Liichtspektrum

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

D'Liichtspektrum oder och Faarfspektrum ass

  • den Deel vum elektromagnéitesche Spektrum, deen ouni technesch Hëllefsmëttel iwwert d'A net gesi ka ginn. Weider Bezeechnunge fir d'Liichtspektrum an dësem Sënn sinn dat siichtbart Spektrum, de visuelle Beräich (kuerz VIS oder och VIS-Beräich genannt).
  • (wann op e Géigestand bezunn) déi fir dës charakteristesch Zesummesetzung vun den emittéierte oder reflektéierte Spektralfaarwe (beispillsweis "Liichtspektrum vun engem Stär"). Dogéint steet den allgemenge Liicht-Begrëff ëmgangsproochlech fir de visuellen Deel vun der Stralung vun enger Liichtquell (vgl. z.B.: Dagesliicht, Konschtliicht, Sonneliicht, Moundliicht), a nëmme bei kontextofhängege relevanten Eegeschaften (wéi Faarf oder Hellegkeet), an ass domat kee Synonym fir Liichtspektrum.
Illustratioun vum Spektrum vun den elektromagnéitesche Welle
D'Spektralfaarwen am visuelle Liicht
Faarf Wellelängt
an nm
Frequenz
an THz
rout ≈ 790–630 ≈ 379–476
orange ≈ 630–580 ≈ 476–517
giel ≈ 580–560 ≈ 517–535
gréng ≈ 560–480 ≈ 535–624
blo ≈ 480–420 ≈ 624–714
violett ≈ 420–390 ≈ 714–769

De Wellelängte-Beräich vum Liichtspektrum reecht vun ongeféier 380 bis 780 nm,[1] engem Frequenzberäich vun ca. 3,8 • 1014 bis 7,9 • 1014 Hz entspriechend. Ugrenzend un dat fir de Mënsch visuellt Liichtspektrum befënnt sech am elektromagnéitesche Spektrum den UV-Beräich bei méi kuerzen, am IR-Beräich bei méi laange Wellelängten, déi deelweis vun anere Liewewiesen gesi kënne ginn (kuckt och Spektralfaarwen).

Dat siichtbart Liichtspektrum ass d'Unheefung vun allen vum A ënnerscheedbaren, rengen (monochromatesche) Spektralfaarwen. Ouni optesch Hëllefsmëttel (wéi z.B. engem Prisma) sinn dës Faarfkomponente vun engem Spektrum am Zesummenhank beispillsweis an engem Reebou oder an der Spigelung vu geeegnetem wäisse Liicht op enger CD-Uewerfläch observéierbar.

Géigestänn ginn hiert Liichtspektrum als eng Kombinatioun vu villen ënnerschiddlech staarken Eenzelfaarwen of, déi am A vum Obsevateur zu engem verréngerter Faarfreenheet (Mëschfaarf) konsolidéiert gëtt.

[änneren] Kuckt och

Saturn 01.svg Portal Astronomie

[änneren] Referenzen

  1. DIN 5031 - Teil 7: Strahlungsphysik im optischen Bereich und Lichttechnik - Benennung der Wellenlängenbereiche. Januar 1984.
    Anmerkung (inhaltlich aus der DIN 5031 - Teil 7): Benachbarte Spektralbereiche des sichtbaren Spektrums können bei hoher Strahldichte sichtbar sein. Farbmessungen sollten daher den Bereich bis 830 nm berücksichtigen (siehe DIN 5033 Teil 2: Farbmessung, Normvalenz-Systeme). Bei extrem hohen Strahldichten kann es notwendig sein, den Messbereich bis ins UV-A oder IR-A zu erweitern.
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen