Merkur (Planéit)

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Merkur
De Planéit Merkur, a sengen natierleche Faarwen, Foto vun der Raumsond Mariner 10
Eegeschafte vum Orbit (Epoch J2000.0)
Grouss Hallefachs 0.3871
Exzentrizitéit 0,2056
Perihel 0,307
Aphel 0,467
Bunneschréiegt 7,00 Grad
Ëmlafdauer 87,969 d
Oppositiounsintervall 115,88 d
Ëmlafvitesse 47,87 km/s
Klengsten Ofstand zur Äerd 0,517 AE
Gréissten Ofstand zur Äerd 1,483 AE
Physikalesch Eegeschaften
Equatorduerchmiesser 4.879,4
 
Polduerchmiesser 4.879,4
Mass 3,302 • 1023
Dicht 5,427
Fluchtvitesse 4,3
Rotatiounsperiod 58 d 15 h 36 min
Achseschréiegt 0,01
Albedo 0,106
Maximal Visuell Hellegkeet −1,9 mag
Drock 10−15
Temperatur 100 K (–173 °C)
440 K (+167 °C)
700 K (+427 °C)
Sauerstoff 42 %
Natrium 29 %
Waasserstoff 22 %
Helium 6 %
Kalium 0,5 %
Verglach tëscht Merkur an Äerd

De Merkur gehéiert, zesumme mat der Venus, der Äerd an dem Mars, zu den terrestresche Planéiten. Dat heescht, hien huet eng fest Gestengsuewerfläch, op där Raumgefierer landen a Mënschen drop goe kéinten. De Merkur huet awer nëmmen eng ganz dënn, fir net ze soe keng Atmosphär. De Merkur ass, genee wéi eise Mound, mat Krateren iwwerséit.

De Merkur ass ähnlech wéi eis Äerd opgebaut: Am Zentrum sëtzt e Metallkär, deen awer méi grouss wéi dee vun eiser Äerd ass. Ëm de Kär ass ee Mantel aus Steng.

Dag- an Nuetsgrenz um Merkur

De Merkur ass mat engem Duerchmiesser vu 4.878 Kilometer däitlech méi kleng wéi eis Äerd, déi een Duerchmiesser vun 12.744 Kilometer huet. D'Merkurjoer dauert 88 Deeg an de Merkur dréint sech an enger gebonnener Rotatioun vun 2:3 mat der Sonn a knapps 59 Deeg eemol ëm déi eegen Achs. De Planéit rotéiert därmoosse lues, datt een der Sonn gemittlech no spadséiere kéint. D'Temperaturen allerdéngs si mäerderesch. Op der Dagsäit klammen d'Temperaturen bis op 470 °C an op der Nuetssäit falen Temperaturen dogéint op –170 °C erof. Wéinst dem klengen Ofstand zu der Sonn ass e vun der Äerd aus schwéier z'observéieren, well en nëmmen e Wénkelofstand vun ongeféier 20° ëstlech a westlech vun der Sonne kritt. Säin astronomescht Symbol ass ☿.

Himmelsmechanik[änneren | Quelltext änneren]

Ëmlafbunn[änneren | Quelltext änneren]

Als sonnennooste Planéit huet de Merkur mat 0,387 AE (57,9 Mio. km) net nëmmen de kierzten Ofstand zu eiser Sonn, mä mat nëmmen 88 Deeg och déi kierzt Ëmlafzäit. D'Ëmlafbunn vum Merkur ass op déi vun anere Planéite bezunn vergläichsweis staark elliptesch, ënner alle Planéite huet de Merkur d'Ëmlafbunn mat der gréisster Exzentrizitéit. Sou läit säi sonnennooste Punkt, de Perihel, bei 0,307 AE (46,0 Mio. km) a säi sonnewäitste Punkt, den Aphel, bei 0,467 AE (69,8 Mio. km). Genee sou ass Schréiegt vu sengem Bunneplang géint den Äerdbunneplang mat iwwer siwe Grad méi héich wéi déi vun anere Planéiten. Sou Exzentrizitéiten a Bunneschréiegte si soss typesch fir Zwergplanéite wéi de Pluto an den Eris.

Rotatioun[änneren | Quelltext änneren]

Dem Merkur seng rietsleefeg Rotatiounsachs steet bal am Senkel op senger Bunnfläch. Dowéinst a wéinst enger feelender Atmosphär gëtt et um Merkur keng Joreszäiten. Dobäi kënnt, datt d'Sonnenastralung duerch déi grouss Bunnenexzentrizitéit immens variéiert: Am Perihel trëfft ongeféier 2,3-mol méi Energie vun der Sonn op d'Uewerfläch wéi am Aphel. Dësen Effet, dee beispillsweis op der Äerd wéinst der klenger Exzentrizitéit vun der Bunn kleng ass (7 %), féiert zu Joreszäiten.[1]

Schema vun der Resonanz vun dräi Rotatiounen zu zwéin Ëmleef vum Merkur

Radarobservatiounen hunn 1965 gewisen, datt de Planéit net, wéi ufanks vum Giovanni Schiaparelli 1889 ugeholl,[2] eng einfach gebonne Rotatioun huet, dat heescht, der Sonn ëmmer déiselwecht Säit zoudréint (sou, wéi den Äerdmound äis op der Äerd ëmmer déiselwecht Säit weist). Villméi huet de Merkur, als Eegenheet eng gebrache gebonne Rotatioun an dréint während zwéin Ëmleef exakt dräimol ëm seng Achs. Seng sideresch Rotatiounsperiod ass zwar 58,646 Deeg, awer wéinst der 2:3-Kopplung un déi séier Ëmlafbewegung am selwechten Dréisënn entsprécht de Merkurdag och genee dem Zäitraum vun zwéi Sonnenëmleef. No engem weideren Ëmlaf geet d'Sonn deementspriechend op der Antipodplaz op. Duerchleeft de Merkur de sonnennächste Punkt vu senger staark exzentrescher Bunn, de Perihel, steet d'Sonn zum Beispill ëmmer ofwiesselend iwwer dem Calorisbecken um 180. Längegrad oder iwwer dem Antipodegebitt um Nullmeridian am Zenit.

Verglach Ofstänn vun Äerd, Venus a Merkur zu der Sonn:

Ofstandverhältnesser vu (v.l.n.r.) Sonn, Merkur, Venus an Äerd mat de Beräicher hirer Ëmlafbunnen. D'Distanzen an den Duerchmiesser vun der Sonn sinn heibäi moossstafgetrei, den Duerchmiesser vun de Planéiten ass staark vergréissert.

Opbau[änneren | Quelltext änneren]

Op den éischte Bléck wierkt de Merkur fir en äerdähnleche Planéit éischter oninteressant, säin Opbau ass awer zimlech widersprochsvoll: Baussenzegt gläicht hien dem planetologesch-geologesch inaktivem Äerdmound, awer de Kär entsprécht anscheinend méi deem vun der geologesch opfälleg dynamescher Äerd.

Atmosphär[änneren | Quelltext änneren]

De Merkur huet keng Atmosphär am gängege Sënn. Si bitt déi gläich fräi Siicht wéi z. B. d'Atmosphär vum Äerdmound. Déi „atmosphäresch“ Bestanddeeler Waasserstoff H2 (22 %) an Helium (6 %) stame méiglecherweis aus dem Sonnewand, wougéint Sauerstoff O2 (42 %), Natrium (29 %) a Kalium (0,5 %) eventuell aus dem Material vun der Uewerfläch fräigesat goufen (d'Prozentdoneeën sinn ongenee Schätzunge fir d'Volumenundeeler vun de Gase). Den Drock vun der Gashüll ass nëmme ronn 10−15 Bar um Merkurbuedem an déi ganz Mass vun der Merkuratmosphär nëmme ronn 1000 Kilogramm.

Opgrond vun der grousser Hëtzt an der dënner Unzéiungskraaft kann de Merkur d'Gasmoleküle net laang halen, si entweechen duerch Fotoevaporatioun ganz séier an de Weltraum. Bezunn op d'Äerd gëtt dee Beräich, fir deen dës zoutrëfft, Exosphär genannt; et ass d'Austauschzon zum interplanetare Raum. D'Feele vun enger richteger Gashüll, déi fir e gewëssen Ausgläich vun der Uewerflächentemperatur suerge géif, bestëmmt op dëser noer Distanz zu der Sonn besonnesch extrem Temperaturënnerscheeder tëscht der Dag- an der Nuechtsäit. Géintiwwer den Nuetstemperaturen, déi bis op −173 °C erofklammen, gëtt déi zu der Sonn gedréiten Uewerfläch bis op +427 °C opgehëtzt. Während dem gréisste Sonnenofstand ass déi héchste Buedemtemperatur nach ronn +250 °C.

Uewerfläch[änneren | Quelltext änneren]

Déi vum Mariner 10 kartéiert Uewerflächendeeler (déi hell Sträif war net erfaasst ginn)

Wéinst dem schwieregen Erreechen op der sonnennoen Ëmlafbunn an der Gefor duerch den intensiven Sonnewand hu bis elo eréischt zwou Raumsonden, Mariner 10 a MESSENGER, de Planéit erreecht an observéiert. Bei dräi Laanschtflich an den 1970er-Jore konnt Mariner 10 nëmme ronn 45 % vun der Uewerfläch kartéieren. D'Merkursond MESSENGER hat direkt bei hirem éischte Laanschtfluch am Januar 2008 och e puer vun der Mariner 10 net erfaasst Gebidder fotograféiert a konnt d'Ofdeckung op ronn 66 % erhéijen. Mat hirem zweete Swing-by am Oktober 2008 war d'Ofdeckung op 95 % geklommen.

Déi moundähnlech, vun Krateren duerchsaten Uewerfläch aus rauem, porösem, donkelem Gestengs reflektéiert d'Sonneliicht nëmme schwaach. Déi mëttel sphäresch Albedo ass 0,06, dat heescht d'Uewerfläch street d'Sonneliicht am Duerchschnëtt 6 % zréck. Domat ass de Merkur am Mëttel nach eppes méi donkel wéi den Äerdmound (0,07).

Et gëtt um Planéit keng Unzeeche vu Plattentektonik; de MESSENGER hat awer etlech Hiweiser op vulkanesch Eruptioune fonnt.

Merkurkrateren[änneren | Quelltext änneren]

Déi eelef gréisst bekannt Merkurkrateren
Numm Duerchmiesser
a km
Koordinaten
Caloris-Becken 1550 30,5° N; 189,8° W
Beethoven 643 20,8° S; 123,6° W
Dostoevskij 411 45,1° S; 176,4° W
Tolstoj 390 16,3° S; 163,5° W
Goethe 383 78,5° N; 044,5° W
Shakespeare 370 49,7° N; 150,9° W
Raphael 343 19,9° S; 075,9° W
Homer 314 01,2° S; 036,2° W
Monet 303 44,4° N; 010,3° W
Vyasa 290 48,3° N; 081,1° W
Van Eyck 282 43,2° N; 158,8° W

D'Uewerfläch vum Merkur ass mat Krateren iwwerséit. D'Verdeelung vun den Aschlagstrukturen ass méi gläichméisseg wéi um Äerdmound an um Mars; deemno ass den Alter vu senger Uewerfläch iwwerall d'selwecht héich. E Grond fir déi héich Kraterdicht ass déi dënn Atmosphär, déi kee Widderstand géint den Aschlag vu Klengkierper leescht.

Faarfverstäerkte Foto vum Merkur, opgeholl vun der Raumsond Mariner 10

Wéi bei eisem Äerdmound weise Krateren um Merkur e weidert Beispill, dat duerch en Impakt entstane Strukturen typesch sinn: Dat erausgeschleidert an zréckgefalle Material, dat sech ëm de Krater opheeft; heiansdo a Form vu radiale Stralen, wéi ee se och als Stralesystem um Mound kennt. Souwuel dës späichenaarteg Strale wéi och d'Zentralkrater, vun deene si ausginn, sinn opgrond vum relativ jonken Alter méi hell wéi d'Ëmgéigend. Déi éischt Observatioune vun de Stralen um Merkur goufe mat de Radioteleskopen Arecibo a Goldstone a mat Hëllef vum Very Large Array (VLA) vum nationale Radioobservatoire vun den USA gemaach (kuckt och Astrogeologie).

Den éischte Krater, deen duerch d'Raumsond Mariner 10 während hirem éischte Rendez-vous erkannt gouf, war de 40 km breeden, awer ganz helle Stralekrater Kuiper (kuckt Bild riets). De Krater gouf nom hollänesch-US-amerikanesche Mound- a Planéitenfuerscher Gerard Kuiper genannt, deen dem Mariner-10-Team ugehéiert hat an nach während der Missioun gestuerwe war.

Merkur beim éischte Fly-by vun der Raumsond MESSENGER de 14. Januar 2008. Uewe riets de Caloris Planitia mat enger eppes méi heller Uewerfläch.

