Polarliicht

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Polarliicht bei Salangen (Norwegen)
Polarliicht bei Vadsø, Nord-Norwegen

D'Polarliicht (als Nordliicht um Nordpol wëssenschaftlech Aurora borealis, als Südliicht um Südpol Aurora australis) ass e Liichtphenomen, dat beim Opschloe vu geluedenen Deelercher vum Sonnewand op d'Äerdatmosphär an de Polargebidder vun der Äerd verursaacht gëtt. Polarliichter si meeschtens nërdlech vum 60. nërdleche Breedegrad a südlech vum 60. südleche Breedegrad ze gesinn.

Entwécklung[änneren | Quelltext änneren]

Antrëtt vu Sonnewandpartikelen iwwer d'polar Trichteren
Polarliichter um Saturn

Polarliichter entstinn, wann elektresch gelueden Deelercher vun der Magnéitosphär, haaptsächlech Elektronen, awer och Protonen (Sonnewand) an e puer schwéier Ionen (Sauerstoff a Stéckstoff), op déi iewescht Schichte vun der Äerdatmosphär treffen an do d'Loftmoleküllen zum Liichten ureegen.
Den Opprall vun engem Deelchen bewierkt bei de Moleküllen/Atomen eng Elementar Ureegung vergläichbar mat enger geännerter Elektronekonfiguratioun. Bei der no kuerzer Zäit nees nofolgender Ofreegung gëtt Liicht fortgeschéckt, allgemeng als Fluoreszenz bezeechent.

Och Kärwaffentester an héije Schichte vun der Atmosphär (400 km) provozéiere sou Phenomener, wéi beispillsweis de Starfish-Prime-Test vun der USA den 9. Juli 1962.

Polarliichter trieden haaptsächlech an de Polarregiounen op, well d'Sonnewanddeelercher, en elektresch geluedene Plasma mat enger duerchschnëttlecher Vitesse vun zirka  500 bis 833 km/s (bis zu 3.000.000 km/h) an enger Dicht vun zirka  5 × 106 Deelche pro m3 an Äerdëmgéigend, gi vum Magnéitfeld vun der Äerd laanscht d'Feldlinnen op d'magnéitesch Polen dirigéiert. Do verleeft d'Magnéitfeld vertikal zu der Äerduewerfläch, an d'Deelercher kënnen an d'Äerdatmosphär antrieden. De Plasma brauch bis zum Antreffen bei engem Äerd-Sonn-Ofstand vu ronn 150 Millioune Kilometer ongeféier 2 bis 4 Deeg.

Och op anere Planéiten am Sonnesystem ginn déi Evenementer observéiert. Viraussetzung dofir ass, datt de Planéit en eegent Magnéitfeld an eng Atmosphär huet.

Heefegkeet[änneren | Quelltext änneren]

D'Heefegkeet vu Polarliichter a mëttlere Breeden (Mëtteleuropa) hänkt vun der Sonnenaktivitéit of. D'Sonn duerchleeft en Aktivitéitszyklus (Sonnefleckenzyklus), dee vum Ufank (solare Minimum) iwwer d'Mëtt (solare Maximum) bis zum Enn (neie Minimum) am Duerchschnëtt eelef Joer dauert. Mat dësem Zyklus schwankt och d'Heefegkeet vu Polarliichter. Besonnesch während dem Aktivitéitsmaximum (och Solarmax, fir d'lescht 2011/2012) geschéien staark Eruptiounen op der Sonn besonnesch heefeg. Déi dobäi ausgeschleidert grouss koronalen Massenausworf si fir Polarliichter a Mëtteleuropa bedeitungsvoll. A fréien a spéide Phase vum Sonnenzyklus, no um solare Minimum, trieden vill manner dëser Eruptiounen op a soumat gëtt et och eng däitlech kleng Wahrscheinlechkeet fir Polarliichter. Trotzdeem kënnen och am offalenden oder klammenden Sonnezyklus staark Evenementer observéiert ginn.

Sou goufen ënner anerem am Hierscht 2003 Polarliichter a Griicheland an och op de Kanareschen Inselen gesinn.[1] Am Mëttel kënnen während der Solarmaxphas a Mëtteleuropa ongeféier 10–20 vun dëse Liichtevenementer pro Joer gesi ginn, am Allgemengen um Nordhimmel, nëmme bei besonnesch staarkem Sonnewand kënne s'och a südlecher Richtung optrieden. Duerch äerdgebonne, visuell Sonnenobservatioun kënne Polarliichter kuerzfristeg virausgesot ginn. Et geet awer besser duerch d'Abezéie vu fräi brauchbaren Date vun de Weltraummissioune vun ESA an NASA zu der Erfuerschung vun der Sonn an dem Sonnewand. Well de Sonnewand 2–4 Deeg vun der Sonn bis op d'Äerd brauch, kann an deem Zäitofstand no enger staarker Sonneneruptioun mat Polarliichter gerechent ginn.

D'Intensitéit vun de Polarliichter klëmmt zanter 2007 nees un a kritt 2012 hiren Héichpunkt. D'NASA rechent mat de stäerkste Polarliichter zanter 50 Joer.[2]

Faarwen[änneren | Quelltext änneren]

Polarliicht aus dem All opgeholl
Héichtenofstufung rout/gréng (bei Tromsö)
Méifaarwegt Polarliicht

Polarliichter kënne verschidde Faarwen hunn. Gréngt Liicht entsteet duerch Sauerstoffatomer, déi a gutt 100 km Héicht ugereegt ginn, rout Liicht vu Sauerstoffatomer an enger Héicht vun 200 km. Ugereegt Stéckstoffatomer sende violett bis blot Liicht aus. Fir d'Ureegung vu Stéckstoffatomer sinn awer ganz héich Energien noutwendeg a sou kann een déi Faarwen nëmme bei staarkem Sonnewand observéieren.

Well de Sonnewand baussenzeg vun de Polarregioune rar déif an d'Atmosphär andréngt, si Polarliichter an eiser Géigend, meeschtens rout.

Formen[änneren | Quelltext änneren]

Et trieden véier verschidden Aarte vu Polarlichter op, déi ofhängeg vum Sonnewand sinn. Dëst sinn: Corona, Virhäng, roueg Béi a Bänner. Wëssenschaftlech gi si no der Valance-Jones Klassifikatioun ënnerdeelt:

Kierzel Englesch Bezeechnung Lëtzebuergesch Bezeechnung
HA Homogeneous Arc Gläichméissege Bou
HB Homogeneous Band Gläichméissegt Band
RA Rays Arc Stralefërmege Bou
RB Rays Band Stralefërmegt Band
DS Diffuse Surface Diffus Fläch
PS Pulsating Surface Pulsierende Fläche
PA Pulsating Arc Pulséierende Bou
C Corona Korona (réngfërmeg Stralen)
F Flaming Zenith-geriichte, pulséierend Stralen

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Kristian Schlegel: Vom Regenbogen zum Polarlicht - Leuchterscheinungen in der Atmosphäre. Spektrum Akad. Verl., Heidelberg 2001, ISBN 3-8274-1174-2.
  • Syun-Ichi Akasofu: Exploring the Secrets of the Aurora. Springer, Berlin 2007, ISBN 978-0-387-45094-0.
  • Duncan A. Bryant: Electron acceleration in the aurora and beyond. Institute of Physics Publ., Bristol 1999, ISBN 0-7503-0533-9.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Wiktionnaire: Polarlicht – Definitioun, Synonymer an Iwwersetzungen
Commons: Polarlicht – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. Polarlichtbilder 2003
  2. Münchner Merkur Nr. 261 vom 12. November 2011