Atmosphär vun der Äerd

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Ee Sonnenënnergang iwwer dem Indeschen Ozean, vun der ISS aus fotograféiert. Et kann een déi verschidde Schichten erkennen: D'Troposphär, orange a giel, déi schwaarz Flécken heira si Wolleken; doriwwer, déi beige a wäiss Regioun ass d'Stratosphär; déi blo Zone sinn déi aner Schichten déi da lues an de schwaarze Raum iwwerginn.

D'Atmosphär vun der Äerd ass d'Loft déi ronderëm der Äerd ass a si ëmschléisst. Et ass e Gemësch aus verschiddene Gasen.

Et gëtt ganz ënnerschiddlech Schichten (Sphären).

Déi ënnescht ass dTroposphär mat hirer wiederbildender Zirkulatioun, déi iewescht, dExosphär, ass eng ganz dënn Schicht, déi an de Raum iwwergeet.

D'Atmosphär ass ongeféier 700 km déck an den Iwwergank an de Raum (wou guer keng Loft méi ass) ass net abrupt. D'Gasdeelercher gi lues a lues ëmmer méi dënn bis si op eng Kéier ganz verschwonne sinn.

Ouni d'Atmosphär wier d'Äerd sou wéi de Mound, et géif kee Waasser gi fir ze drénken a keng Loft fir z'otmen. Ausserdeem schützt si eis virun de Sonnestrahlen a viru Meteoraschléi.

Schichte vun der Atmosphär[änneren | Quelltext änneren]

D'Atmosphär gëtt, jee no Héicht a jee no Temperatur, an ënnerschiddlech Schichten agedeelt.

Ganz ënnen ass d'Troposphär, wou d'Temperatur, bei klammender Héicht, ëmmer méi erof fält. Si geet bis ongeféier 10 km an d'Héicht.

An der Stratosphär, bis zu 50 km déck, hëlt d'Temperatur, bei klammender Héicht, zou.

Tëscht 50 km an 100 km läit d'Mesosphär. Hei fält Temperatur erëm rapid erof.

Déi besonneg staark ioniséiert Schichten tëscht 50 an 300 km Héicht nennt een Ionosphär.

An der Thermosphär an an der Exosphär gëtt d'Dicht vum Gas ëmmer méi kleng. D'Grenz vun der Exosphär läit bei ongeféier 700 km Héicht.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Commons: D'Atmosphär vun der Äerd – Biller, Videoen oder Audiodateien