Kuelestoffmonoxid

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Kuelestoffmonoxid (och Kuelemonoxid, fréier och Kuelenoxyd) ass eng chemesch Verbindung aus Kuelestoff a Sauerstoff mat der Formel CO. Kuelestoffmonoxid ass e faarf-, geroch- a geschmaachlost gëftegt Gas. Et entsteet ënner anerem bei der onvollstänneger Verbrennung vu kuelestoffhaltege Stoffe.

Kuelestoffmonoxid ass brennbar a verbrennt mat enger bloer Flaam zu Kuelestoffdioxid. Als Bestanddeel vum Stadgas gouf et a villen europäesche Länner bis an déi zweet Halschent vum 20. Joerhonnert als Brenn- a Liihtgas agesat. Zesumme mat Waasserstoff gëtt Kuelestoffmonoxid an der chemescher Industrie fir d’Hierstellung vu Methanol an anere Grondchemikalien gebraucht.

[änneren] Literatur

  • Hans Beyer, Wolfgang Walter: Lehrbuch der Organischen Chemie. S. Hirzel Verlag, Stuttgart – Leipzig 1998, 23. iwweraarb. an aktualiséiert Editioun, ISBN 3-7776-0808-4

[änneren] Um Spaweck

Commons: Kohlenstoffmonoxid – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen