Brennpunkt (Ellips)

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Punkt F ass e Fokuspunkt fir déi rout Ellips, gréng fir Parabol a blo fir Hyperbel.

Als Brennpunkte vun der geometrescher Figur vun enger Ellips bezeechent een déi béid Punkte, vun deenen all Punkte op der Ellips eng bestëmmt Distanz, meeschtens als 2a bezeechnen, opweisen.

Een Ofstand vun de béide Brennpunkte zum Mëttelpunkt vun der Ellips, gewéinlech mat e gezeechent, gëtt linear Exzentrizitéit genannt.

Och eng Hyperbel huet zwee Brennpunkte; an dësem Fall ass fir all Punkt vun der Hyperbel d'Ofstandsdifferenz vun dëse Punkte konstant.

Eng Parabel huet nëmmen ee Brennpunkt, well si als Grenzfall vun enger Ellips entsteet, wann een den zweete Brennpunkt an dat Onendlecht setzt. De Brennpunkt vun enger Parabel mat der Equatioun y = ax^2 (Scheetpunkt am Urspronk) gëtt ausgedréckt duerch F \left(0\left|\frac{1}{4a}\right.\right).

De Krees kann als weidere Grenzfall vun enger Ellips opgefaasst ginn, bei deem hir zwéi Brennpunkten (am Kreesmëttelpunkt) zesummefalen.