Mount
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
E Mount (vu Mound) ass eng Zäiteenheet an en Deel vun engem Joer.
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Allgemeng
Jee no Definitioun ass e Mount vun ënnerscheedlecher Dauer:
- Am allgemenge Gebrauch d´Span vu 4 Wochen.
- Kalennere gebrauche Méint fir d´Zäitandeelung. Dozou gliddere si eng Zäitspan vun engem Kalennermount engem Mountnumm zou.
An eisem Kalenner dauert e Mount entweder 28, 29, 30 oder 31 Deeg. - E Mount ass am astronomesche Sënn, definéiert durch d´Zäitspan vun engem vollstännegem Ëmlaf vun engem natierlechen Trabant. Am méi enke Sënn bezitt sech de „Mount“ awer nëmmen op den Äerdmound: De Moundmount dauert jee no Definitioun tëschent 27⅓ an 29½ Deeg.
- Eng Iwwersiicht iwwer vill Uwendungen gëtt Kategorie:Mount
[änneren] Grondlagen vun der Kalennerrechnung
Lunatiounen – resp. hier Moyenne, de Synodesche Mount – op der Grondlag vu gläichen Äerdmoundphase maachen d´Grondbausteng vun den éischte Kalenneren, déi Lunar- oder Moundkalenner waren, a spéider deelweis zu Lunisolarkalenner weider entwéckelt goufen. Dës Kalennere sinn och haut nach a villen Deeler vun der Welt am Gebrauch, a beispillsweis de jiddesche Kalenner, den islamesche Kalenner an den traditionelle chinesesche Kalenner bezeechnen weiderhin e Phasenduerchlaf vum Äerdmound als Mount. An der Zäit vun engem Sonnejoer leie vill Moundméint, sou datt ee bei der Aféierung vun engem Solar- oder Sonnekalenner d´Längt vun de Méint entspriechend upasse huet missen. Esou eng Bannung vun der Joereslängt un d´Dauer vun engem Äerdëmlaf ronderem d´Sonn an déi domat verbonnene Trennung vun de Méint vum Moundlaf goufen fir d´éischt am alen Egypten am Joer 238 v. Chr. agefouert. De Julius Caesar huet dëse Kalenner am Joer 46 v. Chr. och fir d´réimesch Republik iwwerholl.
Niewent dësem julianesche Kalenner an dem gregorianesche Kalenner, deen en ofgeléist huet an haut fir déi meeschte Mënschen alldeeglech ass, sinn och nach e puer aner Sonnekalenneren am Gebrauch, bei deenen ee (Kalenner-)Mount als e bestëmmten Deel vum Sonnejoer mat enger festgeluechten Zuel vun Deeg definéiert gëtt, beispillsweis de griichesch-orthodoxe Kalenner, de koptesche Kalenner, den zoroastresche Kalenner, den iranesche Kalenner, de Malayalam-Kalenner an och verschidden südasiatesch Kalenner.
[änneren] Astronomesch Definitiounen
De Mount als Period vum Äerdmound op sengem Ëmlaf ëm d´Äerd.
- Lunatioun
- D´Zäitspan vun engem Neimound zu dem nächsten Neimound. D´Lunatioun ass deen eegentlechen Ulass fir de Mountsbegrëff.
Si schwankt duerch déi komplizéiert Moundbewegung tëschent 29 d 6½h an 29d 20h.
Déi heiten astronomesch Méint beschreiwen Mëttel Werter, déi dofir op eng Standardepoch (am Moment J2000.0) bezu sinn:
- Synodesche Mount: D´Zäit vum Zeréckkommen op déi gläich Elongatioun vum Mound zu der Sonn, d´Moyenne vun de Lunatiounen.
Dauer 2000.0: 29,53 Deeg = 29d 12h 44m 3sec - Sideresche Mount: D´Zäit fir een Ëmlaf vum Mound ëm d´Äerd a Bezuch op eng fest Richtung am Raum, dat ass also eng vollstänneg Ëmkreesung relativ zu engem Stär.
Dauer 2000.0: 27,322 Deeg = 27d 7h 43m 12sec - Tropesche Mount: D´Zäit fir een Ëmlaf bezunn op de Fréijoerspunkt. Domat bezitt hie sech och op den Equator an ass den Zyklus vun der Deklinatioun vum Mound.
Dauer: Duerch d´Präezessiounsdrift vum Fréijoerspunkt ass hie ongeféier 7 s méi kuerz wéi de Sideresch Mount. - Drakonitesche Mount: D´Period vun zwéi Duerchgäng duerch deselwechten Moundknuet. Hie steet am Zesummenhang mat dem Zyklus vun de Sonnen- an Mounddäischterten (Sarosperiod).
Dauer 2000.0: 27,21 Deeg = 27d 5h 6m - Anomalistesche Mount: D´Zäit tëschent zwee Perigäumsduerchgäng noenee vum Mound, also vun engem äerdnächste Punkt zum nächsten. Den Anomalistesche Mount beschreift déi eigentlech Bunnperiod vum Mound.
Dauer 2000.0: 27,555 Deeg = 27d 13h 19m
An der Astronomie gëtt allgemeng d´Zäitspan tëschent zwou Widerhuelungen vun engem Ereegness, dat mat dem Ëmlaf vun engem beliebegen Mound ëm säi Planéit zesummenhänkt, also all vollstännegen Ëmlaf, als Mount bezeechent.
[änneren] Nimm vun den 12 Méint
| Lëtzebuergesch | anere lëtz. Numm | Ofkierzung | Däitsch | Franséisch | Englesch |
|---|---|---|---|---|---|
| Januar | Haartmount | Jan | Januar | janvier | January |
| Februar | Spiirkel | Feb | Februar | février | February |
| Mäerz | Lenz | Mäe | März | mars | March |
| Abrëll | Fréilénk | Abr | April | avril | April |
| Mee | Bléiemount | Mee | Mai | mai | May |
| Juni | Broochmount | Jun | Juni | juin | June |
| Juli | Heemount | Jul | Juli | juillet | July |
| August | Kaarschnatz | Aug | August | août | August |
| September | Hierschtmount | Sep | September | septembre | September |
| Oktober | Wäimount | Okt | Oktober | octobre | Oktober |
| November | Wantermount | Nov | November | novemvre | November |
| Dezember | Chrëschtmount | Dez | Dezember | décembre | December |
[änneren] Quellen
- http://wiki-de.genealogy.net/wiki/Kategorie:Kalender
- Irmscher, Johannes & Johne, Renate [Hrsg.]: "Lexikon der Antike" VEB Verlag Enzyklopädie Leipzig, 1977.
[änneren] Kuckt och
- Kalennerdatum
- Kalenner (Gregorianesche Kalenner)
- Zäitrechnung (Chronologie)