Saturn (Planéit)
De Saturn ass deen zweetgréisste Planéit an eisem Sonnesystem. Et ass e Gasplanéit a gëtt a senger Gréisst nëmmen vum Jupiter iwwertraff. Hie besteet zu 97 % aus Waasserstoff an huet vun alle Planéiten am Sonnesystem déi geréngsten Dicht. De Saturn ass de sechste Planéit vum Sonnesystem, seng Bunn verleeft tëschent där vum Jupiter an dem Uranus. Säin Zeechen ass eng stiliséiert Séchel: ♄
De Saturn hieft sech vun deenen anere Planéiten duerch seng ausgeprägte Réng of. Déi kann ee schonns mat klengen Teleskopen gesinn. De Rank besteet zu gréissten Deeler aus Waasseräis an aus Gestengs. Déi sougenannten Equatorsträifen vun senger Wollekeschichten sinn net esou däitlech wéi déi vum Jupiter.
Bis Enn 2007 goufen 60 Saturnmounden entdeckt, dee gréissten dovun ass den Titan mat 5150 km Duerchmiesser.
Inhaltsverzeechnes |
E puer Donnéeën[änneren]
- Grouss Hallefachs= 9,582
- Perihel = 9,021
- Aphel = 10,054
- Exzentrizitéit = 0,05415
- Bunnschréicht = 2,484
- Ëmlafdauer = 29,457 a
- Oppositiounsintervall = 378,09 d
- Ëmlafgeschwënnegkeet = 9,69
- Klengsten Ofstand = 7,991
- Größter Ofstand = 11,086
- Äquatorduerchmiesser = 120.536
- Polduerchmiesser = 107.812
- Mass = 5,685 • 1026
- Dicht = 0,687
- Fallbeschleunegung = 10,44
- Fluchtgeschwëndegkeet = 35,5
- Rotatiounsperiod = 10 h 47 m
- Achseschréicht = 26,73
- Albedo = 0,74
- Temperatur = ? – 134 – ?
- Atmosphärenhaaptbestanddeeler
- 56 Mounden
Ënner aneren : Titan, Rhea,Dione, Tethys, Iapetus
Ëmlafbunn a Rotatioun[änneren]
Ëmlafbunn[änneren]
De Saturn leeft op enger bal kreesfërmeger Ëmlafbunn mat enger Exzentrizitéit vun 0,054 ëm d'Sonn. Säi sonnenoste Punkt, de Perihel, läit bei 9,02 AE a säin wäiteste Punkt vun der Sonn, den Aphel, bäi 10,05 AE. Seng Ëmlafbunn ass mat 2,48° liicht gàint d'Ekliptik gebéit. Fir een Ëmlaf ronderem eis Sonnbrauch de Saturn ongeféier 29 Jahre an 166 Deeg.[1]
Rotatioun[änneren]
D'Rotatiounsachs vum Saturn ass 26,73° géint seng Ëmlafbunn gebéit. Hie rotéiert net wéi ee starre Kierper, mä weist wéi ee Gasplanéit eng differentiell Rotatioun: D'Equatorregiounen rotéieren méi séier (eng Rotatioun an 10 Stonnen, 13 Minutten an 59 Sekonnen). D'Polregiounen (10 Stonnen, 39 Minutten an 22 Sekonnen). D'Equatorregiounen ginn als „System I“, d'Polregiounen als „System II“ bezeechent. Duerch Magnéitfeldmiessungen vu Raumsonden gouf fir de Kär vum Saturn nach méi eng lues Rotatiounsperiod vun 10 Stonnen, 47 Minutten an 6 Sekonnen berechent.
Duerch nei, kombinéiert Auswertungen vu Miessdate, déi d'Raumsonden Pioneer 11, Voyager 1 an 2 souwéi Cassini-Huygens vun der Schwéierkraaft, de Wandvitessen a mat Radio-Okkultatiounen geliwwert hun, sinn zwéi US-amerikanesch Wëssenschaftler 2007 zu dem Resultat komm, datt de Saturnkär eng Ëmdréiung an 10 Stonnen, 32 Minutten an 35 Sekonnen absolvéiert an domat siwe Minutte méi séier ass, wéi bis elo geduecht.[2] Deemno muss de Kär méi kleng sinn, wéi bis elo gemengt gouf.
Siichtbarkeet[änneren]
An der folgender Tabell sinn d'Siichtbarkeeten vum Saturn vun Enn 2006 bis 2009 uginn. Niwent dem Datum vun der Oppositioun ass och déi visuell Magnitude, den Ofstand zur Äerd an de Wénkelduerchmiesser während der Oppositioun uginn.
| Stationär, da réckleefeg | Oppositioun | Oppositiouns- distanz |
Oppositiouns- hellegkeet |
Wénkel- duerchmiesser |
Schréicht der Reng |
Stationär, dann rietsleefig | Konjunktioun zur Sonn |
|---|---|---|---|---|---|---|---|
| 6. Dezember 2006 | 10. Februar 2007 | 8,20033 AE | 0,0 mag | 20,32″ | −13,9° | 20. Abrëll 2007 | 21. August 2007 |
| 20. Dezember 2007 | 24. Februar 2008 | 8,29136 AE | 0,2 mag | 20,10″ | −8,4° | 3. Mee 2008 | 4. September 2008 |
| 1. Januar 2009 | 8. Mäerz 2009 | 8,39440 AE | 0,5 mag | 19,85″ | −2,6° | 17. Mee 2009 | 17. September 2009 |
| 14. Januar 2010 | 22. Mäerz 2010 | 8,50379 AE | 0,5 mag | 19,60″ | 3,2° | 31. Mee 2010 | 1. Oktober 2010 |
Literatur[änneren]
- Ute Kehse: Polarlichter sind einzigartig – Cassini und Hubble werfen 25 Jahre alte Theorien über den Haufen (Bericht über einen Artikel in der Zeitschrift Nature): 19. Februar 2005, Onlineportal der Zeitschrift Bild der Wissenschaft: Artikel online abrufbar unter http://www.wissenschaft.de/wissen/news/249343.html
- E. Best: „The Astronomical Knowledge of the Maori, Genuine and Empirical“ aus der Reihe: „New Zealand Dominium Museum Monograph“, Wellington 1922, p. 35.
- Ronald Weinberger: Präzise Bestimmung der Rotation des Saturn. Naturwissenschaftliche Rundschau 59(12), S. 664 - 665 (2006)
Kuckt och[änneren]
Um Spaweck[änneren]
| Commons: Saturn – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Cassini-Huygens – Mission zum Saturn und Titan (DLR)
- Mission Cassini (FU Berlin)
- RPIF-Bestandsverzeichnis: Saturn
- Die 8 Planeten: Saturn
- Saturn und die aktuelle Mission Cassini-Huygens
- Der Planet Saturn: Wissenswertes und Flash-Film
- NASA-Seite zum Saturn (en)
- Voyager 1 and 2 – Atlas of Six Saturnian Satellites (en)
- Liste der Saturnmonde (en)
- Saturn-Vortrag
- Offiziell Säit mat Fotoën vun der Cassini-Huygens Missioun
Referenzen[änneren]
- ↑ NASA Saturn Fact Sheet.
- ↑ John D. Anderson and Gerald Schubert Saturn's Gravitational Field, Internal Rotation, and Interior Structure
Sonn - Merkur - Venus - Äerd - Mars - Asteroidenceinture - Jupiter - Saturn - Uranus - Neptun - Pluto - Koméiten - Kuiperceinture - Oort-Wollek - Asteroid - Tabellaresch Iwwersiicht vun de Planéiten an Zwergplanéiten