Meteoroid

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Foto vun der Mëllechstrooss an der Liichtspur vun engem gléiende Meteoroid

Meteoroiden (och Meteoriden, net Meteoriten; kuckt ënnen) si kleng Objete vum Sonnesystem op enger Ëmlafbunn ëm d'Sonn, vun deene verschiddener d'Äerdbunn kräizen. Hir Gréisst reecht vu Brochdeeler vun engem Millimeter (Mikrometeoroide) bis zu etleche Meteren. Domat si si méi kleng wéi een Asteroid, woubäi et awer weder vun der Gréisst nach vun hirer Zesummesetzung ofhänkt fir eng eendäiteg Grenz tëschent béiden Objetarten ze zéien. Zesumme mat den Asteroiden an de Koméiten zielen d'Meteoroiden zu der Himmelskierperklass vun de Klengkierper.

Meteoroide si vun ënnerscheedlecher Hierkonft. Si kënnen duerch d'Gravitatioun vun de Planéiten aus der Asteroidenceinture erausgeschleidert gi sinn, awer och Deeler vu Koméite sinn, déi dës Stécker op hirer Bunn verléieren.

Wa Meteoroiden an d'Atmosphär falen, entsteet duerch d'Reiwung mat der Loft eng Liichterschäinung, déi Meteor genannt gëtt (kleng Meteore ginn och Stäreschnäize genannt, grouss Meteore Feierbäll oder Bolide). De Rescht, den op der Äerduewerfläch leie bleift, nenne mer Meteorit.

Animéiert Illustratioun op déi eenzel Statiounen vum Meteorid iwwer e Meteor op e Meteorit


Kuckt och[änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie


Um Spaweck[änneren]

Commons: Meteoroiden – Biller, Videoen oder Audiodateien