Mesosphär

Vu Wikipedia
Opbau vun der Äerdatmosphär

D'Mesosphär (vu mésē "Mëtt" a sphaíra "Kugel") ass déi mëttelst vun de fënnef Schichte vun der Äerdatmosphär souwéi en Deel vun der Ionosphär a vun der Homosphär.

D'Mesosphär ass ofgegrenzt:

D'Mesosphär reecht also ongeféier vu 50 km bis 85 km Héicht.

Wa Meteoren op d'Äerd stierzen, verglouse si meeschtens an der Mesosphär, dat gesi mir dann als Stäreschnäizen.

Temperaturverlaf[änneren | Quelltext änneren]

Duerchschnëttlech Temperatur a molar Mass vun der Loft an Ofhängegkeet vun der Héicht

An der Mesosphär falen d'Temperature vu ronn 0 °C an der Stratopaus mat joreszäitleche Variatiounen op duerchschnëttlech zirka −90 °C an enger Héicht vun 80 Kilometer, an zwar duerch déi extreem ausgedënnt Loft a well bal keen Ozon do ass a sech d'Absorptioun vun der energieräicher UV-Stralung eréischt an der Stratosphär ofspillt déi drënner läit. D'Temperaturreduktioun an der Mesosphär ass mat ronn 3 K/km allerdéngs vill méi kleng wéi an der Troposphär. Well d'Mesosphär iwwer der Ozonschicht läit, ass d'UV-Liicht do nach sou staark, datt e mënschleche Kierper banne kierzter Zäit schwéier Verbrennunge géif kréien. Iwwer der Mesosphär läit d'Mesopaus, an där d'Temperatur konstant bleift. Si geet eréischt an der Thermosphär nees staark an d'Luucht, jee no Sonnenaktivitéit op bis zu 2.000 °C.

An der Mesosphär existéiert eng Zirkulatioun vum Summer- zum Wanterpol, déi en Opwäertstransport vu Loftmassen am Beräich vum Summerpol an en Ofwäertstransport am Beräich vum Wanterpol verursaacht. Wéinst där domat verbonnener adiabatescher Ofkillung vun der Loft (am Beräich vum Summerpol) resp. Erwäermung (am Beräich vum Wanterpol) ass d'Mesosphär am Summer (d. h. am Beräich vum Summerpol), ëm ongeféier 130 bis 150 K, méi kal wéi am Wanter.

Cheemesch Zesummesetzung[änneren | Quelltext änneren]

D'cheemesch Zesummesetzung vun der Mesosphär ass wéi déi vun der Troposphär an der Stratosphär zimmlech konstant: hir Haaptbestanddeeler si Stéckstoff, Sauerstoff, Argon a Kuelendioxid. D'Mesosphär gehéiert domat zu der Homosphär.

Nuetswolleken déi liichten[änneren | Quelltext änneren]

An der ieweschter Mesosphär vun de Polkape bilden sech am Summer Liichtend Nuetswolleken. Si glënnere bloelzeg-sëlwreg a si mat bloussem A och an eise Breeten ze gesinn, wa se d'Liicht vun der Sonn, déi ënnergeet, reflektéieren. Et handelt sech dobäi warscheinlech ëm Usammlunge vun Äisdeelercher, déi net mam Nord- oder Polarliicht an och net mat de polare Stratosphärwolleke verwiesselt sollte ginn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]