Neimound

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
1 = Neimound
Moundphasen

De Begrëff Neimound (lat. Interlunium) bezeechent d'Moundphase, an där sech den Äerdmound a sengem Phasenzyklus (Lunatioun) schäinbar „erneiert“. Hien ass fir ongeféier 35 Stonnen vun der Äerd aus mat bloussem A net ze gesinn.

Bei Neimound steet de Äerdmoun tëschent der Äerd an der Sonn (Konjunktioun). Um Nuetshimmel kann een prinzipiell vun der Äerd aus kee Neimound gesinn, well hie sech do ëmmer ënnert dem Horizont ass. Och op der Dagessäit ass hie fir dat blousst A netz e gesinn, well déi gro Schietsäit am Dag vum Streeliicht vun der Sonn an der Äerdatmosphär iwwerstralt gëtt.

D'Moundséchel selwer ass an de Stonnen ëm Neimound extrem schmuel a liichtschwaach an dofir nëmmen mat groussem Opwand ze fotograféieren oder mat Teleskopen z'observéieren. D'Pbservatioun vun der dënner Moundséchel ass averschidden islamesche Länner wéi z. B. dem Iran eng Aart Vollekssport.

Zesummenhank mat Sonnendäischtert: A seltene Fäll, an deenen de Mound zu der Konjunktioun genee de Verbindungskorridor tëschent Sonn an Äerd passéiert, kënnt et zu engem klenege Korridor op der Äerduewerfläch zu enger Sonnendäischtert. D'Sonnendäischtert ass also e Spezialfall vu Neimound am Dag.

Déi wëssenschaftlech Definitioun vun Neimound ass: Neimound ass den Zäitpunkt, zu deem déi schäinbar ekliptikal geozentresch Längt vum Mound an déi schäinbar geozentresch ekliptikal Längt vun der Sonn gläich sinn.

"Schäinbar" heescht: ënner Récksécht vun Aberratioun an Nutatioun. D'Nutatioun kann am virleiende Fall vernoléissegt ginn, well si béid Positiounen op identesch Weis beaflosst.
"Geozentresch" heescht: vun engem hypotheteschen Observateur am Äerdmëttelpunkt aus gesinn. D'Definitioun ass domat onofhängeg vun enger realer Observatiounsplaz; Neimound ass doduerch weltwäit zum selwechten Zäitpunkt (deen awer a verschiddenen Zäitzone verschiddenen Uertszäiten entsprécht).
1 an 4 weisen de Spezialfall vun enger Mounddäischtert bei Vollmound. 2 an 3 weisen de Spezialfall vun enger Sonnendäischtert bei Neimound

Ofgrenzung vu Vollmound a Mounddäischtert: Beim Géigendeel vu Neimound - Vollmound - steet de Mound vun der Äerd aus gesinn an Oppositioun zur der Sonn, hien ass dann nëmmen vun Owes bis Moies ze gesinn. Sträift de Mound dobäi am exakte Fall den Äerdschiet, kënnt et zu enger Mounddäischtert. Eng Mounddäischtert ass also nëmmen beim Géigendeel vu Neimound - bei Vollmound - méiglech. Domat ass d'Mounddäischtert e Spezialfall vum Vollmound.

Well bei Neimound an och bei Vollmound Sonn a Mound mat der Äerd op enger Achs leien, féieren d'Kraaften vun hire vereente Gezäiten zu Spréngfluten op eiser Äerd..

D'Zäit an Deeg, déi zënter dem leschten Neimound vergaangen ass, gëtt als Moundalter bezeechent.

De Moundalter vum leschte Wantermound (am Julianesche Kalenner) resp. der Lunatioun, deen op den 1. Januar, am Gregorianesche Kalenner fält, ass d'Epakt. Si déngt der Berechnung vum Ouschterdatum.

Vum Neimound ze ënnerscheeden ass den Ufank vun der neier Moundséchel, d'Neiliicht (Jiddesche Kalenner, Islamesche Kalenner).

Kuckt och [änneren]

Commons: Lunar phases – Biller, Videoen oder Audiodateien