Relativitéitstheorie

Vu Wikipedia

D'Relativitéitstheorie befaasst sech mat der Struktur vu Raum an Zäit a mat der Gravitatioun. Se besteet aus zwou physikaleschen Theorien, déi den Albert Einstein opgestallt huet. An der 1905 verëffentlechter spezieller Relativitéitstheorie beschreift den Einstein datt d'Liichtvitess e konstante Wäert huet, Raum an Zäit hänken awer vum Point de vue vun zwéi Spectateuren of, déi sech relativ zouenee beweegen an all d'Phenomeener déi heimat verbonne sinn. D'Zäit ass also relativ a jiddwereen huet seng eegen.

Déi allgemeng Relativitéitstheorie ass am Joer 1916 verëffentlecht ginn. Den Einstein baut déi allgemeng Relativitéit op senge Resultater vun der spezieller Theorie op. Hie probéiert z'erkläre wéi d'Gravitatioun duerch eng Béiung vu Raum an Zäit verursaacht gëtt. Hie grënnt domat déi modern Kosmologie, d'Léier déi sech mam Ursprong an der Entwécklung vum Universum beschäftegt. Den 29. Mee 1919 konnt de britteschen Astronom Arthur Stanley Eddington bei enger Sonnendäischtert iwwer der westafrikanescher Küst déi Theorie bestätegen.

D'Relativitéitstheorie huet eist Versteesdemech vu Raum an Zäit revolutionéiert a Phenomeener opgedeckt, déi sech eiser Virstellungskraaft entzéien. Déi Phenomeener sinn awer mathematesch prezis beschriwwen an duerch Experimenter bestätegt.

D'Relativitéitstheorie ass eng vun deen zwou Saile vun den Theorien vun der Physik. D'Vereenegung mat der Quantephysik (déi zweet Sail vun der Physik), ass nach ëmmer net gemaach ginn an ass eng vun deene gréissten Erausfuerderunge vun der physikalescher Grondlagefuerschung. Déi zwou Theorien erklären nach ëmmer hire Virgänger, dem Newton seng Physik, an erfëllen domat d'Korrespondenzprinzip.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Relativitéitstheorie – Biller, Videoen oder Audiodateien