2013
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
20. Joerhonnert | 21. Joerhonnert | 22. Joerhonnert
2008 | 2009 | 2010 | 2011 | 2012 | 2013 | 2014 | 2015 | 2016 | 2017 | 2018
Dës Säit befaasst sech mam Joer 2013.
Inhaltsverzeechnes |
Evenementer[änneren]
- 1. Januar: Lëtzebuerg gëtt mat Argentinien, Australien, Ruanda a Südkorea fir 2 Joer net-permanente Member vum Sécherheetsrot vun de Vereenten Natiounen.
Europa[änneren]
- 26. Januar: De Miloš Zeman gëtt am zweeten Tour zum President vun Tschechien gewielt. Hien trëtt säin Amt den 8. Mäerz un.
- 24. Februar: Den Nikos Anastasiades gewënnt am 2. Tour d'Presidentewalen an Zypern.
- 24.-25. Februar: Parlamentswalen an Italien, no vill Gedeesems gëtt den 29. Abrëll d'Regierung vum Enrico Letta (PD) vereedegt.
- 27. Februar: Konstruktive Mësstrauensvote géint dem Janez Janša seng Regierung a Slowenien; d'Alenka Bratusek gëtt Ministerpresidentin vun enger neier Koalitioun, déi den 20. Mäerz vum Parlament confirméiert gëtt.
- 9. Mäerz: A Malta gewënnt déi oppositionell Labour Party mat un der Spëtzt dem Joseph Muscat mat 39 vun 69 Sëtz d'Parlamentswalen.
- 13. Mäerz: Den Argentinier Jorge Mario Bergoglio gëtt, nom Récktrëtt vum Benoît XVI. den 28. Februar, als Poopst Franciscus zum neie Chef vun der kathoulescher Kierch gewielt.
- 7. Abrëll: De Filip Vujanović gëtt zum President vu Montenegro erëmgewielt.
- 20. Abrëll: Den Giorgio Napolitano gëtt zum President vun der Republik Italien erëmgewielt.
- 27. Abrëll: An Island gewënnt déi oppositionnell Mëtt-Riets-Koalitioun d'Parlamentswalen. De Sigmundur Gunnlaugsson trëtt den 22. Mee als Premierminister säin Amt un.
- 30. Abrëll: D'Kinnigin Beatrix I. vun Holland trëtt zu Gonschte vun hirem Jong Willem-Alexander zréck.
- 12. Mee: Neiwalen a Bulgarien nom Récktrëtt vum Premier Bojko Borissow, de Plamen Orescharski gëtt den 29. Mee zum neie Premierminister ernannt.
- 15. Mee: De Iurie Leancă gëtt Premierminister a Moldawien.
- Uganks Juni: Schro Iwwerschwemmungen a Südostdäitschland, Tschechien an Deeler vun Eisträich; iwwer 30 Leit kommen ëm d'Liewen.
- 1. Juli: Kroatien gëtt den 28. Memberstaat vun der Europäescher Unioun.
Afrika[änneren]
- 11. Januar: Ufank vun der Opération Serval, enger franséischer Militärinterventioun am Norddeel vu Mali.
- 9. Mäerz: Den Uhuru Kenyatta gewënnt d'Presidentewalen a Kenya.
Amerika[änneren]
USA[änneren]
- 20. Januar: De Barack Obama gëtt a seng zweet Amtszäit als President vun de Vereenegte Staaten ageschwuer.
Mëttel- a Südamerika[änneren]
- 17. Februar: De Rafael Correa gëtt zum President vun Ecuador erëmgewielt.
- 14. Abrëll: Den Nicolás Maduro, bis dohinner Interims-President, gewënnt knapps d'Presidentewalen am Venezuela.
- 21. Abrëll: Den Horacio Cartes gëtt zum President vu Paraguay gewielt.
- 10. Mee: De fréiere President vu Guatemala Efraín Ríos Montt gëtt zu 80 Joer Prisong wéinst Vëlkermord a Verbrieche géint d'Mënschlechkeet veruerdeelt.
- November: Presidentewalen an Chile.
Asien[änneren]
- 18. Februar: Bei de Presidentewalen an Armenien gëtt de Sersch Sargsjan a sengem Amt confirméiert.
- 25. Februar: D'Park Geun-hye trëtt hiert Amt als Presidentin vu Südkorea un.
- 14. Mäerz: De Xi Jinping gëtt Staatspresident vun der Volleksrepublik China.
- 24. Abrëll: Zu Savar bei Dhaka (Bangladesch) stierwen iwwer 1100 Mënschen, wéi eng Kleederfabrek an e Koup fällt.
- 5. Mee: A Malaysia gewënnt d'Regierungs-Allianz Barisan Nasional vum Premierminister Najib Razak d'Parlamentswalen.
- 11. Mee: De Nawaz Sharif gewënnt d'Presidentewalen a Pakistan, hien trëtt säin Amt de 5. Juni un.
Ozeanien & Pazifik[änneren]
Arabesch Welt an Noen Osten[änneren]
Konscht & Kultur[änneren]
- 1. Januar - 31. Dezember: Marseille a Košice sinn Europäesch Kulturhaaptstad.
Molerei[änneren]
Literatur[änneren]
- Servais-Präis fir dem Pol Greisch säi Monni aus Amerika.
Musek[änneren]
Kino[änneren]
- César fir de beschte Film fir dem Michael Haneke säin Amour.
- Oscar fir de beschte Film fir dem Ben Affleck säin Argo
- Gëlle Palm fir de beschte film fir dem Abdellatif Kechiche säi La vie d'Adèle.
