Meteor

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Meteor (griich. metéoros (μετέωρος), bedeit: „an der Loft“) sinn am weidere Sënn lokal, sporadesch Liichterscheinungen um Himmel an un der Äerduewerfläch.

Am enke Sënn ginn domat Meteoroiden, meeschtens Stëbs- oder Stengstécker aus dem interplanetare Raum bezeechent, déi aus dem Weltraum an d'Atmosphär vun der Äerd andréngen an do duerch Loftreiwung Liichtspure maachen an dobäi verdämpen.

D'Meteorologie befaasst sech mat der Observatioun an der Beschreiwung vum Wiederoflaf an der Äerdatmosphär an och mat de Liichterscheinungen déi dermat an Zesummenhank stinn, déi zum Deel och als Meteore bezeechent ginn (kuckt ënnen).

Inhaltsverzeechnes

Stäreschnäizen a Feierkugelen [änneren]

Meteorstroum

De gréissten Deel vun de Meteoren huet en interplanetaren Urspronk; nëmme ganz wéineg kommen aus dem interstellare Raum op d'Äerd.

Am Volleksmond gi kleng Meteoren och Stärschnäize genannt. Hir Urspronksobjeten hunn en Duerchmiesser ëm 1 mm. Méi grouss Objeten (>10 mm) heesche Boliden, Feierkugel oder Feierball.

Zousätzlech ënnerscheet een teleskopesch Meteoren, déi net méi mam bloussen A ze gesi sinn.

Bezeechnung Duerchmiesser vum Urspronkskierper Mass Gesamtmass vun allen Objeten, déi d'Äerd all Dag treffen
Feierkugelen, Bolide méi grouss wéi 10 mm méi wéi 2 g 1 t
Stäreschnuppen
(-4mag bis +6mag)
1 mm bis 10 mm 2 mg bis 2 g 5 t
Teleskopesch Meteoren 0,1 mm bis 1 mm 0,002 mg bis 2 mg 20 t
Mikrometeoren méi kleng wéi 0,1 mm manner wéi 0,002 mg 1000 t bis 10.000 t

Déi meescht Meteorerscheinungen daueren nëmme Sekonnebrochdeeler a gi vun Deelercher fabrizéiert, déi ënner engem Millimeter grouss sinn an am Allgemengen mat 30 bis 70 Kilometer pro Sekonn op d'Äerdatmosphär treffen. Si vergléien dobäi vollstänneg. Meteoride mat der Gréisst vun engem Räiskär liwwere schonns androcksvoll Liichterscheinunge mat enger Dauer >1 s.

Vill méi rar sinn dogéint gréisser Objete vu mindestens e puer Kilogramm Mass, déi ënner Ëmstänn net vollstänneg vergléien an als Meteorit op d'Äerduewerfläch optreffen. Dat ass besonnesch bei Eisemeteoritten de Fall. Steemeteroiden zerfale bei nach gréisseren Ofmiessungen zu engem Schwaarm, deen trotzdeem net de Buedem erreecht, awer eng grouss Drockwell maache kann.

Den optriedende Liichteffekt entsteet dobäi nëmmen zum klengen Deel duerch d'Vergléie vum Deelche selwer, well Meteore liichten an iwwer 100 Kilometer Héicht. Duerch Loftreiwung an ofdämpend Material mécht sech hannert dem Kierper eng Plasmaspur, déi duerch stralend Rekombinatioun ugereegter Elektrone vu Loftatome liicht. D'Spuren kënnen dofir nach liichten, nodeem de Meteroid schonns verglitt ass. Si loosse sech unhand vun der Reflexioun vu Funkwellen um leetfäege Plasma nach minuttelaang noweisen (Meteorscatter).

Ausser dem siichtbare Liicht ass munchmol och Kaméidi oder Kraachen ze héieren.

Niewen eenzel optriedende Meteoren (sougenannt sporadesch Meteoren) gëtt et sougenannt Meteorstréim. Dës entstinn, wann d'Äerd d'Fluchbunn vun engem Koméit kräizt. Bekannt Meteorstréim sinn d'Quadrantiden am Januar, d'Perseiden am Juli an August, d'Leoniden am November souwéi d'Geminiden am Dezember.

Och kënschtlech Satellitten a Rakéitendeeler (Weltraumschrott) maache beim Antrëtt an d'Äerdatmosphär meteorähnlech Liichterscheinungen. Si sinn awer méi lues, doru kann e se vu richtege Meteoren ënnerscheeden.

Aner Zorten [änneren]

Ofgesi vun den uewe beschriwwene Meteoroiden, déi Liichterscheinunge maachen, gëtt tëschent de folgende Kategorië vun als Meteor bezeechenten Erscheinungen ënnerscheet, déi net duerch Kierperen, déi vergléien, entstinn:

Meeschtens handelt et sech bei dëse Meteoren ëm Naturerscheinungen, e puer sinn awer anthropogenen Urspronk, wéi zum Beispill Kondenssträife vu Fligeren oder d'Iridium Flares, déi duerch Spigelung an de Solarzelle vu Raumfluchkierper entstinn.

Literatur [änneren]

  • Heinrich Müller: Vater Beresfort's naturhistorische Unterhaltungen mit seinen Söhnen über die Wunder, die Pracht und den Nutzen der Meteore. Anleitung zur Betrachtung und Kenntniß großer, mächtiger, freundlicher u. ergötzlicher Naturerscheinungen. Krappe, Leipzig 1837 (Digitalisat).
  • Cuno Hoffmeister: Meteore, ihre kosmischen und irdischen Beziehungen. Akademische Verlagsgesellschaft, Leipzig 1937.
  • Cuno Hoffmeister: Meteorströme. J. A. Barth Verlag, Leipzig 1948.
  • Robert Hawkes, Ingrid Mann, Peter Brown: Modern Meteor Science. An Interdisciplinary View. Berlin 2005. ISBN 1-4020-4374-0.

Kuckt och [änneren]

Um Spaweck [änneren]

Commons: Meteor – Biller, Videoen oder Audiodateien