëstlech Alpen

No Länner, den héchste Bierg an den Alpen[änneren | Quelltext änneren]

Geologie[änneren | Quelltext änneren]

Staark Falen am Schist aus der Zentralzon vun den Alpen (Lukmanierpas).
Ammoniten (eng ausgestuerwen Tëntefëschaart) aus den Nërdleche Kallekalpen. D'Sedimenter do kommen aus engem waarmen, net déiwe Bannemier, dat do war.

D'Alpe sinn en Deel vun der tertiärer Biergketten-Ceinture, am Süde vun Europa. All déi Kette si während der sougenannter Alpiner Orogenes entstanen. Si sinn als Folleg vun der Plackentektonik entstanen, andeems déi afrikanesch op déi europäesch Plack gedréckt huet (an ëmmer nach dréckt), a sou Deeler vun der Äerdkuuscht no uewe "gedruddelt" huet. Dëst geschouch an e puer Phasen, déi éischt an der Kräidzäit (viru ronn 110 Millioune Joren) mam Héichpunkt am Paläogen, viru 50 bi 35 Milliouen Joer.

Déi zentral Zon besteet sou aus metamorphem Gestengs, virun allem Gneisen a Schisten aus dem banneschte vun der Äerd, dat no uewe gedréckt gouf. D'nërdlech a südlech Deeler vun der zentraler Zon vun Alpe sinn aus dem Sedimentgestengs vum Mieresbuedem entstanen, deen do an der Jura- a Kräidzäit war, an dee mam Rescht eropgedréckt gouf (virun allem Kallek, dofir: "Kallekalpen").

Op der nërdlecher wéi der südlecher Flank vun den Alpe si Basengen, wou sech Erosiounsmaterial gesammelt huet.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Alpen – Biller, Videoen oder Audiodateien