Shoemaker-Levy 9

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Koméit D/1993 F2 (Shoemaker-Levy)
Koméit Shoemaker-Levy 9, opgeholl de 17. Mee 1994 vum (HST,NASA)
Orbittyp kuerzperiodesch
Grouss Hallefachs 5,162
Perihel 4,822 AE
Aphel 5,503 AE
Numeresch Exzentrizitéit 0.066
Perihelduerchgank keen
Ëmlafdauer 11 Joer 266 Deeg
Ëmlafvitesse 14,003 km/s
Physikalesch Eegeschafte vum Kär
Duerchmiesser ≈ 4 km
Entdecker C. S. Shoemaker,

E. Shoemaker,
David Levy

Entdeckungsdatum 24. Mäerz 1993
Aner Bezeechnungen 1993 e

Den Shoemaker-Levy 9 (kuerz och SL9) krut säin Numm, well et den néngte kuerzperiodesche Koméit war, dee vum Carolyn, dem Eugene Shoemaker zesummen mam David H. Levy entdeckt gouf. Seng offiziell Bezeechnung ass D/1993 F2 (Shoemaker-Levy). Den „D“ a senger Bezeechnung steet fir d'englesch „disappeared“ („verschwonnen“) a weist un, datt de Koméit net méi existéiert. Seng Brochstécker sinn am Summer 1994 op de Planéit Jupiter opgeschloen.

Entdeckung[änneren | Quelltext änneren]

De Koméit gouf fir d'éischt op enger Foto nogewisen, déi de 24. Mäerz 1993 mat engem 46-cm-Schmidt-Teleskop um Palomar-Observatoire a Kalifornien opgeholl gouf. De Japaner Syuichi Nakano hat deen erwaarten Zesummestouss als Éischte virausgesot. D'Observatioun gouf an der Folleg vun aneren Astronome bestätegt. Et gouf séier kloer, datt et sech ëm en ongewéinleche Koméit handele géif: Hie war zimlech no bei de Planéit Jupiter komm a war an etlech Fragmenter zerbrach.[1]

Ëmlafbunn[änneren | Quelltext änneren]

Wahrscheinlech war de Koméit scho während der 1960er Joren ënner staark déi Gravitatiounskraaft vum Jupiter komm, a gouf sou als Quasisatellit an eng staark elliptesch Bunn ëm de Planéit Jupiter gezwongen.[2] An der Folleg passéiert hien am Juli 1992 de Jupiter bannent der Roche-Grenz. Opgrond vun der Gezäitekraaft ass de Koméit, deen ufanks en Duerchmiesser vu ronn 4 km hat, zerbrach,[3], an 21 Fragmenter tëscht 50 an 1000 m Gréisst, déi sech op enger e puer Millioune Kilometer laanger Ketten opreiten. Fir d'Ënnersich goufen d'Fragmenter mat de Buschtawen „A“ bis „W“ bezeechent. (D'Buschtawen „I“ an „O“ goufen wéinst hirer Ähnlechkeet mat den Zifferen „1“ an „0“ net gebraucht.)

Duerch de Rendez-vous mam Jupiter krut d'Bunn vum Koméit grouss Stéierungen. Déi an der Tabell opgelëschte Bunnelementer beschreiwen d'Ëmlafbunn vum Koméit am Mee 1993 aus heliozentrescher Siicht: Mat enger grousser Hallefachs vu 5,16 AE, enger Exzentrizitéit vun 0,07 an enger Bunnschréiegt vun 1,4° huet d'Bunn där vum Jupiter (grouss Hallefachs 5,20; Exzentrizitéit 0,05; Bunnschréiegt 1,3°) opfalend geglach. Aus Siicht vum Jupiter hat sech de Koméit op enger staark elliptescher Bunn (Exzentrizitéit > 0,99) am Ofstand vu bis zu 0,33 AE ëm de Planéit beweegt.

Nëmmen zwéi Méint no senger Entdeckung hat d'Bunnbestëmmung den Astronome gewisen, datt d'Koméitestécker am Juli 1994 op de Planéit treffe géifen.[4]

Aschléi um Jupiter[änneren | Quelltext änneren]

Aschléi vum Fragment „W“, opgeholl vun der Raumsond Galileo (NASA)
Donkel Flecken an der Atmosphär vum Jupiter nom Aschlag vum Koméit Shoemaker-Levy 9, Ultraviolett-Foto vum 21. Juli 1994 (HST, NASA)

Tëscht dem 16. Juli an dem 22. Juli 1994 waren d'Brochstécker vum Koméit Shoemaker-Levy 9 an d'südlech Hemisphär vum Jupiter mat enger Vitesse vun 60 km/s opgeschloen an haten dobäi d'Energie vu 50 Milliounen Hiroshima-Bommen (déi eng Sprengkraaft vu zirka 13 kT TNT hat) fräigesat. Dat war déi éischt Kéier, datt eng Kollisioun vun zwéi Kierper vum Sonnesystem an d'Auswierkunge vu sou engem Impakt direkt observéiert konnte ginn.

Obschonn d'Aschlagplazen aus Siicht vun der Äerd knapps hanner dem Jupiter-„Rand“ louchen soumat net direkt ze gesi waren, konnten d'Astronome sougenannt „Plumes“ (waarm Gasblosen, bal wéi en „Atompilz“) iwwer dem Rand vum Jupiter gesinn. Duerch déi séier Rotatioun vum Jupiter goufen d'Aschlagplazen nëmmen e puer Minutte no den Impakter vun der Äerd aus gesinn. Et hat sech gewisen, datt se donkel Flecke mat Duerchmiesser bis zu 12.000 km an der Atmosphär vum Jupiter hannerlooss haten, déi iwwer Méint ewech ze gesi waren.

Eenzeg d'Raumsond Galileo konnt aus enger Distanz vun 1,6 AE d'Impakter direkt observéieren. Duerch eng futtis Parabolantenn waren d'Kapazitéiten vun der Raumsond fir d'Dateniwwerdroung leider limitéiert, an et konnten net all Moosswäerter op d'Äerd iwwermëttelt ginn.

An de Spektre vun de Plumes goufe grouss Deeler vu molekularem Schwiefel (S2) a Kuelestoffdisulfid (CS2) fonnt, méi wéi duerch d'Explosioun vun engem vergläichswäis klenge Koméitekär hätte fräigesat kënne ginn. Den Urspronk gëtt an de Déifte vun den Atmosphärschichten vum Jupiter ugeholl. Weider nogewise Molekülle si Kuelestoffmonoxid (CO), Ammoniak (NH3) a Schwiefelwaasserstoff (H2S). Och Emissiounslinne vun Eisen, Magnesium an Silizium goufen observéiert. D'Hëtzt vun den Explosioune muss also duergaange sinn, fir d'Metaller ze verdämpen. Waasser gouf a klenge Moossen observéiert.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Komet Shoemaker-Levy 9 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. B. G. Marsden: IAU Circular 5725.
  2. R. R.Landis: Comet P/Shoemaker-Levy's Collision with Jupiter: Covering HST's Planned Observations from Your Planetarium. in: Proceedings of the International Planetarium Society Conference held at the Astronaut Memorial Planetarium & Observatory, Cocoa, Florida. Cocoa 1994, S.10ff
  3. M. D. Zamarashkina, Y. D. Medvedev: Estimation of the Nucleus Size of Comet Shoemaker-Levy 9 under the Assumption of Its Step-by-Step Disintegration. in: Solar System Research. Bd 38.2004,3, S.219ff
  4. B. G. Marsden: IAU Circular 5800.