Äerdmound

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Äerdmound Mondsymbol
Full Moon Luc Viatour.jpg
Den Äerdmound
Eegeschafte vum Orbit
Zentralkierper Äerd
Mëttl. Distanz 384.400 km
Äerdnächste Punkt 356.400 km
(geom. 363.300 km)
Äerdwäiteste Punkt 406.700 km
(geom. 405.500 km)
Numeresch Exzentrizitéit 0,0549
Bunnschréiegt 5,1454°
Ëmlafzäit
(Sideresche Mount)
27 d 7 h 43,7 m
Mëttel Bunnvitesse 1023 m/s
Physikalesch Eegeschaften
Equatorduerchmesser 3.475 km
Uewerfläch 37.932.330 km²
Volumen 2,197 • 1010 km³
Mass 7,3483 • 1022 kg
Mëttel Dicht 3,341 g/cm³
Absolut Hellegkeet 0,4 mag
Visuell Hellegkeet −12,5 mag
Sphäresch Albedo 0,07
Geometresch Albedo 0,12
Sideresch Rotatioun 27 d 07 h 43,7 m
Einfach gebonne Rotatioun
Achsschréiegt 6,68°
Fallbeschleunegung an der Uewerfläch 1,622 m/s²
Fluchtvitesse 2380 m/s
Uuewerflächentemperatur a K
min. / mëttl. max.
40 / 218 396
Aner Zäitdaten
Synodesche Mount 29,53059 d
Tropesch Period 27,32158 d
Drakonitesch Period 27,21222 d
Anomalistesch Period 27,55455 d
Sarosperiod 18 a 11,3 d
Metoneschen Zyklus 19 trop. J 2 h
Atmosphäresch Spuren
Drock 3 • 10−10 Pa
Helium 25 %
Neon 25 %
Waasserstoff 23 %
Argon 20 %
CH4, NH3, CO2 Spuren
Zesummesetzung vun der Moundkuuscht
Sauerstoff 43 %
Silizium 21 %
Aluminium 10 %
Kalzium 9 %
Eisen 9 %
Magnesium 5 %
Titan 2 %
Néckel 0,6 %
Natrium 0,3 %
Chrom 0,2 %
Kalium 0,1 %
Mangan 0,1 %
Schwiefel 0,1 %
Phosphor 0.05 %
Kuelestoff 0,01 %
Stéckstoff 0,01 %
Waasserstoff 0,005 %
Helium 0,002 %

Den Äerdmound, op Latäin Luna, ass deen eenzege Mound vun der Äerd. Fir eise Mound net mat deene vun anere Planéiten ze verwiessele gëtt en Äerdmound genannt.

Obwuel den Äerdmound dee friemen Himmelskierper ass, deen am beschten erfuerscht ass, sinn nach vill Froen driwwer net beäntwert. Zum Beispill säin Entstoen ass bis haut net gekläert.

Säin astronomescht Zeechen Moon symbol decrescent.svg ass d'Moundséchel vun der ierdescher Nordhallefkugel aus gekuckt. déi am leschte Véirel méi kleng gëtt.

Visuell Bewegung[änneren | Quelltext änneren]

De Mound ëmkreest d'Äerd an duerchschnëttlech 27 Deeg, 7 Stonnen an 43,1 Minutten, a Bezuch op d'Fixstäre vu Westen no Osten, an dem gläichen Dréisënn, mat deem d'Äerd ëm hir eegen Achs rotéiert. Aus der Siicht vun engem ierdeschen Observateur ëmkreest hien d'Äerd, wéinst der relativer Vitesse vun hirer Rotatioun, déi méi rapid ass, visuell an engem Dag – wéi och d'Fixstären an d'Planéiten ähnlech der Sonn. A Bezuch zu der Äerduewerfläch leeft hien dofir an déi entgéintgesate Richtung wéi a Bezuch zu de Fixstäre a säin Opgang erfollegt genee sou wéi déi aner Himmelskierper am Osten, an den Ënnergang am Westen. Well d'Bunnbewegung vum Mound deeselwechten, rietsleefegen Dréisënn wéi d'Äerdrotatioun huet, dauert säi visuellen Äerdëmlaf 50 Minutte méi laang wéi 24 Stonnen. Dës Differenz addéiert sech am Laf vun engem Mount zu engem Dag, well de Mound an dëser Zäit e richtegen Äerdëmlaf mécht.

