İlham Əliyev

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Den İlham Əliyev (2010).

Den İlham Heydər oğlu Əliyev (och Ilham Aliyev oder Ilham Äliew), gebuer de 24. Dezember 1961 zu Baku, Aserbaidschanesch SSR) ass en aserbaidschanesche Politiker an zanter 2003 President vun Aserbaidschan.

Den Əliyev huet zu Moskau tëscht 1977 bis 1985 Geschicht an International Relatioune studéiert. Vun 1991 bis 1994 war er Geschäftsmann zu Moskau an Istanbul.

Zanter dem Mee 1994 ass hien Éischte Vizepresident vun der Staatlecher Pëtrolsgesellschaft vun der Aserbaidschanescher Republik (SOCAR). Zanter 1995 ass e Member vum aserbaidschanesche Parlament. 1999 gouf e Stellvertriedende President an 2001 Éischte Stellvertriedende President vun der der Partei Neien Aserbaidschan.

De 4. August 2003 gouf hien zum Premierminister vun Aserbaidschan ernannt. Bei de Wale vum 15. Oktober 2003 gouf en, als Nofolger vu sengem Papp Heydər Əliyev, mat 77% vun de Stëmmen zum President vun Aserbaidschan gewielt. D'OSZE an aner NROen hunn déi Wal als "net fair a fräi" deklaréiert. Deeselwechte Walausgank an déiselwecht Kommentare gouf et och de 15. Oktober 2008 (87% vun de Stëmmen) an den 9. Oktober 2013 (iwwer 72%, nach keng offiziell Verëffentlechung).

Den İlham Əliyev ass mat der Deputéiert an UNESCO-Sonner-Ambassadrice Mehriban Arif qızı Əliyeva (* 1964 als Mehriban Arif qızı Paşayeva) bestuet. Si hunn dräi Kanner, dorënner d'Schrëftstellerin an Aktivistin Leyla Əliyeva.

D'"Organized Crime and Corruption Reporting Project" (OCCRP) huet den İlham Əliyev Enn 2012 als korruptste Mann vum Joer "ausgezeechent",[1][2] well him nogewise gouf, wéi seng Famill sou gutt wéi an alle lukrative Branchë vum Land Undeeler iwwerholl huet, vu Banken an Telefongesellschafte bis zu Mineral- a Bauindustrie. An den diplomateschen US-Depeschen, déi duerch WikiLeaks bekannt goufen, gëtt den Aliyev mat engem "Mafia Gangsterboss" verglach. Hie gëtt vu villen Analysten als Diktator bezeechent.[1][3][4] D'Aliev-Duechteren hunn Offshore-Konten a -Firmen op de Britesche Joffereninselen.[5][6][7]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ilham Aliyev – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]