Deep Impact (Raumsond)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Deep Impact ass eng Raumsond vun der NASA, där hir Aufgab et ass d'Zesummesetzung vum Kär vum Koméit Tempel 1 z'erfuerschen.
De 4. Juli 2005 huet den Impakter dee vun der Raumsond fortgeschoss, gouf am Komèit ageschlo an dobäi e Krater vu ronn 30 m Duerchmiesser gemaach. Dobäi goufen en etlech Tonne Material aus dem Koméit sengem Ënnergrond erausgeschleidert.
Esou konnte spektrokopesch Studie gemaach ginn, an d'Zesummesetzung vum Koméit erfaasst ginn.
Et goung awer och nach drëm d'Effeten erauszefannen an ze moossen, déi esou en Opschlag op e Koméit oder Meteor kann hunn, fir eventuell kënnen esou Objeten, déi der Äerd ze nokommen deviéieren ze kënnen.
| Commons: Deep Impact – Biller, Videoen oder Audiodateien |