Minutt

Vu Wikipedia
Dëse Physiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Minutt ass eng Zäiteenheet, déi net zum internationalen Eenheetesystem gehéiert an hat hiren Ursprong am babylonesche Sexagesimalsystem, an deem Bréch als 60stel an 3600stel entwéckelt goufen.

D'60stel goufe spéider am Laténgeschem als pars minuta prima (v. minuere = verklengert,) bezeechent, déi 3600stel (= 1 60stel vun enger 60stels) als pars minuta secunda, wouraus d'Sekonn gouf.

D'Minutt gëtt mat dem Eenheetenzeechen min bezeechent; fréier waren och Min a Min. gebräichlech. Virun allem am Sport goufen Zäiten (genee: Zäitspanen) (fälschlecherweis) och 1 h 32′47″ ofgekierzt (1 Stonn an 32 Minutten an 47 Sekonnen). Fir d'Zäitpunkte waren och mol Schreifweise wéi déi follgend gebräichlech: 10h20m15s.

Eng Zäitminutt ass de 60sten Deel vun enger Stonn. Eng Minutt zielt erëm 60 Sekonnen.

Als gesetzlech Moosseenheet däerf si nieft dem SI-System gebraucht ginn.