Äerdbunn

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Äerdbunn
Mëttel elliptesch Bunnelementer, bezunn op
déi mëttel Ekliptik an d'mëttel Equinoxe (Epoch J2000.0)
Grouss Hallefachs 1,000 001 017 8 AE
149 598 022,95 km
[1]
Exzentrizitéit 0,016 708 634 2 [1]
Schréiegt géint d'Ekliptik [1]
Längt vum Perihel 102,937 348 08° [1]
Mëttel Längt 100,466 456 83° [1]
Mëttel sideresch Bewegung 0,985 609 112 5°/Dag
Period: 365,256 363 2 Deeg
[2]
Mëttel tropesch Bewegung 0,985 647 358°/Dag
Period: 365,242 190 4 Deeg
[2]

D'Äerdbunn – d'Ëmlafbunn vun der Äerd am Sonnesystem – ass de Wee, deen d'Äerd bei hirem jäerlechen Ëmlaf ëm d'Sonn beschreift.

Vum Polarstär aus gekuckt leeft d'Äerd géint den Auerzäresënn ëm d'Sonn.

Ellipseform[änneren | Quelltext änneren]

Moossstafgetrei Duerstellung vun der elliptescher Ëmlafbunn vun der Äerd am Verglach mat engem Krees

D'Äerdbunn gëtt duerch eng Ellips mat der Sonn an engem vun de béide Brennpunkte beschriwwen, wéi et aus dem éischten kepleresche Gesetz follegt. Dës Ellips wäicht mat enger numerescher Exzentrizitéit e vun 0,0167 nëmme ganz wéineg vun enger Kreesbunn of. Während déi mëttel Distanz zu der Sonn (déi grouss Hallefachs) 149,598 Mio. Kilometer (eng Astronomesch Eenheet) ass, sinn et am sonnnächste Punkt (Perihel) 147,1 Mio. Kilometer an am wäiteste Punkt (Aphel) 152,1 Mio. Kilometer. Dës béid Extremwäerter wäiche vum Mëttelwäert nëmmen 1,67% of. D'Äerd huet hire Perihel-Duerchgank ëm den 3. Januar (2.–5. Jan.) an hiren Aphel-Duerchgank ëm de 5. Juli (3.–7. Juli).

Wéinst Gravitatiounsaflëss vun anere Planéiten hëlt d'Exzentrizitéit vun der Äerdbunn géigewäerteg liicht of. Si ka laangfristeg Wäerter tëscht knapps 0,06 a bal Null unhuelen. D'Haaptperiod vun dëse Schwankungen ass ongeféier 100.000 Joer (Milanković-Zyklen).

Och wéinst den Aflëss vun den anere Planéiten dréit sech d'Achs vun der Ellips lues, an zwar an derselwechter Richtung, an där d'Äerd d'Bunn duerchleeft (rietsleefeg). Duerch déi Periheldréiung wandert de Perihel an ongeféier 110.000 Joer eemol a Bezuch op de Fixstärhannergrond ronn ëm d'Äerdbunn.

An enger Sekonn iwwerdeckt d'Streck Äerd–Sonn eng Fläch vun iwwer 2 Milliarde km². Dëse Wäert ass nom zweete Kepler-Gesetz konstant.

Russesch Astrophysiker hunn am Juni 2004 e Schreiwe publizéiert, nodeem de mëttleren Ofstand zu der Sonn net konstant ass, mä sech all Joer ëm ongeféier 10 cm vergréissert (kuckt och: Verännerlechkeet vun der AE). Déi duerchschnëttlech Ëmlafvitesse vun der Äerd ëm d'Sonn ass 29,783 km/s resp. 107.218 km/h an d'Längt vun der Äerdbunn läit bei ongeféier 940 Mio. km.

Bunnfläch[änneren | Quelltext änneren]

Wéi ëmmer, wann e Massepunkt eng Bunn ënner dem Afloss vun enger Zentralkraaft duerchleeft, läit och d'Bunn vun der Äerd op enger Fläch. Dës Bunnfläch gëtt och Ekliptik genannt an déngt ënner anerem als Referenzfläch fir astronomesch Koordinaten.

