Koméit
E Koméit, vum griichesche kométes „Hoerstär“, ofgeleet vu kómē „Haapthoer“, oder Schwäifstär ass e klengen Himmelskierper, dee sech am schéinste weist, wann e sech ronderëm eis Sonn beweegt.
Wann den nëmmen e puer Kilometer grousse Koméitekär no bei d'Sonn kënnt, weist hien eng diffus, niwwleg, Koma genannt, déi e Mantel ronderëm forméiert. Déi Ausdehnung ka bis zu 100.000 km grouss ginn. De Kär an d'Koma zesumme nennt een och de Kapp vum Koméit. Dat opfällegst Kennzeechen, dat e vun der Äerd aus gesäit ass awer de Schwäif, dee bei groussen a sonnenoen Objeten eng Längt vun e puer 100 Millioune Kilometer erreeche kann. Meeschtens sinn et awer maximal nëmmen e puer 10 Millioune Kilometer.
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Geschicht vun der Koméitefuerschung
An der Antikitéit an am Mëttelalter goufen d'Koméiten dacks als schlecht Zeechen oder och Gëtterzeechen ugesinn. Den Aristoteles an de Ptolemäus hunn d'Koméite fir Ausdonstunge vun der Äerdatmosphär gehalen. De Regiomontanus huet als éischten erkannt, datt et sech ëm selbstänneg Himmelskierper handelt. Den Ufank vu wëssenschaftlecher Siichtweis bei der Koméitefuerschung kann ee mat der Erkenntnes vum Tycho Brahe usetzen. Hien huet definitiv erkläert, datt d'Koméiten näischt mat der Äerdatmosphär ze dinn hunn. Hie stellt 1577 fest, datt Koméite mindestens 230 Äerdradien ewech sinn. De Galileo Galilei huet sech där Erkenntnes nach widdersaat. Dem Edmond Halley war et 1682 méiglech, de Koméit deen an deem Joer ze gesi war, als periodeschen Himmelskierper deen ëmmer erëm zréckkënnt, nozeweisen. Dee Koméit deen 1607, 1531 an 1456 nozeweisen ass, beweegt sech op enger langgestreckter Ellips a 76 Joer ëm d'Sonn. – Haut ginn an der Moyenne 20-30 Koméite pro Joer entdeckt.
[änneren] Iwwersiicht
[änneren] Charakteriséierung
Koméiten gi wéinst hirem Erschäinungsintervall an aperiodesch Koméiten an a periodesch Koméiten ënnerscheet. Déi zweet Grupp gëtt no hiren Ëmlafzäiten a laangperiodesch a kuerzperiodesch Koméiten agedeelt.
- Aperiodesch Koméite, si Koméiten, déi – wéinst hirer parabolescher oder hyperbolescher Bunn – sécher net zréckkommen, oder Eenzelobservatiounen, iwwer déi well eng genee Bunnbestëmmung feelt – nach – keng Aussoe getraff kënne ginn.
- Periodesch Koméite si Koméiten, deenen hiert Zréckkommen un Hand vun hire Bunnelementer geséchert ass, déi also op enger – op mannst fir e gewëssenen Zäitraum – stabiller Ëmlafbunn d'Sonn ëmkreesen.
- Laangperiodesch Koméiten mat enger Ëmlafzäit vu méi wéi 200 Joer kommen wahrscheinlech aus der Oort-Wollek, hir Bunnneigunge si statistesch verdeelt a si ëmlafen d'Sonn souwuel am selwechten Ëmlafsënn wéi d'Planéiten (prograd) wéi och a Géigerichtung zu den Planéitebunnen (retrograd). D'Exzentrizitéiten vun hire Bunnen leien no bei 1 – d'Koméiten sinn an der Regel awer nach duerch d'Schwéierkraaft un d'Sonn gebonnen, obwuel si fir hiren Ëmlaf bis zu 100 Millioune Joer brauchen. Exzentrizitéiten méi grouss wéi 1 (Hyperbelbunnen) sinn selen a ginn virun allem duerch Bunnstéierungen bei de Passagen vu grousse Planéiten ausgeléist. Dës Koméiten kommen dann theoretesch net méi an d'Ëmgéigend vun eiser Sonn zeréck, a verloossen de Sonnesystem.
