Wäiss

Vu Wikipedia

Wäiss

Wäiss ass eng Zesummesetzung vun alle Faarwe vum Liichtspektrum, déi de Mënsch gesi kann. Dofir gëtt wäiss net vu jiddwerengem als Faarf am eigentleche Sënn unerkannt.

Wëssenschaftlech ausgedréckt gëtt e Material vum mënschlechen A als wäiss gesinn, wann et Liicht a sou ville Wellelängte vum siichtbare Spektrum reflektéiert, datt all d'Faarfzäppercher vun der Netzhaut staark gereizt sinn. Dat kann an der additiver Faarfmëschung schonn op d'mannst approximativ de Fall sinn duerch eng equilibréiert Mëschung vu Liicht a just den dräi Primärfaarwe blo, rout a gréng.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: White – Biller, Videoen oder Audiodateien