Moundrécksäit
Moundrécksäit gëtt déi Hemisphär vum Äerdmound genannt, déi vun der Äerd aus net ze gesinn ass.
Datt eng Hallschent vun eisem Mound ëmmer vun der Äerd ofgedréit ass, huet seng Ursaach an der gebonnener Rotatioun vum Trabant – e Phenomen dat dacks optrëtt wann zwéin Himmelskierper sech enk ëmkreesen. Duerch d'Gezäitekraaft vun der Äerd huet sech d'Rotatiounsdauer vum Mound no an no der Mountlängt (senger Ëmlafzäit ëm d'Äerd) ugepasst.
Inhaltsverzeechnes |
Ënnerscheeder zu der visueller Moundhalschent [änneren]
D'Moundrécksäit gouf fir d'éischt Enn 1959 vun der russescher Moundsond Luna 3 erfuerscht. Hir Funkbiller hate 70 Prozent vun der äerdofgedréiter Säit erfaasst.
De Lunar Reconnaissance Orbiter vun der National Aeronautics and Space Administration hat d'Moundrécksäit viru kuerzer Zäit a ganz héijer Opléisung kartéiert.[1]
Schonn op den éischte Bléck fält op, datt déi donkel Gebidder, déi vu verstengerter Lava bedeckten Déifflächen, nëmmen e puer Prozent vun der Uewerfläch ausmaachen, am Géigesaz zu ongeféier 30 Prozent op der Viischter Säit. Dofirr ass d'Récksäit am Schnëtt e bëssi méi hell, si huet eng méi héich Albedo. Méiglecherweis als Folleg vun de feelende Moundmierer resp. groussen Aschléi existéieren hei och manner Moundgebierger a -rillen. De maximalen Héichtenënnerscheed ass - am zentralen Héichland tëschent Korolev an Hertzsprung, resp. Bierger vum éiwege Liicht no beim Südpol - ongeféier 16 km. Dëst sinn e puer Kilometer méi wéi op der äerdzougedréiter Moundhälschent a nëmmen eppes manner wéi 20 km op der Uewerfläch vun der Äerdkuuscht.
Aus geologesch-kosmogonescher Siicht ass bemierkenswäert, datt d'Moundrécksäit nëmme véier kleng Moundmiere opweist: Déi zwou relativ zentral geleeën Déiflänner Mare Moscoviense a Mare Ingenii souwéi déi bei extremer Libratioun um Rand virun der viischter Säit visuellen Déiflänner Mare Australe a Mare Orientale. D'Moundrécksäit besteet zu iwwer 90 Prozent aus hellen, kraterbedeckten Héichlänner. Opfälleg ass och den donkle Buedem vum grousse Krater Tsiolkovskiy, an dem Krater Jules Verne. Déi zwou sou ongläich Hemisphären hu sech och doduerch ënnerschiddlech entwéckelt, datt de geometresche Mëttelpunkt vun der Moundkugel an hire Schwéierpunkt ëm 1,8 Kilometer (1 Promille vum Moundradius) vuneneen ofstinn, wat mat enger Asymmetrie vum banneschten Opbau an der Moundkuuscht zesummenhänkt.
Literatur [änneren]
- Antonín Rükl: Atlas Mond-Mars-Venus. Prag 1977.
- Sadil: Blickpunkt Mond. 1968.
- Chuck J. Byrne: The far side of the moon - a photographic guide. Springer, New York 2008, ISBN 978-0-387-73205-3
Um Spaweck [änneren]
- NASA Images
- Lunar Farside Chart Lunar and Planetary Institute
- Maurice Collins' Farside Map the-moon
Referenzen [änneren]
- ↑ Hohe Berge, rätselhafte Gräben: Die faszinierende Landschaft des Mondes. Auf: spiegel-online 25. Juni 2010.