Atompilz
En Atompilz ensteet well d'Hëtzt déi bei der Explosioun vun enger Atombomm entsteet, d'Loe vun der Atmosphär verschidde verformt.
Am Moment wou d'Bomm explodéiert gi 15 % vu senger Energie als radioaktiv Strahlung fräigesat, 35 % sinn Hëtzt a 50 % sinn d'Chockwell déi sech mat méi wéi 1.000 km an der Stonn vun der Explosiounsplaz ausbreet an alles op hirem Wee ewechraséiert. An der éischter Mikrosekonn vun der Explosioun gëtt d'Loft duerch déi stark X - Strahlung erhëtzt. Doduerch entsteet eng gliddeg Loftbloos déi en Duerchmiesser vun engem Kilometer huet an e puer Millioune Grad warem ass.
Wëll déi warem Loft méi liicht ass wéi déi kal gëtt dës Feierbull an e puer 10tel Sekonnen an d'Luucht a mécht e staarke Loftstroum deen alles wat e bei der Explosioun op Stëbs reduzéiert hat mat sech an d'Luucht zitt. Doduerch entsteet de "Still" vum "Champignon".
Dëse Still entsteet an der Troposphär, der ënneschter Lo vun der Atmosphär (bis 15 km. Héicht), wou d'Temperatur 6° pro Kilometer afhëlt. Dodriwwer tëschent 18 a 50 km, an der Stratosphär, ginn d'Temperaturen ërem mat der Héicht an d'Luucht a leien tëscht 0° a 27°. Et ass tëschent dësen zwou Loë wou den "Hutt" vum Champignon entsteet.
D'Feierbull huet sech afgekillt an huet net méi genuch Energie fir weider an d'Luucht ze goen a sech an der Stratosphär nach weider an d'Längt ze zéien. Si geet elo no de Säiten eraus an sou ensteet den Hut vum Champignon éier d'Material sou wäit afegekillt ass an da lues alues eraftrëllt.
Et muss een heibäi soen datt d'Form vum Champignon net onbedéngt vun enger Atombommenexplosioun muss kommen, eng Explosioun duerch chemesch Explosiver an derselwechter Stäerkt, hätt deselwechten Effet.
| Commons: Mushroom clouds – Biller, Videoen oder Audiodateien |