Déi visuell Bunne vu Mound a Sonn hunn en ähnleche Verlaf, well d'Moundbunn nëmmen e bësse géint d'Ekliptik gebéit ass. Fir en Observateur op der Nordhallefkugel iwwer 5,2° nërdlech vum Wendekrees sti Mound a Sonn um héchste Bunnpunkt (Kulminatioun) am Süden, fir een Observateur op der Südhallefkugel südlech vum südlechen Wendekrees awer am Norden. Déi Uewerflächestrukturen erschéngen, am Verglach zu der Nordhallefkugel, iwwer Kapp. An der Géigend vum Equator, tëscht de Wendekreeser, erschéngt de Mound zweemol am Mount um Zenit, also senkrecht iwwer der Äerduewerfläch.

Ëmlafbunn[änneren | Quelltext änneren]

D'Moundbunn ëm eis Äerd ass bal kreesfërmeg. Déi gréisst an déi klengst Distanz zu der Äerd wäichen ëm 5,5 Prozent vun der Moyenne of. De mëttleren Ofstand zu der Äerd – déi grouss Hallefachs – ass 384.400 Kilometer grouss. Den äerdnooste Punkt vun der Bunn nennt ee Perigeum. Am Perigeum ass d'Distanz, gemooss vun der Äerduewerfläch zu der Mounduewerfläch, 356.410 km. De wäitste Punkt vun der Äerd heescht Apogeum. Do ass d'Distanz 406.740 km. D'Duerchgäng vum Mound duerch de Bunnplang vun der Äerd (d'Ekliptik) nennt ee Moundknuet (oder Draachepunkt), woubäi den opsteigende Knuet den Antrëtt an d'Nord- an den erofklammenden deen an d'Südhemisphär beschreift.

De Mound leeft zesumme mat der Äerd ronderëm eis Sonn, duerch d'Bewegung ëm d'Äerd pendelt de Mound awer ëm déiselwecht Ellipsbunn. D'Variatioun vun der Gravitatioun während dëser Pendelbewegung féiert, zesumme mat wéinege Stéierungen duerch déi aner Planéiten, zu Ofwäichunge vun enger exakter Keplerellips ëm d'Äerd.

Den äerdnooste Punkt vun der Bunn gëtt net no genee engem Ëmlaf (relativ zu de Fixstären) vum Mound erëm erreecht. De Perigeum ëmleeft dofir d'Äerd an 8,85 Joer. Och zwéin opsteigend Knietduerchgäng kommen net exakt no engem Ëmlaf, mä schonn no kuerzer Zäit. D'Moundkniet lafen also retrograd ëm d'Äerd, dat heescht géint d'Ëmlafrichtung vum Mound an 18,61 Joer. Wann ee Knuetduerchgang mam Neimound zesummefält, kënnt et zu enger Sonnendäischter, a wann de Knuetduerchgang mat dem Vollmound zesummefält, kënnt et zu enger Mounddäischter. Dësen Zyklus féiert och zu de Moundwenden: D'Opgangsplaz vum Mound um Horizont schwankt während engem Mount tëscht engem südlechsten an engem nërdlechste Punkt hin an hier, grad sou wéi d'Sonn et och am Laf vun engem Joer mécht. Am Laf vum Zäitraum vun 18,61 Jore verännert sech d'Span tëscht dëse béiden Extrempunkten an hirem Ofstand: Den Zäitpunkt, wou dës Punkten am wäitsten ausernee leien, heescht grouss Moundwend, dee mat deem kierzten Ofstand heescht kleng Moundwend.

Bunnperiod[änneren | Quelltext änneren]

D'Dauer vun enger Ëmlafbunn vum Mound, de Mount (nom Mound genannt), kann een no verschiddene Critère festleeën, déi ëmmer ënnerschiddlech Aspekter ofdecken.

  • No engem sideresche Mount (27,32 d) hëlt de Mound nees déi gläich Stellung zu de Fixstären un (vun der Äerd aus gesinn).
  • No engem synodesche Mount (29,53 d; Period vun de Moundphasen) erreecht de Mound nees déi gläich Stellung zu der Sonn (vun der Äerd aus gesinn).
  • En drakonitesche Mount (27,21 d) brauch hie, fir erëm duerch deselwechte Knuet vu senger Bunn ze lafen; en ass wichteg fir d'Sonnen- an d'Mounddäischteren
  • En anomalistesche Mount (27,56 d) brauch de Mound vun engem Perigeumsduerchgank zum nächsten.

Dës Wäerter huele ganz lues, am Laf vu Joermilliounen, zou, well sech d'Moundbunn vergréissert

Moundphasen[änneren | Quelltext änneren]

D'Gesiicht vum Mound variéiert am Laf vu senger Ëmlafbunn ëm d'Äerd an duerchleeft d'Moundphasen:

D'Moundphase vun Neimound iwwer Vollmound zu Neimound
  • Neimound (1) – de Mound steet tëscht der Sonn an der Äerd
  • zouhuelende Mound (2–4) (owes siichtbar)
  • Vollmound (5) – d'Äerd steet tëscht der Sonn an dem Mound
  • ofhuelende Mound (6–8) (mueres siichtbar)
  • Den Hallefmound – zouhuelend (3) oder ofhuelend (7) – ass d'Hallefphase (Dichotomie).

Dës Duerstellung gëllt fir d'Observatioun vun der Nordhallefkugel (vun der Äerd) aus. Kuckt een de Mound awer vun der Südhallefkugel aus, sou dréit sech d'visuellt Bild ëm: Neimound (1), zouhuelende Mound (8, 7, 6), Vollmound (5), ofhuelende Mound (4, 3, 2). Engem Observateur an der Géigend vum Equator erschéngt d'Moundsichel horizontal an d'Verlafsrichtung vum Phasewiessel vertikal zum Horizont.

Déi Deeler vun der Moundsäit, déi der Äerd zougekéiert ass an déi net vun der Sonn beliicht ginn, sinn ni ganz donkel. D'Äerdliicht, eng Reflexioun vum Sonneliicht, hellt déi donkel Plazen um Mound op. Dës Ophellung gëtt als Äerdschäin oder och als aschgroot Moundliicht bezeechent an ass am beschte bei enger schmueler Moundséchel ze gesinn. Seng Ursaach gouf scho vum Leonardo da Vinci richteg erkannt. Mat enger Spektiv, souguer mat klenger Vergréisserung, sinn am Äerdschäin Eenzelheeten z'erkennen. Opgrond vum gréisseren Duerchmiesser an deem méi héije Réckstrahlungsverméigen (=Albedo) vun der Äerd ass d'„Volläerd“ ronn 50-mol sou hell wéi de Vollmound. Miessunge vum äschegroe Moundliicht erlabe Réckschlëss op d'Verännerunge vun der Äerdatmosphär. Bei Vollmound ass seng Liichtstärkt 0,2 Lux,( am Verglach : eng 100 W- Gléibier mécht 14 Lux).

D'Récksäit vum Mound ass natierlech net ëmmer donkel, mä ënnerläit dem entspriechend versate Phasewiessel – bei Neimound läit si am helle Sonneliicht.

Earthshine-Geometrie.svg

Däischteren[änneren | Quelltext änneren]

D'Verdäischterungen tëscht Sonn, Mound an Äerd trieden op, wann déi dräi Himmelskierper op enger Linn leien, dat heescht, nëmme bei Vollmound oder Neimound a wann de Mound an engem vun den zwéi Moundkniet ass. Dat passéiert nëmmen zweemol am Joer.

Mounddäischtert[änneren | Quelltext änneren]
Den Ufank vun der totaler Mounddäischtert vum 9. November 2003

Bei enger Mounddäischtert, déi nëmme bei Vollmound optriede kann, steet d'Äerd tëscht der Sonn an dem Mound. Si kann op der ganzer Nuetsäit vun der Äerd gesi ginn an dauert maximal 3 Stonnen a 40 Minutten.

Ënnerscheeder:

  • déi total Mounddäischtert, bei där de Mound komplett an de Schiet vun der Äerd wandert. D'Totalitéit dauert héchstens 100 Minutten. Betruecht een déi geometresch Verhältnesser bei enger totaler Mounddäischtert, sou soll de Mound am Kärschiet vun der Äerd leien, dee sech theoretesch knapps 1,4 Millioune Kilometer an de Raum strecke soll, tatsächlech awer, wéinst der staarker Streeung duerch d'Äerdatmosphär, nëmme ronn 250.000 Kilometer wäit reecht. De Mound gëtt dofir, och bei totale Mounddäischteren, net komplett verdonkelt. Well d'Atmosphär vun der Äerd déi blo Undeeler vum Sonneliicht méi staark street wéi déi rout, erschéngt de Mound bei totalen Däischteren als donkel routbrong Scheif.
  • déi partiell Mounddäischtert, bei där nëmmen en Deel vum Äerdschiet op de Mound fält. De Mound bleift während dem Verlaf vun der Däischtert siichtbar.
  • d'Hallefschietdäischtert, bei där de Mound nëmmen an den Hallefschiet vun der Äerd daucht. Hallefschietdäischterte sinn zimlech onopfälleg; et weist sech nëmmen eng gro Moundsäit.

Vum Mound aus gesi stellt sech eng Mounddäischert als Sonnendäischtert duer. Dobäi verschwënnt d'Sonn hanner der schwaarzen Äerdscheif.

Sonnendäischtert[änneren | Quelltext änneren]
Total Sonnendäischtert mat siichtbarer Korona

Bei enger Sonnendäischtert, déi nëmme bei Neimound optriede kann, steet de Mound tëscht Sonn am Äerd. Si kann nëmmen an deene Géigende gekuckt ginn, déi de Kär- oder Halllefschiet vum Mound duerchlafen. Dës Géigende stelle sech meeschtens als laang, awer schmuel Sträifen op der Äerduewerfläch duer.

Ënnerscheeder:

  • total Sonnendäischtert, bei där de Mound d'Sonnescheif e puer Minutte laang vollstänneg bedeckt an d'Äerd de Kärschiet (Umbra) vum Mound duerchleeft;
  • partiell Sonnendäischtert, bei där de Mound d'Sonnescheif net vollstänneg bedeckt; den Observateur ass dofir am Hallefschiet (Penumbra) vum Mound;
  • rankfërmeg Sonnendäischtert, wann de Mound duerch eng ze grouss Distanz d'Sonnescheif net ganz ofdeckt (kuckt och: Duerchgank).
Sarosperiod[änneren | Quelltext änneren]

Schonn de Chaldäer war et (ëm 1000 v. Chr.) bekannt, datt sech Däischterten no engem Zäitraum vun 18 Joer a 11 Deeg, d'Sarosperiod, widderhuelen. No 223 synodeschen oder 242 drakonitesche Méint (vum lat. draco (Draach), aalt astrologescht Symbol fir d'Moundkniet, well ee gemengt huet, do géif sech en Draach ophalen, deed de Mound an d'Sonn géif opfriessen) besteet erëm bal déiselwecht Stellung vu Sonn, Äerd a Mound zueneen, sou datt sech eng Däischtertstellung no 18 Joer an 11,33 Deeg nees ergëtt. D'Ursaach vun där Period läit doran, well bei enger Däischtert souwuel d'Sonn wéi och de Mound no bei de Kniet vun der Moundbunn leie mussen, déi an 18 Joer eemol ëm d'Äerd lafen. Den Thales huet déi Period, déi hie bei enger Orientrees kennegeléiert huet, benotzt fir d'Däischtertprognos vum 28. Mee 585 v. Chr. virauszesoen, wouduerch eng Schluecht tëscht Lyder a Meder ofgebrach gouf an de Krich opgehale gouf.

Well d'Iwwereneestëmmung vun den 223/242 Méint net exakt ass, räisst d'Sarosperiod ongeféier all 1.300 Joer of an eng nei Period fänkt un.

Vergréisserung vun der Ëmlafbunn[änneren | Quelltext änneren]

De mëttleren Ofstand tëscht dem Mound an der Äerd wiisst all Joer ëm ronn 3,8 cm. D'Distanz gëtt zanter der éischter Moundexpeditioun Apollo 11 regelméisseg per Lidar vermooss, andeems d'Lafzäit bestëmmt gëtt, déi d'Liicht fir d'Streck hin an zréck brauch. Amerikanesch, souwéi och sowjetesch Moundmissiounen hunn Retroreflektoren um Mound opgestallt.

Déi zouhuelend Distanz ass d'Resultat vun der Gezäitekraaft, déi de Mound op d'Äerd auswierkt. D'Rotatiounsenergie vun der Äerd gëtt dobäi an Hëtzt ëmgewandelt an deen domat verbonnenem Dréiimpuls vun der Äerdrotatioun gëtt op de Bunndréiimpuls vum Mound iwwerdroen, dee sech doduerch vun der Äerd ewech beweegt. Dëse scho laang geduechten Effet ass zanter 1995 duerch d'Laser-Distanzmiessungen ofgeséchert.