- Kuerzperiodesch Koméiten mat Ëmlafzäiten, déi méi kleng sinn wéi 200 Joer stame wahrscheinlech aus der Kuiperceinture. Si beweege sech meeschtens am normalen Ëmlafsënn an hir Inkinatioun läit am Mëttel bei ronn 20°, si leien also an der Géigend vun der Ekliptik. Bei méi wéi d'Halschent vun de kuerzperiodesche Koméiten läit de gréisseren Sonnenofstand (Aphel) an der Géigend vun der Jupiterbunn bei 5 a 6 Astronomesch Eenheeten (Jupiter-Famill). Et handelt sech dobäi ëm ursprénglech laangperiodesch Koméiten, deenen hir Bunnen duerch de gravitativen Afloss vum Jupiter verännert gouf.
[änneren] Benennung
Nei entdeckte Koméiten kréie vun der I.A.U. fir d'éischt en Numm, deen sech aus dem Entdeckungsjoer an engem grousse Buschtaf zesummegesat, deen ufänkt mat A den 1. Januar a B den 16. Januar am Hallefmoutrhythmus no deem Zäitpunkt vun der Entdeckung festgelued ass. Zousätzlech kënnt nach eng Ziffer fobi, fir datt ee méi entdeckte Koméiten an engem hallewen Mount ënnerscheede kann. Soubal d'Bunnelementer vum Koméit genee bestëmmt si gëtt dem Numm no der folgender Systematik e weideren Buschtaf virdru gestallt:
| P | d'Ëmlafzäit ass méi kleng wéi 200 Joer bzw. mindestens zwou sécher Observatiounen vum Perihelduerchgang (Periodesche Koméit) | |||
| C | d'Ëmlafzäit ass méi grouss wéi 200 Joer | |||
| X | d'Bunn ass net ze bestëmmen | |||
| D | Periodesche Koméit, dee verluer gaange war oder net méi existéiert | |||
| A | et stellt een nodréiglech fest, datt et sech net ëm ee Koméit, mä ëm een Asteroid handelt | |||
Engem periodesche Koméit gëtt ausserdeem eng fortlafend Nummer virdrugestallt, soubal eng bestätegt Observatioun vun engem zweete Perihelduerchgang virläit.
De Koméit Hyakutake zum Beispill gëtt och ënnert der Bezeechnung C/1996 B2 gefouert. Hyakutake war also den zweete Koméit, deen an der zweeten Halschent vum Januars 1996 entdeckt gouf. Seng Ëmlafzäit ass méi grouss wéi 200 Joer.
Normalerweis gëtt de Komet no sengem Entdecker benannt, sou gëtt zum Beispill D/1993 F2 och ënnert der Bezeechnung Shoemaker-Levy 9 gefouert – et handelt sech heibäi ëm de 9. Koméit, deen den Eugene an d'Carolyn Shoemaker zesumme mam David Levy entdeckt hunn.
[änneren] Kuckt och
[änneren] Literatur
- Andreas Kammerer, Matthias Achternbosch, Mike Kretlow (Hrsg.): Kometen beobachten, Praktische Anleitung für Amateurbeobachter. Sterne und Weltraum Verlag, München 1998, 1999. ISBN 3-87973-924-2
- John C. Brandt, Robert D. Chapman: Introduction to Comets. University Press, Cambridge ²2004. ISBN 0-521-00466-7
- Gary W. Kronk: Cometography. A Catalogue of Comets. 2 Bde. University Press, Cambridge 1999-2003. ISBN 0-521-58504-X, ISBN 0-521-58505-8
- Bd. 1 Ancient - 1799
- Bd. 2 1800 - 1899
- S. V. M. Clube, W. M. Napier, M. E. Bailey: The Origin of Comets. Pergamon Press, Oxford 1990. ISBN 0-08-034858-0
- S. B. Charnley, S.D. Rodgers, Y.-J. Kuan, H.-C. Huang: Biomolecules in the Interstellar Medium and in Comets. Advances in Space Research. 2001 (astro-ph). (PDF, Diskussion über den Ursprung der nachgewiesenen organischen Moleküle)
[änneren] Um Spaweck
| Commons: Kometen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- (de) [1]
- (en) Paul Wiegert's PhD thesis:The Evolution of Long-Period Comets
- (de) ESA-Pressmatdeelung zu der Rosetta-Missioun
- (de) IAU - „Offiziell“ Astronomesch Nimm
- (en) Beobachtbare Kometen, Lëscht vun der IAU
- (de)+(en) Homepage der VdS-Fachgruppe Kometen
- (de) Faszinierende Amateurfotos von Kometen
Sonn - Merkur - Venus - Äerd - Mars - Asteroidenceinture - Jupiter - Saturn - Uranus - Neptun - Pluto - Koméiten - Kuiperceinture - Oort-Wollek - Asteroid - Tabellaresch Iwwersiicht vun de Planéiten an Zwergplanéiten