Isaac Newton

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Wiesselen op: Navigatioun, Sich

De Sir Isaac Newton [ˌaɪzək ˈnjuːtən], gebuer de 25. Dezember 1642jul./ 4. Januar 1643greg. zu Woolsthorpe bei Colsterworth an Lincolnshire, a gestuerwen den 20. Mäerz 1726jul./ 31. Mäerz 1727greg. zu Kensington, war en englesche Physiker, Mathematiker, Astronom, Alchemist, Philosoph an Theolog.

Hie war den Entdecker vun den Interferenzréng, de Gesetzer vun der Mechanik vum Newton an der allgemenger Gravitatiounstheorie, an huet net nëmmen d'Planéitebewegungen an d'Gravitatioun tëschent de Kierperen erfuerscht, mä och d'Natur vum Liicht. Dobäi huet hie bewisen datt mat engem Prisma d'Liicht sech a seng Spektralfaarwe vu rout bis violett opsplécke léisst.

Inhaltsverzeechnes

[änneren] E bësschen aus sengem Liewen

Hien ass ee vun de gréissten Naturwëssenschaftler.

[änneren] Gravitatiounstheorie

Kuckt heizou och den Haaptartikel: Gravitatiounsgesetz

Den Newton huet an den "Philosophiae Naturalis Principia Mathematica", d'Gesetz vun der Gravitatioun ofgeleet an doduerch de Beweis geliwwert vun de Gesetzer vum Kepler iwwer d'Planéitebewegungen. Enn vum 17. Joerhonnert huet den Newton seng Allgemeng Gravitatiounstheorie verëffentlecht.

[änneren] Den Teleskop

Den Newton huet 1670 den éischte Spigelteleskop erfonnt. Et war en 30 cm laange Rouer wou d'Liicht mat Spigelen gebëndelt gouf. Doduerch goufen et keng Stéierungen méi an de Faarwen, wéi et bis dohinner mat normale Lënsen de Fall war.

[änneren] Seng Wierker

No sengem Doud sin dës Wierker verëffentlecht ginn:

  • Short Chronicle
  • The System of the World
  • Optical Lectures
  • Universal Arithmetic
  • The Chronology of Ancient Kingdoms, Amended
  • De mundi systemate
  • An Historical Account of Two Notable Corruptions of Scripture (1754)

[änneren] Linken

[änneren] Kuckt och

[änneren] Um Spaweck

Commons: Isaac Newton – Biller, Videoen oder Audiodateien

Perséinlech Tools
Aner Sproochen