Meteorit

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Wiesselen op: Navigatioun, Sich
MET 00506, Een H3-Chondrit, fonnt an der Antarktis. Op de Säiten ass déi fir Meteoritten typesch Schmelzkuuscht ze gesinn. An der wéinst oxidéierten Eisebestanddeeler donkel gefierfter Matrix sinn agebette Chondren ze gesinn. (Foto: NASA/JSC)

Meteoritte si Festkierper vun ausserierdeschem Ursprong, déi duerch d'Atmosphär op d'Äerd falen. Si besti gewéinlech aus Silikatmineralen oder engem Eisen-Néckelalliage. Well et sech bal ëmmer ëm villkäreg Mineralaggregaten handelt, gi si onofhängeg vun hirer chemescher Zesummesetzung zum Gestengs gezielt.

Als Meteoroid bezeechent een den Urspronkskierper, wann en nach am interplanetaresche Raum ass. Beim Antrëtt an d'Atmosphär mécht en eng Liichterscheinung, déi als Meteor bezeechent gëtt. Wann en an der Atmosphär net vollstänneg vergloust, an en op de Buedem fält, nennt een e schliisslech Meteorit.

[änneren] Literatur

[änneren] Fachbicher an Artikelen

  • L. Schultz: Planetologie, eine Einführung. Birkhäuser-Verlag, Basel 1993. ISBN 3-764-32294-2
  • F. Heide: Kleine Meteoritenkunde. Springer-Verlag, Berlin 1988. ISBN 3-540-19140-2
  • R. W. Bühler: Meteorite. Urmaterie aus dem interplanetaren Raum. Birkhäuser-Verlag, Basel 1988. ISBN 3-764-31876-7
  • N. Widauer (Hrsg.): Meteoriten – was von außen auf uns einstürzt. Texte und Bilder im Schnittpunkt von Wissenschaft, Kunst und Literatur. Verlag Niggli, Sulgen/Zürich 2005. ISBN 3-7212-0534-0
  • O. R. Norton: The Cambridge Encyclopedia of Meteorites. Cambridge University Press, Cambridge 2002. ISBN 0-521-62143-7
  • H. Y. McSween, Jr. McSween: Meteorites and Their Parent Planets. Cambridge University Press, Cambridge 1999. ISBN 0-521-58751-4

[änneren] Um Spaweck

Commons: Meteorit – Biller, Videoen oder Audiodateien

Perséinlech Tools