Nërdlech vum Equator läit Caloris Planitia, e risegt, kreesfërmegt, awer zimlech flaacht Becke mat engem Duerchmiesser vu ronn 1550 km an ass domat de gréisste bekannten Objet um Merkur. Et gouf wahrscheinlech virun 3,8 Milliarde Joer vun engem iwwer 100 km groussen Aschlagkierper geformt. Den Impakt war sou hefteg, datt duerch d'seismesch Schwéngungen ëm d'Plaz vum Aschlag eng etlech konzentresch Rankrampliën opgeworf goufen an aus dem Kär vum Planéit Lava ausgetratt war. Déi vum MESSENGER nei entdeckte vulkanesch Strukture fanne sech besonnesch am Ëmfeld an och am Zentrum vum Becken. De Beckenzentrum ass vum Magma aus der Déift anscheinend opgefëllt ginn, ähnlech wéi d'Marebecken vum Mound. Um Buedem vum Becke si vill konzentresch Ronzelen a Biergrécker, déi un eng Zilscheif erënneren. Dat zimlech flaacht Caloris-Becke gëtt vum Caloris Montes begrenzt, enger onregelméisseger Biergketten, deem seng Spëtzten nëmme ronn 1 km héich sinn.

Flächen[änneren | Quelltext änneren]

Och aner flaach Déifte gläichen de Maria vum Äerdmound. Déi glat Fläche vum Merkur sinn awer net donkel wéi d'"Moundmierer". Zesumme si anscheinend och méi kleng an et sinn der manner. Si leien all op der Nordhallefkugel am Ëmkrees vum Caloris-Becken. Hir Aartebezeechnung ass Planitia, laténgesch fir Déiffläch.

Datt sech déi mareähnlech Flächen um Merkur net wéi d'Maria vum Äerdmound mat enger méi donkeler Faarf vun der Ëmgéigend ofhiewen, gëtt mat engem klenge Undeel vun Eisen an Titan erkläert. Domat ergëtt sech awer e gewësse Widersproch zu der héijer mëttlerer Dicht vum Planéit, déi fir e verhältnesméisseg grousse Metallkär sprécht, dee virun allem aus Eisen besteet. Donkel Biedem goufe vum MESSENGER am Caloris-Becken nëmmen als Fëllung vu klengere Kratere fonnt an obwuel fir hiert Material e vulkaneschen Urspronk ugeholl gëtt, weisen d'Miessdaten anescht wéi bei sou engem Gestengs z'erwaarden ass, och nëmmen ee ganz klengen Undeel vun Eisen. D'Metall ass op der Merkuruewerfläch zu héchstens sechs Prozent present.

Eegenheeten[änneren | Quelltext änneren]

Zwou Formatioune fënnt een nëmmen op der Merkuruewerfläch:

  • Éischtens e kuriéis chaotesch wierkenden Terrain mat onregelméisseg geformte, bis ongeféier 1 km héijen Hiwwelen, dee vun Däller zerschnidden ass, läit vis-à-vis vum Caloris-Becken. Als Ursach gëtt eng Fokusséierung vun de seismesche Schwéngunge vum groussen Aschlag ugeholl, duerch déi den urspréngleche Relief vum Antipodegebitt zerstéiert gouf. Dat betraffent Gebitt ass ongeféier fënnefmol sou grouss wéi Däitschland an ass deemno op d'mannst sou grouss wéi dat nëmmen zu ronn engem Drëttel erfuerscht Caloris-Becken.
Rupes Discovery, déi längst géien Ofsaz, zitt sech iwwer 400 km duerch d'Flächen a Krateren.
Rupes Discovery am schematieschen Querschnëtt
  • Zweetens bis zu etlechen honnert Kilometer laang an 2 km héich géi Ofsätz, déi domat déi gréisst Héichtenënnerscheeder um Merkur hunn. Déi Strukture ginn an der Astrogeologie als Rupes (lat. Bëschung, géi Wand) bezeechent. Si zéie sech queesch duerch Flächen a Krateren. Et handelt sech ëm Iwwerrécklunge vun der Kuuscht. Déi doduerch säitlech versat Kraterdeeler weisen, datt si och horizontal géintiwwer verréckelt goufen. Déi Iwwerrécklunge si wahrscheinlech duerch e Schrompe vum ganze Planéit entstanen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie


Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Merkur – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. Sterne und Weltraum, 1/2010, S. 22–24
  2. Mitton, Simon: Cambridge Enzyklopädie der Astronomie. München, 1989, Urania Verlag, ISBN 3-572-03667-4'