Economie[änneren]
Wëssenschaft & Technik[änneren]
Astronomie[änneren]
- 15. Februar: E Meteor zerbascht a fält bei Tscheljabinsk erof.
- 15. Februar: Den äerdnoen Asteroid 2012 DA14 flitt just 27.000 km laanscht d'Äerd.
Sport[änneren]
- 5. Februar: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe spillt zu Valence 1:1 géint Armenien. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Mario Mutsch geschoss.[1]
- 22. Mäerz: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe spillt an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 2014, 0:0 géint Aserbaidschan.[2]
- 26. Mäerz: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg 0:3 géint Finnland.[3]
- 27. Mee-1. Juni: Bei de Spiller vun de klenge Länner, déi zu Lëtzebuerg organiséiert ginn, gewannen déi Lëtzebuerger Sportler déi meeschte Medailen.
- 7. Juni: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe spillt zu Baku, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 2014, 1:1 géint Aserbaidschan. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Stefano Bensi geschoss.[4]
Gebuer[änneren]
Gestuerwen[änneren]
- 4. Januar: Thomas Holtzmann, däitsche Schauspiller.
- 9. Januar: James M. Buchanan, US-amerikaneschen Ekonom.
- 13. Januar: Laurent Koster, lëtzebuergesche Bariton.
- 12. Januar: Jean Krier, lëtzebuergeschen Dichter.
- 15. Januar: Nagisa Oshima, japanesche Regisseur.
- 17. Januar: Rolf Wilhelm, däitsche Komponist an Dirigent.
- 19. Januar: Stewart Sharpless, US-amerikaneschen Astronom.
- 21. Januar: Michael Winner, britesche Filmregisseur, Dréibuchauteur a Filmproduzent.
- 5. Februar: Gast Michels, lëtzebuergesche Moler a Sculpteur.
- 13. Februar: Georges Wohlfart, lëtzebuergesche Politiker.
- 21. Februar: Auguste-Charles Laval, lëtzebuergeschen Entrepreneur.
- 22. Februar: Wolfgang Sawallisch, däitschen Dirigent a Pianist.
- 26. Februar: Marie-Claire Alain, franséisch Organistin.
- 27. Februar: Stéphane Hessel, franséischen Diplomat, Resistenzler an Auteur.
- 27. Februar: Dale Robertson, US-amerikanesche Schauspiller.
- 4. Mäerz: Jérôme Savary, franséische Regisseur.
- 5. Mäerz: Hugo Chávez, venezuelanesche Politiker.
- 5. Mäerz: Aly Schroeder, lëtzebuergesche Politiker.
- 8. Mäerz: Damiano Damiani, italienesche Regisseur an Auteur.
- 11. Mäerz: Raymond Kirsch, lëtzebuergesche Jurist an Economist.
- 13. Mäerz: Rosemarie Fendel, däitsch Schauspillerin a Synchronspriecherin.
- 17. Mäerz: Annette Schwall-Lacroix, lëtzebuergesch Juristin an Affekotin.
- 4. Abrëll: Roger Ebert, US-amerikanesche Filmkritiker.
- 8. Abrëll: Sara Montiel, spuenesch Schauspillerin.
- 8. Abrëll: Margaret Thatcher, britesch Politikerin.
- 10. Abrëll: Robert Edwards, britesche Physiolog an Nobelpräisdréier.
- 22. Abrëll: Vivi Bach, dänesch Sängerin, Schauspillerin an TV-Moderatorin.
- 22. Abrëll: Richie Havens, US-amerikanesche Folk-Sänger.
- 26. Abrëll: Adalbert Boros, ungareschen Ingenieur.
- 27. Abrëll: Jean-Paul Frisch, lëtzebuergesche Museker a Komponist.
- 2. Mee: Norbert Thill, lëtzebuergesche Musekserzéier, Fotograf, Organist an Auteur.
- 4. Mee: Christian de Duve, belsche Biolog an Nobelpräisdréier.
- 6. Mee: Giulio Andreotti, italienesche Politiker.
- 7. Mee: Ray Harryhausen, US-amerikanesche Filmproduzent an Tricktechniker.
- 8. Mee: Bryan Forbes, britesche Schauspiller, Filmregisseur an Dréibuchauteur
- 9. Mee: Alfredo Landa, spuenesche Schauspiller.
- 17. Mee: Philippe Gaumont, franséische Vëlosportler.
- 17. Mee: Jorge Videla, argentinesche Militär a Staatschef.
- 20. Mee: Ray Manzarek, US-amerikanesche Museker.
- 23. Mee: Georges Moustaki, franséische Chansonnier.
- 28. Mee: Eddi Arent, däitsche Schauspiller.
- 6. Juni: Esther Williams, US-amerikanesch Schauspillerin a Schwëmmerin.
- 7. Juni: Pierre Mauroy, franséische Politiker.
- 9. Juni: Walter Jens, däitsche Schrëftsteller an Historiker.
- 16. Juni: Will Hoffmann, lëtzebuergesche Politiker a Gewerkschaftler.
Um Spaweck[änneren]
| Commons: 2013 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen[änneren]
- ↑ De Lännermatch Armenien-Lëtzebuerg de 5. Februar 2013 op wort.lu
- ↑ Reportage vum Lännermatch Lëtzebuerg-Aserbaidschan den 22. Mäerz 2013 op wort.lu
- ↑ Reportage iwwer de Lännermatch Lëtzebuerg-Finnland de 26. Mäerz 2013 op tageblatt.lu
- ↑ WM-Qualifikation: Bensi trifft und vergibt 1:1-Unentschieden der FLF-Auswahl in Aserbaidschan Artikel op wort.lu vum 7. Juni 2013 ofgeruff den 9. Juni 2013