Gravitatiounsgesetz

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

D'Gravitatiounsgesetz ass en universellt physikalescht Gesetz vum Isaac Newton ofgeleet fir d'Kraaft vun zwéi Kierperen ze berechnen déi sech géigesäiteg unzéien.

Zwéi Kierperen zéie sech mat enger Kraaft F un, déi proportional zum Produkt vun de Massen m1 an m2, an ëmgedréit proportional zum Quadrat vun hirem Ofstand r ass. Dësen Ofstand r ass den Ofstand deen tëschent de Kierperschwéierpunkten vun de Massen m1 an m2 ass.

D'Unzéiungskraaft ass also ëmsou méi grouss wat d'Masse vun de Kierpere méi grouss sinn, an ëmsou méi kleng wat den Ofstand vun den zwéi Kierperschwéierpunkte méi grouss ass.

Formelen vum Gravitatiounsgesetz [änneren]

Gravitatiounskraaft.jpg
F = G\,\frac{m_1 m_2}{r^2}

Den Proportionalitéitsfaktor G bezeechent een als Gravitatiounskonstant, wobei

G = (6{,}6742\pm 0{,}0010) \cdot 10^{-11}\;\mathrm{\frac{m^3}{kg\,s^2}}.

Kuckt och [änneren]