Vollmound
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
(Well d'Sonneliicht senkrecht op d'Moundsurface fält, si bei Vollmound kaum Krateren ze gesinn)
Vollmound ass eng vun de Moundphasen, an deen Zäitpunkt, wou d´Sonn an den Äerdmound an Oppositioun zoueneen stinn. Also vun der Äerd aus gesinn an entgéintgesate Richtungen. De Mound befënnt sech dobäi meeschtens e bësschen iwwer oder ënnert der Äerdëmlafbunn (Ekliptik). Läit hiem zu dësem Zäitpunkt genee an der Héicht vun der Ekliptik, hu mer et mat enger Mounddäischtert ze dinn.
Déi genee Definitioun heescht:
- Vollmound ass deen Zäitpunkt, zu deem déi schäinbar ekliptikal geozentresch Längt vum Mound ëm 180° méi grouss ass wéi déi schäinbar geozentresch ekliptikal Längt vun der Sonn.
Schäinbar heescht: ënner Bezuch vun Aberratioun an Nutatioun. D´Nutatioun kann an dësem Fall vernoléissegt ginn, well si béid Positiounen op identesch Art beaflosst.
Geozentresch heescht: vun engem hypotheteschen Observateur am Äerdmëttelpunkt aus gesinn. D´Definitioun ass also onofhängeg vun der Standplaz vun engem realen Observateur; Vollmound trëtt dobäi weltwäit zu dem selwechten Zäitpunkt op (deen awer an verschiddene Zäitzonen verschidden Auerzäiten entsprécht).
Bei Vollmound erreecht de Mound seng maximal Hellegkeet an huet eng visuell Magnitude vun ongeféier -12,5 bis -13 mag. D´Hellegkeet vum Vollmound schwankt opgrond vun den ellipteschen Ëmlafbunnen vun Äerd a Mound. Ass d´Äerd der Sonn besonnesch no (Perihel) an zougläich de Mound a sengem äerdnotste Punkt (Perigäum), dann ass de Vollmound ronn 22 Prozent méi hell wéi am ëmgekéierte Fall, wa béid Distanzen maximal sinn. Am September 2006 stong de Vollmound ganz no um Perigäum, esou Konstellatioune kommen nëmmen ronn all néng Joer vir.
De Contraire vum Vollmound ass de Neimound, wann de Mound tëschent Sonn an Äerd steet. An dësem Fall kann et zu enger Sonnendäischtert kommen.
[änneren] Wat de Vollmound ausléist
De Vollmond ass mat verantwortlech fir:
- verstärkt Gezäiten
- Äerdbiewen gi verstäerkt duerch d´Moundunzéiungskraaft. Fuerschungen lafen an dës Richtung.
- negativen Afloss bei eenzelnen Déieren a bei
- verschiddene Mënschen (Nuetswandelen an Agressivitéit).