David Levy (Astronom)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den David H. Levy, gebuer den 22. Mee 1948 zu Montreal , (Québec, Kanada), ass en US-amerikaneschen Astronom a Wëssenschaftsjournalist.
Hie gouf bekannt duerch seng Matentdeckung vum Koméit Shoemaker-Levy 9, deen 1994 mat dem Planéit Jupiter kollidéiert ass.
De Levy huet 21 Koméiten entdeckt, entweder alleng oder mat dem Eugene Shoemaker an deem senger Fra Carolyn, an huet iwwer 30 Bicher, meeschtens iwwer astronomesch Themen, geschriwwen.
Den Asteroid (3673) Levy dréit säin Numm.
Lëscht mat entdeckten Asteroiden:
Um Spaweck [änneren]
| Commons: David Levy – Biller, Videoen oder Audiodateien |