Benzol
| Benzol | |
|---|---|
| Systemateschen Numm (IUPAC) | Benzol |
| Trivialen Numm | Benzen, Cyclohexen |
| Chemesch Formel | C6H6 |
| Ausgesinn / Geroch | faarflos Flëssegkeet mat charakteristeschem Geroch |
| Eegeschaften | |
| Dicht | 0,88nbsp;g/cm3 |
| Léislechkeet | 1.8nbsp;g/l bei 15 °C (am Waasser) |
| Molmass | 78,11 g/mol |
| Schmëlzpunkt | 5,4 °C |
| Kachpunkt | 80 °C |
| Dampdrock | 100nbsp;hPa (20nbsp;°C) |
| Thermodynamesch Daten | |
| Weideres | |
| Ähnlech Molekülen | Phenol, Naphtalin |
| Chemesch Famill | Kuelewaasserstoffer |
Benzol oder Cyclohexen (fr.: benzène) ass en ongesiedegten, rankfërmege Kuelewaasserstoff mat dräi duebele Bindungen an ass de Basisprodukt vun den aromatesche Verbindungen.
Inhaltsverzeechnes |
Physikalesch Eegeschaften [änneren]
Benzol ass eng flüchteg, duerchsiichteg a beweeglech Flëssegkeet mat engem aromatesche Geroch. En ass léislech am Alkohol an am Ether, mä net am Waasser an e brécht d'Liicht.
Chemesch Eegeschaften [änneren]
Verbrennung [änneren]
Benzol ass liicht entzündlech a seng Dämp forméiere mat Sauerstoff gemëscht en explosiivt Gasgemësch.
Oxydatioun [änneren]
Benzol gëtt net vun de gewéinlechen Oxydanten KMnO4 oder K2Cr2O7 ugegraff. Mä mat vill Hëtzt an engem Katalysator reagéiert de Benzol mam Sauerstoff a verwandelt sech a Phenol.
Substitutioun [änneren]
Mam Chlor forméiert Benzol eng ganz Rëtsch vu stabile, chloréierte Produiten: C6H5Cl, C6H4Cl2, C6H3Cl3, C6H2Cl4, C6HCl5, C6Cl6
Déi Reaktioune gi mat Iod katalyséiert.
Additioun [änneren]
Mat Liicht reagéiert Benzol mam Chlor a verwandelt sech an Hexachlorocyclohexan, deen awer net stabil ass. Aneschters wéi bei der Substitutioun ginn hei déi dräi duebel Liaisounen zerstéiert an all H-Atom gëtt duerch e Cl-Atom ersat.
Hierstellung [änneren]
Benzol gëtt duerch Distillatioun vum Goudron hiergestallt an aus dem Pëtrol extrahéiert. De franséische Chemiker Marcellin Berthelot huet et fäerdegbruecht duerch d'Hëtze vun Acetylen ënner Drock a mat Hëllef vu Katalysatore Benzol ze produzéieren.
Uwendung [änneren]
Benzol ass e Léisungsmëttel fir ganz vill chemesch Produiten wéi zum Beispill Iod, Schwiefel a Phosphor. Doniewent gëtt e nach geholl fir Kautschuk a Fetter opzeléisen. E soll a loftdichte Behältere gelagert ginn.
| Commons: Benzene – Biller, Videoen oder Audiodateien |

