Kuelewaasserstoffer
D'Kuelewaasserstoffer sinn déi chemesch Verbindungen, déi nëmmen aus Kuelestoff a Waasserstoff bestinn. Si sinn d'Basisproduite vun den organesche Verbindungen. Wann een d'Waasserstoff-Atomer duerch fonctionell Gruppen oder d'Kuelestoff-Atomer duerch aner Atomer (Schwiefel, Stéckstoff, Sauerstoff) ersetzt, entstinn eng ganz Rëtsch vun organesche Produiten.
Inhaltsverzeechnes |
Andeelung vun de Kuelwaasserstoffer [änneren]
D'C-Atomer kënne véier Liaisoune forméieren. Bei de Kuelewaasserstoffer si se entweder duerch eng Liaisoun matenee verbonnen (dat sinn déi gesiedegt Kuelewaasserstoffer), oder si sinn duerch zwou oder dräi Liaisoune matenee verbonnen (dat sinn déi ongesiedegt Kuelewaasserstoffer). Déi Liaisounen, déi iwwreg bleiwen, gi mat H-Atomer gemaach.
Op der enger Säit ginn et aliphatesch oder azyklesch Kuelewaasserstoffer. Déi bestinn aus lineare Ketten ouni oder mat Ramifikatiounen. Op der anerer Säit ginn et rankfërmeg oder zyklesch Kuelewaasserstoffer.
Bei den aliphatesche Kuelewaasserstoffer ënnerscheet een déi gesiedegt Alkanen an déi ongesiedegt Alkenen an Alkinen. Bei de rankfërmge Kuelewaasserstoffer ginn et déi sougenannten alizyklesch (aliphatesch-zyklesch) Verbindungen, d'Cycloalkanen an d'Cycloalkanen. Déi hunn déiselwecht Eegeschafte wéi d'aliphatesch Kuelewaasserstoffer. Doniewent ginn et nach Kuelewaasserstoffer aus der Grupp vun den aromatesche Verbindungen. Déi (z. B.: Benzol, Naphtalin) reagéieren awer aneschters wéi déi normal Kuelewaasserstoffer.
Polyzyklesch Kuelewaasserstoffer enthale méi wéi e Ranksystem. Wa bei hinnen zwéi gesiedegt oder ongesiedegt Réng iwwer zwee C-Atomer matenee verbonne sinn, gi se kondenséiert bzw. anelléiert Kuelewaasserstoffer genannt. Wann awer zwéi Réng iwwert een C-Atom matenee verbonne sinn, gi se als Spirokuelewaasserstoffer bezeechent.
Et ginn och Kuelewaasserstoffer, déi eng geometresch Form vun de platonesche Kierper hunn. Déi gi platonesch Kuelewaasserstoffer genannt. De Cuban gehéiert zu där Famill.
Kuelewaasserstoffer, déi an de Planze virkommen, ginn Terpenen oder Alkaloide genannt. Dat si planzlech Inhaltstoffer wéi zum Beispiel Menthol.
Am liewegen Organismus existéiere se ënnert der Form vu Steroiden.
Physikalesch Eegeschaften [änneren]
Kuelewaaserstoffer mat bis zu véier C-Atomer si gasfërmeg. Soubal d'Zuel vun den C-Atomer erop geet, gi se flësseg, dann déckflësseg wéi Ueleg a schliisslech fest.
Chemesch Eegeschaften [änneren]
All Kuelewaasserstoffer verbrennen zu Kuelendioxid a Waasser, wa genuch Sauerstoff do ass. Wann dat net de Fall lass, entsteet de gëftege Kuelemonoxid oder Kuelestoff.
Virkommen [änneren]
Kuelewaasserstoffer komme virun allem am Pëtrol, Äerdgas an am Goudron vir. Mä et fënnt een se och an de Planzen an am liewegen Organismus.
Uwendung [änneren]
Kuelewaasserstoffer gi gebraucht fir Brennes, Mazout, Bensin a Léisungsmëttel hierzestellen. An der organescher Chimie sinn se d'Basisproduiten fir vill aner Substanzen.
Ëmwelt [änneren]
An der Natur gi Kuelewwaasserstoffer hiergestallt, wa sech organesch Substanzen zerstetzen oder sech erëm opbauen a sinn iwwerall an der Atmosphär verbreet. Mä si entstinn och an der Pëtrolsindustrie, bei der Kueleverbrennung a beim Verbrauch vu Léisungsmëttel. An den Ofgasen trieden ëmweltschiedlech Substanzen op, déi als CH bezeechent ginn. D'Chlorkuelewaasserstoffer (FCKW) an déi aromatesch Kuelewaasserstoffer (Benzol) sinn och fir d'Ëmwelt geféierlech. Polyzyklesch aromatesch Kuelewaasserstoffer (Benzpyren) entstinn, wa fossil Brennstoffer an organesch Produiten net ganz verbrennen. Si existéieren och an den Emissiounen vun Autoen an Heizungen, an den Dämp vum Tubak an am Goudron. Si kommen all iwwert d'Loft an d'Drénkwaasser a kënne kriibserregend sinn.
Et ginn awer Mikroorganismen (Pëtrolsbakterien), déi Kuelewaasserstoffer ofbauen a sech dovunner ernieren.
Literatur [änneren]
- Brockhaus - Die Enzyklopädie: in 30 Bänden. 21., neu bearbeitete Auflage. Leipzig, Mannheim: F. A. Brockhaus 2005-06.
| Commons: Hydrocarbons – Biller, Videoen oder Audiodateien |