Kosmologie

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Nuvola apps kmoon.png Dësen Astronomiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Kosmologie, vum griichesche κοσμολογία, ass d'Léier vum Urspronk, der Entwécklung an der grondleeënder Struktur vum Universum (Kosmos). Et ass en Deelgebitt vun der Astronomie a méi genee vun der Astrophysik, awer och vun der Physik a vun der Philosophie.

Der hautdesdaags allgemeng unerkannten Theorie no ass d'Universum zu engem bestëmmten Zäitpunkt, dem Urknall, aus enger Singularitéit eraus entstanen an dehnt sech zanterhier aus. Den Alter vum Universum ass duerch Miessunge vum Hubble-Weltraumteleskop mat 13,75 Milliarde Joer relativ genee bestëmmt ginn.

D'Galaxië beweege sech an alle Richtunge vun der Äerd ewech, wéi wa si viru laanger Zäit vun engem gemeinsame Punkt aus vunenee gaange wieren. D'Vitesse vun de Galaxien hänkt vun hirer Distanz zur Äerd of, dës Bezéiung gëtt Gesetz vum Hubble genannt. Dat heescht net, datt eis Äerd de Mëttelpunkt vun der Explosioun war, villméi soll ee sech d'Galaxien als Punkten op engem Loftballon virstellen, dee sech ausdehnt: vun egal wéiengem Punkt aus gesinn, schénge sech déi aner Punkten ewech ze beweegen. Sou ass et och am Universum: all Galaxis beweegt sech vun all den aneren ewech (lokal Gravitatiounseffekter kënnen als Folleg hunn datt zwou Galaxië sech unzéien a matenee verschmëlzen, mä op groussem Moossstaf gesi beweege sech d'Galaxië vuneneen ewech).

En zweete Beweis ass d'kosmesch Stralung, déi aus alle Richtungen vum All kënnt. An där Stralung fënnt ee Wellen, déi op liicht Onregelméissegkeeten an der Dicht vum fréien Universum hiweisen. Déi waren zoustänneg fir d'Galaxien ze bilden.

Och d'Virstellen iwwer d'Schicksal vum Universum gehéiert zur Kosmologie. An der Kosmologie ass an deene nächste Joren e groussen Erkenntnesgewënn virprogramméiert, duerch ëmmer méi prezis an ausgetüftelt Experimenter, um Buedem an (duerch Sonden) am Weltall.

Bicher (populärwessenschaftlech)[änneren | Quelltext änneren]

  • Steven Weinberg: Die ersten drei Minuten. Der Ursprung des Universums.
  • Fred Adams, Fred Laughlin: Die fünf Zeitalter des Universums. Eine Physik der Ewigkeit.

Fachbicher[änneren | Quelltext änneren]

  • Scott Dodelson: Modern Cosmology (2003)
  • Steven Weinberg: Cosmology (2008)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kosmologie – Biller, Videoen oder Audiodateien