Alkanen
Alkanen (fréier : Paraffinen, Grenzkuelewaasserstoffer) sinn azyklesch an net gesiedegt Kuelewaasserstoffer vun der Strukturformel CnH2n+2. Vum Butan u ginn et verzweigt Alkanen. Dat sinn d'Isomeren, si ginn als Isoalkanen oder Isoparaffinen (i-Alkanen, i-Paraffinen) bezeechent. Déi normal kettefërmeg Alkanen, déi net verzweigt sinn, ginn n-Alkanen oder n-Paraffine genannt. D'Cycloalkanen hunn eng Rankstruktur.
Inhaltsverzeechnes |
Nomenklatur [änneren]
Ausser deenen éischte véier Alkanen gëtt den Numm vun engem n-Alkan aus enger griichescher Zuel an dem Suffix –an forméiert. D'Zuel gëtt d'Nummer vun de Kuelestoff-Atomer vum n-Alkan un. De Buschtaf n seet, datt et sech ëm e kettefërmegen Alkan handelt.
| Numm | Formel | Kachpunkt (C°) | Schmëlzpunkt (C°) |
|---|---|---|---|
| Methan | CH4 | -161,5 | -182,5 |
| Ethan | CH3-CH3 | -88,6 | -183,3 |
| Propan | CH3-CH3-CH3 | -42,1 | -187,7 |
| n-Butan | CH3-CH3-CH3-CH3 | -0,5 | -138,4 |
| n-Pentan | CH3-(CH2)3-CH3 | 36,1 | -129,7 |
| n-Hexan | CH3-(CH2)4-CH3 | 68,7 | -95,3 |
| n-Heptan | CH3-(CH2)5-CH3 | 98,4 | -90,6 |
| n-Octan | CH3-(CH2)6-CH3 | 125,7 | -56,8 |
| n-Nonan | CH3-(CH2)7-CH3 | 150,8 | -53,5 |
| n-Decan | CH3-(CH2)8-CH3 | 174,1 | -29,7 |
Physikalesch Eegeschaften [änneren]
Déi éischt véier Alkanen (Methan, Ethan, Propan a Butan) si bei Raumtemperatur a bei Atmosphärendrock (1013 hPa) gasfërmeg. Mat 5 bis 16 Kuelestoff-Atomer (Pentan bis Hexadecan) si se flësseg an all Alkan, deen nach méi C-Atomer huet, ass fest.
Chemesch Eegeschaften [änneren]
U sech sinn d'Alkanen inert a reagéiere seele mat anere Produiten. Dofir gi se och Paraffine genannt.
Alkane reagéieren awer mat dem Chlor a mat der Schwiefelsaier fir nei Produiten ze forméieren. Mam Sauerstoff verbrenne se zu Kuelendioxid a Waasser. Aner Reaktioune vun den Alkane sinn de Cracking an d'Isomeriséierung.
Virkommen [änneren]
Äerdgas a Pëtrol besti gréisstendeels aus Alkanen.
Hierstellung [änneren]
An der Industrie ginn Alkanen aus dem Äerdgas an aus dem Pëtrol destilléiert an extrahéiert.
Uwendung [änneren]
Alkane ginn als Brennes, Sprit a Léisungsmëttel geholl. Doniewent sinn se wichteg Basisproduiten an der Petrochimie.
Literatur [änneren]
- Éditions A. De Boeck, Bruxelles, 1979, Chimie organique, A. Dessart - J. Jodogne - J. Paul
| Commons: Linear alkanes – Biller, Videoen oder Audiodateien |