Planéit
E Planéit ass en Himmelskierper deen net selwer liicht a sech an enger Kepler-Ëmlafbunn ëm e Stär beweegt. Den Numm staamt vum Griichesche "plánetes" a bedeit "déi doruechter wanderen" (Algriichesch de Wanderer (Planéit)). Fréier goufen d'Planéiten am Däitschen och als Wandelsterne bezeechent. Di meescht Planéite vum Sonnesystem gi vu Mounden ëmkreest.
Um Enn vum 20. Joerhonnert gouf den éischte Planéit baussenzeg vum Sonnesystem (Exoplanéit) entdeckt, an zwar de Stär Pegasus 51. D'Zuel vun de bekannten Exoplanéiten ass zënter deem ëmmer méi grouss ginn.
Inhaltsverzeechnes |
Planéite vun eisem Sonnesystem [änneren]
- Erdähnlech (fielseg) Planéiten (bannenzeg Planéiten):
- Iovianesch Planéiten / Gasrisen (baussenzeg Planéiten):
- Transneptuneschen Objeten
D'Asteroidenceinture trennt déi bannenzeg vun de baussenzege Planéiten.
D'Duerchschnëttsofstänn vun de Planéiten zur Sonn loosse sech zimlech genee mat der Titius-Bode-Rei uginn. Zwëschen dem Mars an dem Jupiter ass hei e Lach, dat duerch d'Asteroidenceinture gefëllt gëtt; allerdéngs trëtt den Ofstand vum Neptun net an der Rei op.
Definitioun [änneren]
Et gëtt bis haut kee kloer definéierte Critère fir zwësche Planéiten an Asteroiden z'ënnerscheeden. Sou ass de Planéite-Status vum Pluto wéinst senger gerénger Gréisst a senger staark elliptescher Bunn, déi och nach géint d'Ekliptik geneigt ass, ëmstridden. Vill Astronomen zielen de Pluto zur Kuiperceinture, engem Reservoir vu Koméiten an Asteroiden, deen no bannen bis un d'Bunn vum Neptun reecht. Déi kierzlech Entdeckung vun ähnlech groussen Himmelskierper an der Kuiperceinture hunn d'Diskussioun ëm dem Pluto säi Status erëm nei opliewe gelooss. D'I.A.U. (International Astronomesch Unioun) huet am Joer 2006 dem Pluto säi Rang als Planéit ofgesprach. De Pluto figuréiert elo als Zwergplanéit
Eng gutt Definitioun vun engem Planéit gëtt d'California Institute of Technology, dat enk mat der NASA zesumme schafft: En Objet am Sonnesystem gëtt als Planéit bezeechent, wann en eng méi grouss Mass huet wéi all déi aner Objeten zesummen, déi am selwechten Orbit sinn. Sou ass d'Äerd e Planéit, well se méi schwéier ass wéi all Asteroiden, déi déiselwecht Ëmlafbunn wéi d'Äerd hunn. De Pluto ass zwar de gréissten Objet a senger Emgéigend, awer net méi schwéier wéi d'Zomm vu sengen Nopeschobjeten, dofir kann en no der Definitioun net zu de Planéite gezielt ginn. No där Definitioun géifen et an eisem Sonnesystem aacht amplaz néng Planéiten.
Fir sech d'Reiefolleg vun de Planéitebunnen vun der Sonn aus gesinn ze mierken gëtt et en däitschen Akrostichon als Ieselsbréck "Mein Vater Erklärt Mir Jeden Sonntag Unsere Neun Planeten." D'Ufanksbuschstawen sinn déiselwecht wéi déi vun den Nimm vun den Planéiten, dobäi gëtt de Pluto nach matgezielt. En engleschen Akrostichon wier zum Beispill "Mother very thoughtfully made a jelly sandwitch under no protest." Hei steet den T fir Terra an den A fir d'Asteroidenceinture.
