Dicht

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

D'Dicht (méi genee: Massendicht) vun engem Kierper ass d'Verhältnes vu senger Mass zu sengem Volumen. Si gëtt zum Beispill a Gramm pro Kubikzentimeter oder Kilogramm pro Liter uginn. Bildlech gesot beschreift si, ob de Kierper fir seng Gréisst liicht wéi eng Plomm oder schwéier wéi Bläi ass.

Zerdeellt een e Kierper, dee gläichméisseg aus demselwechte Material zesummegesat ass, da kritt een Deeler mat anere Massen, anere Formen an anere Gréisstee. Awer d'Verhältnës vun der Mass M zum Volumen V, d'Dicht

\rho= \frac{M}{V}\,,

huet bei den Deeler deeselwechte Wäert wéi bei dem ufängleche Kierper. D'Dicht ass eng fir d'Material vum Kierpers charakteristesch, vu senger Form an Gréisst onofhängeg Eegeschaft.

Mat -dicht zesummegesate Wierder bezeechnen och aner Gréissten, déi op d'Volumen, heiansdo awer och op eng Fläch, eng Längt, en Frequenzintervall oder Aneres bezunn ginn.

[änneren] Uertsofhängeg Dicht

Bei bestänneg verdeelter Matière ass d'Mass \mathrm d M an engem fir kleng a méi kleng Beräicher onofhängeg vun \mathrm d V. De Grenzwäert definéiert d'Massendicht \rho\,,

\mathrm dM = \rho(\mathbf x) \,\mathrm dV\,.

Fir een homogene Kierper, deem seng Massendicht a sengem Kär iwwerall de Wäert \rho_0 huet, ass d'Gesamtmass M d'Produkt vun Dicht an Volumen V\,,

M = \rho_0\,V\,.

Bei inhomogener Dicht ass d'Gesamtmass allgemenger d'Volumenintegral iwwer d'Massendicht


M = \int_V \rho(\mathbf x)\,\mathrm d V\,.

D'Dicht ergëtt sech aus de Massen vun den Atome, aus deenen d'Material besteet an aus hiren Ofstänn. An homogenem Material, zum Beispill an engem Kristall, ass d'Dicht iwwerall gläich. Si ännert sech normalerweise mat der Temperatur an, bei Matièren, déi wéi Gasen kompressibel sinn, mat dem Drock. Dofir ass d'Dicht vun der Atmosphär uertsofhängeg an hëlt mat der Héicht of.

D'Reciproque vun der Dicht gëtt spezifesche Volume genannt a spillt virun allem an der Thermodynamik vun de Gasen an Dämp eng Roll. D'Verhältnes vun der Dicht vun engem Stoff zu senger Dicht am Normzoustand gëtt als Relativ Dicht bezeechent.

[änneren] Um Spaweck

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen