Albedo

Vu Wikipedia
Mëttel Albedowäerter am Sonnesystem
Planéit Geometresch
Albedo
Sphäresch
Albedo
Merkur 0,106 0,119
Venus 0,65 0,76
Äerd 0,367 0,39
Mars 0,15 0,16
Jupiter 0,52 0,7
Saturn 0,47 0,74
Uranus 0,51 0,81
Neptun 0,41 0,29
Pluto (Zwergplanéit) 0,6 0,5
Albedowäerter vu verschiddenen Uewerflächen
Material Albedo
Frësche Schnéi 0,80 – 0,90
Ale Schnéi 0,45 – 0,90
Wolleken 0,60 – 0,90
Wüst 0,30
Savann 0,20 – 0,25
Felder (brooch) 0,26
Gras 0,18 – 0,23
Bësch 0,05 – 0,18
Asphalt 0,15
Waasserfläch
(Schréiwénkel > 45°)
0,05
Waasserfläch
(Schréiwénkel > 30°)
0,08
Waasserfläch
(Schréiwénkel > 20°)
0,12
Waasserfläch
(Schréiwénkel > 10°)
0,22

D'Albedo (lat. albedo = dat Wäisst; lat. albus = wäiss) ass eng Mooss fir d'Réckstralverméige vun diffus reflektéierenden (reemittéierenden), also Uewerflächen, déi net selwer liichten.

D'Albedo ass virun allem an der Meteorologie vu Bedeitung, wou si Aussoen doriwwer erméiglecht, wéi staark sech d'Loft iwwer verschiddenen Uewerflächen erwiermt. Si fënnt och an der 3D-Computergraphik Uwendung, wou si als Mooss fir déi diffus Streekraaft vu verschiddene Materialie fir d'Simulatioun vun der Volumenstreeung déngt.

Weider huet d'Albedo och eng grouss Bedeitung fir d'Erhale vum Weltklima, doduerch datt energieräicht kuerzwellegt Liicht vun der Äerduewerfläch reflektéiert an a langwellegt wäermwierksamt Liicht ëmgewandelt gëtt.

Albedo-Zorten[änneren | Quelltext änneren]

Ënnerscheed vu verschidden Albedo-Zorten:

  • geometresch Albedo (och visuell geometresch Albedo genannt)
  • sphäresch Albedo (och Bond-Albedo genannt)
  • hemisphäresch Albedo

Aflëss[änneren | Quelltext änneren]

Prozentsätz vum reflektéierte Sonneliicht an Ofhängegkeet vun ënnerschiddlechen Äerduewerflächebeschafenheeten

Wa Wäermt duerch Stralung zougeféiert gëtt an haaptsächlech duerch aner Prozesser ofgefouert gëtt, erreechen Uewerfläche mat manner Albedo méi héich Temperaturen (vgl. Asphalt a Schnéi). Wann d'Wäermt haaptsächlech duerch aner Prozesser zougefouert gëtt an (ënner anerem) duerch Stralung ofgefouert gëtt, erreechen Uewerfläche mat klenger Albedo manner Temperaturen (dat ass och de Grond dofir, datt Killkierper vun elektroneschen Apparate meeschtens schwaarz sinn).

Glat Uewerfläche wéi Waasser, Sand, Schnéi hunn e relativ héijen Undeel vu Reflexioun, hir Albedo ass dofir staark ofhängeg vum Afallswénkel vun der Sonnestralung (kuckt Tabell).

Mëttel Albedo am Sonnesystem[änneren | Quelltext änneren]

D'Venus huet mat enger mëttlere sphäreschen Albedo vun 0,76 e ganzt héicht, de Äerdmound mat duerchschnëttlech 0,12 e ganz klengt Réckstralverméigen an d'Äerd huet eng mëttel sphäresch Albedo vun 0,39. De bis elo héchste gemoossene Wäert fält mat 0,99 op de Saturnmound Enceladus an déi niddregst Moyenne gouf mat nëmmen 0,03 um Koméit Borrelly festgestallt.

Miessung[änneren | Quelltext änneren]

D'Miessung vun der Albedo geschitt iwwer Albedometer a gëtt a Prozent uginn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Joachim Gürtler und Johannes Dorschner: Das Sonnensystem., Barth (1993), ISBN 3-335-00281-4

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]