Joer

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Stub W.svg Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Joer (lat. annus) ass eng Zäiteenheet.

Jee no Definitioun ass e Joer vun ënnerschiddlecher Dauer:

  • Aus Siicht vum physikalesche Miesswiese stellt e Joer e gewësst Villfacht vun der SI-Basiseenheet Sekonn duer.
  • Am Kalenner ginn d'Jore fir d'Zäitandeelung gebraucht. An eisem Kalenner dauert e normaalt Joer 365 Deeg (366 Deeg bei engem Schaltjoer).
    • Am Alldag versti mir ënner dem Begrëff „Joer“ dat normaalt Joer oder awer déi Zäit vun Neijoer bis Silvester.
  • Phenomenologesch Jore representéieren den Zyklus vu véier Joreszäiten. Si orientéiere sech meeschtens u bestëmmten Naturereegnesser am Oflaf vum Joer.
  • E Joer ass am astronomesche Sënn eng Zäitspan vun engem vollstännegen Ëmlaf vun engem Himmelsobjet. Am engste Sënn ass mat „Joer“ nëmmen d'Äerdjoer gemengt: Et dauert jee no Definitioun 365¼ Deeg.

De Begrëff „Joer“ ass d'Bezeechnung fir eng Zäitmooss, souwuel wéi fir eng Zäitspan an och vun Zäitpunkten am Kalennersystem:

Beispillsweis gouf de Physiker Albert Einstein am Joer 1879 (Zäitpunkt) gebuer a 1955 gestuerwen am Alter vun 76 Joer (Zäitspan).