Johann Gottfried Galle

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Johann Gottfried Galle

De Johann Gottfried Galle, gebuer den 9. Juni 1812 zu Radis bei Gräfenhainichen a gestuerwen den 10. Juli 1910 zu Potsdam, war en däitschen Astronom.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De Galle huet d'Schoul vu Wittenberg besicht an huet vun 1830 bis 1833 op der Universitéit Berlin studéiert. Duerno huet hien eng Plaz am Gymnasium vu Guben ugeholl. Hei war hien "Oberlehrer" fir Mathematik a Physik. Spéider huet hien an d'„Friedrichs-Werdersche Gymnasium“ op Berlin gewiesselt.

Am Joer 1835 rifft säi fréiere Schoulmeeschter, den Astronomieprofesser Johann Franz Encke, hien als Hëllefskraaft an den nei gebauten Observatoire vu Berlin tëscht der Lindenstrooss an der Friedrichstrooss. Déi nächst 16 Joer schafft de Galle zu Berlin. Seng Beobachtunge mécht hie mat engem Refrakter vun 9 Zoll (22,5 cm) Duerchmiesser. Am Joer 1838 entdeckt hien e bannenzechten donkele Rank vum Saturn. Vun 1839 bis 1840 entdeckt hien dräi nei Koméiten.

Den 23. September 1846 kritt hie mueres e Bréif vum franséischen Astronom Urbain Le Verrier, deen d'Bunnstéierungen vum Planéit Uranus ënnersicht hat. De Le Verrier huet de Galle gefrot, ob hien emol den entspriechenden Himmelsofschnëtt no deem nach onentdeckten, awer berechente Planéit géif ofsichen. An derselwechter Nuecht entdeckt dann de Galle mat sengem Assistent Heinrich Louis d'Arrest en Himmelskierper mat der Hellegkeet 8. (Gréisst). An der nächster Nuecht konnt eng Eegebewegung vum Himmelskierper vu 4 Bousekonne gemiess ginn, woumat d'Planéiteneegeschaft einwandfräi bewise war. De Galle huet d'Entdeckung vum Neptun awer dem Le Verrier zougesprach.

Am Joer 1851 ass de Galle op Breslau gaangen, wou hien am Ufank d'Leedung vum Observatoire hat a vun 1856 un eng Professur fir Astronomie op der Universitéit Breslau ugeholl huet. Hei war hien iwwer 45 Joer beschäftegt. An dëse Joren huet hie villes gemaach: Bunnbestëmmunge vu Planéiten, Héichtbestëmmung vu Polarliichter a Bunnberechnunge vu Meteoriten. Hien huet Date vun alle bis 1894 entdeckte Koméiten an engem Wierk zesummengedroen. Doriwwer eraus huet de Galle sech mat dem Magnetismus vun der Äerd an der Klimatologie befaasst. Am Ganzen huet hien iwwer 200 Wierker verëffentlecht.

De Galle huet Breslau am Joer 1897 verlooss an ass op Potsdam gezunn, wou hien 1910 am Alter vun 98 Joer gestuerwen ass.

Fir säi Wierk krut hie vill Auszeechnungen an Éierungen. Fir d'Entdeckung vum Neptun huet hien d'franséischt Éierelegiounskräiz kritt. Hie war Member vum der Kinneklech Bayrescher Akademie der Wissenschaften a vun der britescher Royal Astronomical Society. D'Stad Gräfenhainichen huet him zu Éieren 1977 en Denkmal opgeriicht.

Zou sengem Gedenke gouf jee en Impaktkrater um Mound an dem Mars souwéi e Rank vum Neptun benannt.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • William Sheehan, Nicholas Kollerstrom, Craig B. Waff: Die Neptun-Affäre. Spektrum der Wissenschaft, April 2005, S. 82 - 88 (2005), ISSN 170-2971
  • „Berühmte Persönlichkeiten und ihre Verbindung zu Wittenberg“ von Heinrich Kühne und Heinz Motel im Verlag Göttinger Tageblatt 1990 ISBN 3-924781-17-6

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Johann Gottfried Galle – Biller, Videoen oder Audiodateien

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie