Dag

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Den SI-Dag[änneren | Quelltext änneren]

Zäitmooss: Am Miesswiese gëtt den Dag formelméisseg beschriwwen als eng

Moosseenheet vun der Zäit
mat dem
Eenheetszeechen: d
Formelzeechen fir d'physikalesch Gréisst Zäit ass: t.
1 Dag = 24 Stonnen = 1440 Minutten = 86400 (SI-)Sekonnen

Kalennerdag[änneren | Quelltext änneren]

Zäitspan: An der Kalennerrechnung (deem bei eis gebräichlech gregorianesche Kalenner) d'Zäitspan vun enger Hallefnuecht bis zu der nächster Hallefnuecht.

Eng Zäitspan vu 24 Stonnen, déi um 00:00 ufänkt an um 24:00 en Enn huet. 24:00 Auer fält mat dem Ufank vum nächsten Dag zesummen (ISO 8601)

D'Kalennerdeeg ginn no der ISO 8601 bannen engem Mount vun 1 un als Kalennerdatum fortlafend nummeréiert an an engem Datumsformat schrëftlech fixéiert. Ausserdeem ginn hinnen, vu Mount a Joer onofhängeg, a fester Reiefolleg e Wochendag zougewisen. Domat beschreift d'Dageszuel eng fortlafend Zäitskala (linear Zäit), am Ënnerscheed zum Wochendag, dee sech a sengem Oflaf reegelméisseg widderhëlt (zyklesch Zäit).

Den Ufank vum Dag um Hallefnuecht ass vun astronomesche Konventioune beaflosst. Aner Kalennersystemer setzen den Ufank vum Dag op de Sonnenopgang. Am jiddeschen an am islamesche Kalenner ëmfaasst den Dag d'Zäit vun engem Sonnenënnergank bis zum nächsten.

Vollen Dag[änneren | Quelltext änneren]

Am Droit geet alt emol vum „vollen Dag” ((fr) jour franc) rieds, absënns wann et ëm d'Berechne vun Delaie geet. Am Lëtzebuerger Droit ass e Gesetz am Allgemengen dräi voll Deeg nodeems et am Mémorial publizéiert gouf gülteg, ausser et ass explizitt en aneren Datum virgesinn.

Fir dräi voll Deeg ze zielen, gëtt den Dag vun der Publikatioun net gerechent. Duerno zielen dann dräi Periode vu 24 Stonnen.

Beispill: Publikatioun am Mémorial ass op engem Méindeg, dräi voll Deeg duerno sinn de Dënschdeg, Mëttwoch an Donneschdeg. D'Gesetz zielt vum Freideg 00:00 un.

Wann den Delai dann op e Samschdeg, e Sonndeg oder e Feierdag fält, zielt et eréischt vum nächste Schaffdag un.

Astronomesch Deeg[änneren | Quelltext änneren]

Am astronomesche Sënn ass en Dag eng vollstänneg Ëmdréinung vun der Äerd.

Sidereschen Dag[änneren | Quelltext änneren]

D'Ëmdréiungszäit vun der Äerd a Bezuch op d'Fixstäre.
Dauer: 23 Stonnen, 56 Minutten an 4 Sekonnen

Stärendag[änneren | Quelltext änneren]

D'Ëmdréinungszäit vun der Äerd a Bezuch op d'Kulminatioun vum Fréijoerspunkt. Op him berout d'Stärenzäit. D'Dauer ass nëmmen am Zéngtelsekonnenberäich verschidde vum sidereschen Dag, fir exakt astronomesch Berechnungen awer vu Bedeitung.

Ephemeridendag[änneren | Quelltext änneren]

Den Dag, den op der Ephemeridensekonn respektiv der Ephemeridenzäit opbaut

Besonnesch Bedeitung haten an hunn d'Sonnen- a Stärenzäit vum Nullmeridian fir d'Festleeë vun der Weltzäit oder fir d'Bestëmme vun Stäreplazen. Am allgemenge Sënn ass een Dag d'Rotatiounsdauer vu jiddwer Himmelskierper, also kënnt och vun engem Marsdag oder engem „Dag op dem Mound“ geschwat ginn.

Den hellliichten Dag[änneren | Quelltext änneren]

Den däitsche Begrëff: lichten Tag, op Englesch och awake time period, op Lëtzebuergesch hellliichten Dag entsprécht dem astronomesche Begrëff Dagesbou vun der Sonn.

De subjektiven Dag[änneren | Quelltext änneren]

Am alldeegleche Liewe gëtt de subjektiven Dag duerch de Rhythmus vum Opstoen a Schlofegoe bestëmmt. Den Dag gëtt dacks verallgemengert an d'Ofschnëtter Nuecht, Mueren, Virmëtteg, Mëtteg, Nomëtteg, Owend an Hallefnuecht gegliddert.

Fir déi meescht Mënsche falen déi verschidden Aspekter zesummen. Tatsächlech ergëtt awer d'Tatsaach, datt een am Wanterhallefjoer „virun Dagesufank“ opstoe muss, also den Dagesoflaf net mat dem helllliichten Dag korrespondéiert, e Widdersproch, dee sou zu sou engem Phenomeen wéi d'Wanterdepressioun féiere kann. Dësen Effekt gëtt duerch d'Summerzäit e bëssen ofgeschwächt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Day – Biller, Videoen oder Audiodateien