Liicht
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Liicht ass dee fir Mënsche siichtbare Beräich vun der elektromagnéitescher Stralung. Dësen erstreckt sech vu ronn 380 bis 780 nm Wellelängt, wat enger Frequenz vu ronn 789 bis 385 THz entsprécht. Eng genee Grenz léisst sech awer net definéieren, well d'Empfindlechkeet vum mënschlechen A net op ee Schlag, mä no an no ofhëlt. An der Physik steet de Begrëff „Liicht“ och fir de ganzen elektromagnéitesche Wellespektrum. Liichtverhältnesser a Phenomener vun der Physiologie ginn ënner Hellegkeet zesummegefaasst.
Gréissten an Eenheeten [änneren]
- Wéi den Albert Einstein a senger spezieller Relativitéitstheorie postuléiert huet, ass d'Liichtvitesse (c) onofhängeg vun der Bewegung vun der Quell oder vum Beobachter. Si fält a Medie géigeniwwer vun der Vakuumsliichtgeschwënnegkeet of. Si läit am Vakuum bei 299.792.458 Meter pro Sekonn.
- D'Liichtfaarf ass ofhängeg vun der Wellelängt vum Liicht, déi indirekt proportional zu der Energie vun de Liichtquanten ass.
- D'Polarisatioun vum Liicht beschreift d'Orientéierung vun den elektresche bzw. magnéitesche Feldvektore vum Liicht am Raum.
- Liichtstroum: Eenheet = Lumen
- Liichtstäerkt: Eenheet = Candela
- Beliichtungsstäerkt: Eenheet = Lux
Kuckt och [änneren]
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Liicht – Biller, Videoen oder Audiodateien |