Rotatioun[änneren | Quelltext änneren]

D'Libratioun vum Mound

Wéinst der Gezäitenwierkung, déi duerch d'Gravitatioun vun der Äerd entsteet, huet de Mound seng Rotatioun vun der Ëmlafzäit a Form vun enger gebonnener Rotatioun ugepasst. Dat heescht, bei engem Ëmlaf ronderëm d'Äerd dréit hie sech am gläichen Dréisënn genee eemol ëm seng eegen Achs. Dofir ass vun engem Punkt vun der Äerduewerfläch aus, ofgesinn vu klengen Ofweechungen, de Libratiounsbewegungen, ëmmer déiselwecht Säit ze gesinn. Wéinst der Libratioun an der Parallax, respektiv duerch Observatioun vu verschiddene Punkten z. B. beim Moundopgank a Moundënnergank, sinn am Ganze knapps 59 % vun der Mounduewerfläch vun der Äerd aus ze gesinn. Déi reschtlech 40 % vun der Mounduewerfläch konnt eréischt 1959 fir d'éischt duerch d'Raumsond Luna 3 gesi ginn.

Wéinst der gebonnener Rotatioun géif och en Observateur um Äerdmound d'Äerd ëmmer op derselwechter Plaz vum Himmel gesinn; ofgesinn vun de liichte Schwankungen duerch d'Libratiounen. D'Äerd geet also baussenzeg vun de Libratiounszonen um Mound nimools „op“ oder „ënner“. Een Observateur op der Moundrécksäit dogéint, kann d'Äerd nimools gesinn.

Wéinst dem Feele vun enger Atmosphär ass de Moundhimmel net faarweg, mä schwaarz, well kee Streeliicht gesi ka ginn. Stäre kann een awer och um Mound nëmmen Nuets gesinn, d'Liichtempfindlechkeet vum mënschlechen A stellt sech op déi hell liichtend Mounduewerfläch an a kann d'Stäre net méi gesinn. D'Äerd erschéngt als bloelzeg Scheif, bal véiermol sou grouss wéi de Mound vun der Äerd aus. D'Äerdphase ginn an engem synodesche Mount duerchlaf a sinn de Moundphasen entgéintgesat. Bei Neimound ass „Volläerd“ a bei Vollmound „Neiäerd“.

D'Sonn wandert, vum Mound aus gesinn, genee wéi op der Äerd eemol pro Joer duerch den Déierekrees. Vu Sonnenopgang bis zum Héchststand vun der Sonn dauert et eng Woch, a vun do eng weider Woch bis zum Sonnenënnergang, wourop eng Nuecht vu 14 Deeg kënnt. Een Dag-Nuecht-Zyklus um Mound dauert soumat e Mount.

Korrekt Gréisst- an Ofstandsverhältnes tëscht Äerd a Mound

Maria[änneren | Quelltext änneren]

Mare Imbrium mat dem grousse Kopernikuskrater um irweschte Bildrand (Apollo 17, NASA)

Déi äerdzougedréite Säit vum Mound gëtt vun de meeschten a gréissten donkelen Déifte geformt, déi am Ganzen 16,9 % vun der Mounduewerfläch anhuelen. Op der viischter Säit huele si 31,2 % an, op der Récksäit nëmmen 2,6 %. Déi opfälleg Gruppéierung op der äerdnoer Säit läit gréisstendeels an der Nordhalschent a bilt dat sougenannt „Moundgesiicht“. An der Fréizäit vun der Moundfuerschung sinn déi donkel Fläche fir Miere gehale ginn; si ginn dofir no Giovanni Riccioli als Maria (Singular: Mare) bezeechent.

D'Maria sinn erstarrt Lavadecken am Kär vu kreesfërmege Becken an onregelméissegen Asenkungen. D'Depressioune si méiglecherweis duerch grouss Aschléi an der Fréiphas vum Mound entstanen. Well an dësem Entwécklungsstadium de Moundmantel nach flësseg war, goufen d'Bieden uschléissend vun opsteigendem Magma iwwerflut. Déi gerénge Krustendéckt vun der äerdzougedréiter Moundsäit huet d'Magmaaustrëtter géintiwwer deenen op der Récksäit staark begünstegt. Déi donkel Maresteng ginn onverbindlech och als Lunabas bezeechent.

Den Alter vun den donkele Basalte gëtt op 3,1 bis 3,8 Milliarde Joer geschat. D'Plateaue weisen nëmmen e puer Krater op a mat Ausnam vun dësen weise si nëmme geréng Héichtenënnerscheeder vu maximal 100 Metern op. Zu dësen Héichte gehéieren d'Dorsa; déi sech flaach opwölbend Récker strecke sech iwwer e puer Doze Kilometer. D'Maria si vun enger 2 bis 8 Meter décke Regolithschicht bedeckt, déi räich un Eisen a Magnesium ass

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Äerdmound – Biller, Videoen oder Audiodateien

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie