Ethan
| Ethan | |
|---|---|
| Systemateschen Numm (IUPAC) | Ethan |
| Trivialen Numm | Ethan |
| Chemesch Formel | C2H6 |
| Ausgesinn | duerchsiichtege Gas[1] |
| Eegeschaften | |
| Dicht | 1.0493 bei 0 °C[1] |
| Léislechkeet am Waasser | 0,0602 (bei 25 °C am Waasser)[1] g·L−1 |
| Molmass | 30,07 g·mol−1 |
| Schmëlzpunkt | -172[1] °C |
| Kachpunkt | -88[1] °C |
| Thermodynamesch Daten | |
| Standard Formatiounsenthalpie
|
-84, ± 0,4[2] kJ·mol−1 |
| Standardentropie
|
230[3] J·K−1·mol−1 |
| Verbrennungsenthalpie
|
-1560,7 ± 0,3[4] kJ·mol−1 |
| Weideres | |
| Ähnlech Molekülen | Methan Propan Butan |
| Chemesch Famill | Alkanen |
Ethan ass e gesiedegten Kuelewaasserstoff aus der Famill vun den Alkanen. E kënnt am Sumpfgas, Äerdgas an an de Raffinerie- a Kokereigaser vir. Ethan ass e Bestanddeel vun de Brenngaser.
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Physikalesch Esgenschaften
Ethan ass bei 25 °C an 1013 hPa am gasfërmege Zoustand an en huet kee Geroch[1] a keng Faarf[1]. En ass bësse méi schwéier wéi Loft, seng Dicht läit bei 1,05[1][5]. Ethan léist sech schlecht am Waasser op, dofir awer ass en am Benzol gutt léislech. Wéi de Methan, ass och den Ethan schwéier ze verflëssegen, wéinst sengem nidderege Kachpunkt.[5]
[änneren] Chemesch Eegenschaften
Ethan ass liichtentzündlech a kann, mat Sauerstoff gemëscht, explodéieren. E brennt mat enger schwacher Flam. Bei der Verbrennung vum Ethan entsteet, wéi bei all Alkan, Waasser a Kuelendioxid[6].
Ethan forméiert mam Chlor a mam Brom duerch Substitutioun nei Produiten. Déi wichtest sinn déi chloréiert Substitutiounsproduiten wéi de Monochloroethan, den Dichloroethan, den Trichloroethan, den Tetrachloroethan, de Pentachloroethan a den Hexachloroethan[6].
[änneren] Produktioun vum Ethan
Am Laboratoire:
Ethan kann ee mat der Elektrolys vun enger konzentréierter Natriumacetat-Léisung hirstellen. Dobäi entsteet un der Kathod Waasserstoff an un der Anod Ethan a Kuelendioxid.
Eng aner Méiglechkeet ass d’Wurtz-Reaktioun. Mat Monochloromethan a Natrium léisst sech Ethan gutt hierstellen[6].
Eng drëtt Method besteet doranner, Natriumpropanoat mat Natriumhydroxid ze hëtzen[6].
An der Industrie:
Aus Äerdgas kann e Ethan industriell hirstellen. Aner Methode sinn d’Pëtrolhydréierung an d’Kuelenhydréierung.
[änneren] Uwendung
An der chemescher Industrie gëtt Ethan geholl fir Ethen hirzestellen. Eng Method dofir ass de Cracking. Bei 500 °C bis 1000 °C gëtt den Ethan an Ethen a Waasserstoff ëmgewandelt[6][5].
[änneren] Literatur
- Éditions A. De Boeck, Bruxelles, 1979, Chimie organique, A. Dessart - J. Jodogne - J. Paul
[änneren] Um Spaweck
- http://www.seilnacht.com/Chemie/ch_ethan.htm
- http://webbook.nist.gov/cgi/cbook.cgi?Name=ethane&Units=SI [28.02.2012]
[änneren] Referenzen
- ↑ 1,0 1,1 1,2 1,3 1,4 1,5 1,6 1,7 O'Neil, M. J. (ed.). The Merck Index - An Encyclopedia of Chemicals, Drugs, and Biologicals. 13th Edition, Whitehouse Station, NJ: Merck and Co., Inc., 2001., p.664
- ↑ Manion, J.A., J. Phys. Chem. Ref. Data, 2002, 123-172.
- ↑ J. G. Stark, H. G. Wallace, Chemistry Data Book, Second Edotion in SI, London: John Murray, 1982, p. 48
- ↑ Pittam, D.A.; Pilcher, G., Measurements of heats of combustion by flame calorimetry. Part 8.-Methane, ethane, propane, n-butane and 2-methylpropane, J. Chem. Soc. Faraday Trans. 1, 1972, 68, 2224-2229.
- ↑ 5,0 5,1 5,2 http://www.seilnacht.com/Chemie/ch_ethan.htm [16.02.2012]
- ↑ 6,0 6,1 6,2 6,3 6,4 Éditions A. De Boeck, Bruxelles, 1979, Chimie organique, A. Dessart - J. Jodogne - J. Paul, S.64-65
| Commons: Ethane – Biller, Videoen oder Audiodateien |