Geschicht vun der Entdeckung [änneren]
D'Planéiten Merkur, Venus, Mars, Jupiter an Saturn si mat bloussem A um Nuetshimmel z'erkennen a gesi méi hell aus wéi déi meeschte Stären. Si ware schonn an der Antikitéit bekannt a goufe vu ville Kulturen mat hiren Haaptgötter identifizéiert. Déi nach haut benotzte Nimm stamen aus der réimescher Mythologie.
Obwuel et schonn an der Antik Vertrieder vum Heliozentreschen Weltbild gouf (z. B. Aristarchos vu Samos), sou gouf dach bis zur Mëtt vum 16. Joerhonnert allgemeng ugeholl, dat sech d'Planéiten zesummen mat der Sonn ëm dÄerd beweegen (Geozentrescht Weltbild). 1543 huet de Nikolaus Kopernikus, ugereegt duerch den Aristarchos, säi Wierk "Iwwer d'Ëmdréiungen vun den Himmelssphären" verëffentlecht, an deem en d'Sonn an de Mëttelpunkt gestallt an dÄerd als e weidere Planéit erkannt huet.
Ënner gënschtege Bedingungen ass den Uranus och mat bloussem A z'erkennen, an e gouf scho 1690 - falsch - als Stär katalogiséiert. Ma eréischt 1781 gouf e vum Sir Friedrich Wilhelm Herschel als Planéit erkannt. Mat Hëllef vun eeleren Observatiounen ass et dem Johann Elert Bode gelongen, seng Ëmlafbunn genee ze bestëmmen. Mat Hëllef vu Stéierungen an der Bunn vum Uranus huet den Urbain Le Verrier d'Bunn vun engem weideren Planéit berechent, wat den 23. September 1846 zu der Entdeckung vum Neptun duerch den Johann Gottfried Galle an den Heinrich Louis d'Arrest gefouert huet. Duerch den nei entdeckten Planéit konnten allerdéngs net all Onregelméissegkeeten an der Bunn vum Uranus erkläert ginn.
Schliisslech gouf 1930 vum Clyde William Tombaugh e weideren Objet entdeckt a méi spéit Pluto genannt, dee bis elo als néngte Planéit gëllt. D'Existenz vun engem weidere Planéit (Transpluto oder Planéit X) am Sonnesystem ass onwahrscheinlech.
Astronomesches [änneren]
- mettel Dicht vun der Matière:
woubei
: Mass vum Planéit,
=Radius (
steeneg,
gasarteg) - Vitesse vun der Kreesbunn ëm de Planéit (
):
woubei
: Gravitatiounskonstant,
: wéi uewen - Fluchtvitesse (
):
woubei
wéi uewen
A soss nach ... [änneren]
Den englesche Komponist Gustav Holst, dee selwer Hobby-Astronom war a vun den Planéiten inspiréiert gouf, huet d'Suite The Planets geschriwwen. Si gehéiert zu den bekanntesten Programmmusiken.
Kuckt och [änneren]
- Äerdähnlech Planéiten
- Astronomie
- Galaxis
- Himmelskierper
- Kosmologie
- Tabell mat den Eegenschaften vun de Planéiten
- Planetologie
- Sonnesystem
- Titius-Bode-Rei
- Universum
Um Spaweck [änneren]
- "Planet Search Project" (University of California) - huet déi meeschten Exoplanéiten lokaliséiert
- Déi néng Planéiten - Multimedia-Tour duerch de Sonnesystem
- Informatiounen iwwer Sedna, 2004 DW a Quaoar - California Institute of Technology
Videoen [änneren]
- Real Video Streams: (Aus der Fernsehsendung Alpha Centauri)
Sonn - Merkur - Venus - Äerd - Mars - Asteroidenceinture - Jupiter - Saturn - Uranus - Neptun - Pluto - Koméiten - Kuiperceinture - Oort-Wollek - Asteroid - Tabellaresch Iwwersiicht vun de Planéiten an Zwergplanéiten
| Commons: Planéiten – Biller, Videoen oder Audiodateien |
| Wiktionnaire: Planéit – Definitioun, Synonymer an Iwwersetzungen |

woubei
:
=
steeneg,
gasarteg)
):
woubei
:
: wéi uewen
):
woubei
wéi uewen