Cassini-Huygens
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Bei der Cassini-Huygens-Missioun soll de Planéit Saturn a säi gréisste Mound, den Titan, erfuerscht ginn. Cassini-Huygens besteet aus zwéin Deeler, der Sond Cassini vun der NASA an der Landesond Huygens vun der ESA.
Inhaltsverzeechnes |
Missioun [änneren]
D'Cassini-Sond hat 1.422 Milliounen US-Dollar kascht, 422 Milliounen US-Dollar hat Titan IVB kascht, 54 Milliounen US-Dollar fir d'Verfolgung, 500 Milliounen US-Dollar ware vun der ESA bäigesteiert ginn, 160 Milliounen US-Dollar vun der ASI a 710 Milliounen US-Dollar huet d'Duerchféierung vun der Missioun kascht. D'Cassini-Sond ass 6,7 Meter héich, 4 Meter breet a 5.712 kg schwéier.
Genannt no: [änneren]
- Cassini ass genannt nom Giovanni Domenico Cassini
- Huygens ass genannt nom Christiaan Huygens
Missiounsverlaaf [änneren]
- De 15. Oktober 1997 ass Cassini-Huygens mat enger Titan IVB gestart. Si flitt am Moment mat 12,4 km/s, mä fir de Saturn ze erreeche sinn awer 15,1 km/s néideg.
- De 24. Abrëll 1998 flitt Cassini-Huygens laanscht Venus.
- De 24. Juni 1999 flitt Cassini-Huygens fir 2. laanscht Venus.
- Den 18. August 1999 mécht Cassini-Huygens e Swing-by mat der Äerd.
- Den 30. Dezember 2000 mécht Cassini-Huygens e Swing-by mam Jupiter.
- Den 30. Juni 2004 erreecht Cassini-Huygens de Saturn.
- De 25. Dezember 2004 trennt sech Huygens vum Cassini.
- De 14. Januar 2005 lant Huygens um Titan.
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Cassini-Huygens – Biller, Videoen oder Audiodateien |