Ekliptik an Himmelsequator

Denkt ee sech d'Bunnfläch onendlech no alle Säite virugesat, sou ergëtt hir Schnëttlinn mat der visueller Himmelskugel e Grousskrees ronn ëm den Himmel (an der geduechter Bannesäit vun der visueller Himmelskuppel), deen een och als Ekliptik bezeechent. Vum Sonnemëttelpunkt aus betruecht, wandert d'Äerd eemol am Joer laanscht dës Ekliptiklinn ëm den Himmel. Vun der Äerd aus gesinn ass et d'Sonn, déi am Verlaf vun hirer jäerlecher Wanderung duerch d'Fixstäre laanscht der Ekliptik leeft. (Déi visuell deeglech Wanderung vun der Sonn iwwer den Himmel ass nëmmen op d'Äerdrotatioun zréckzeféieren: d'Sonn wandert heibäi zesumme mat de Fixstäre iwwer den Himmel, an zwar bal parallel zum Equator, net laanscht d'Ekliptik.) Kuckt heizou Sonnebunn oder den Artikel Sonnestand.

D'Rotatiounsachs vun der Äerd steet net senkrecht op der Bunnfläch, mä ass liicht gebéit. Entspriechend läit och den Equatorniveau vun der Äerd resp. hir Projektioun op der visueller Himmelskugel, dem Himmelsequator, net op der Bunnfläch. De Wénkel tëscht Ekliptikniveau an Equatorfläch, déi sougenannt Schréiegt vun der Ekliptik ass géigewäerteg ongeféier ε = 23,44°. D'Schnëttlinn tëscht de béiden Niveauen zeechent souwuel op der Ekliptik wéi och um Equator eng kollektiv Referenzlinn aus. An enger vun de béiden duerch d'Referenzlinn definéiert Richtunge steet d'Sonn am Moment vum Fréijoersufank, wann déi op der Ekliptik wandernd Sonn den Himmelsequator ierschrëtt, also duerch de Schnëttpunkt vun der Ekliptik an den Equator leeft. D'Richtung zum Fréijoerspunkt gëtt als Nullpunkt fir astronomesch Koordinatesystemer gebraucht.

Ëmlafdauer[änneren | Quelltext änneren]

D'Ëmlafdauer vun der Äerd gëtt als ee Joer (Äerdjoer) bezeechent. Jee nodeem, wéi ee Bezuchspunkt gewielt gëtt, erginn sech ënnerschiddlech Zuelewäerter fir d'Längt vum Joer.

No engem sideresche Joer hëlt d'Äerd nees déiselwecht Plaz an. D'Längt vum sideresche Joer ass ongeféier 365,256 Deeg. Meteorstréim beispillsweis schneiden d'Äerdbunn ëmmer op derselwechter Plaz, virausgesot datt si net gestéiert ginn. D'Stäreschnäizschauere widderhuele sech dofir mat der Period vun engem sideresche Joer.

No engem tropesche Joer hëlt d'Äerd nees déiselwecht Plaz a Bezuch op de Fréijoerspunkt. Well de Fréijoerspunkt vun der Äerd deen anere Wee leeft, ass dat tropescht Joer eppes méi kuerz wéi dat siderescht an huet eng Dauer vu ronn 365,242 Deeg.

Bunnstéierungen[änneren | Quelltext änneren]

Déi aner Planéite maachen nëmme wéineg Stéierungen vun der Äerdbunn aus. méi Afloss mécht den Äerdmound, dee knapps 1" (en Dausendstel Prozent) ausmaache kann.

Sonnebunn[änneren | Quelltext änneren]

Aus ierdescher Siicht schéngt d'Sonn am Laf vun engem Joer d'Stärebiller vun der Ekliptik ze duerchzéien, no deenen och déi 12 Déierekreeszeeche genannt sinn. Dës Bewegung vun der Sonn ëm d'Äerd nennt ee visuell geozentresch Bunn.

Zu der visueller topozentrescher Bunn vun der Sonn, kuckt: Sonneplaz

An der himmelsmechanescher Duerstellung ass de geozentreschen Uertsvektor vun der Sonn dem heliozentreschen Uertsvektor vun der Äerd genee entgéintgesat.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 1,4 Simon J.L., Bretagnon P., Chapront J., Chapront-Touzé M., Francou G., Laskar J.: Numerical expressions for precession formulae and mean elements for the Moon and the planets. Astronomy and Astrophysics vol. 282, 663-683 (1994) (online)
  2. 2,0 2,1 IMCCE: Le manuel des éclipses. EDP Sciences, Les Ulis 2005, ISBN 2-86883-810-3. S. 27: Mittlere Bahnelemente der Erde zur Epoche J2000. (online)